Archive for the 'Kabaret' Category

De Bichergeck

Wednesday, May 31st, 2017

Vill Aarbecht huet sech d’Madame Jessica Mersch op hierem Blog “De Bichergeck” gemaach. Hei den Interview, dien si mat mir gemaach huet. Dono fand Dir och d’Linken zu de Rezensiounen vun dienen eenzelne Bicher.

Här Meyer, Merci dass Dir Iech Zäit huelt, fir mir op meng Froen ze äntweren, et sinn der e puer méi ginn, wéi geduecht!

Dat ass ganz gär geschitt, a Merci soen ech.

1) Wéi sitt Dir zur Schreiwerei komm? Gëtt et do eng Geschicht dozou?

Iwwert de Kannertheater sinn ech dozou komm. Ech hun, no e bëssen Ausprobéiere mat friemen Texter, ugefaangen, selwer Theaterstécker fir d’Kanner ze schreiwen. Dono koumen déi éischt „Kannertheater-Romaner“ „Eng Foto vum (Klëppel)Krich“, „Dem Kinnek säi Gaart“ an „Iwwer der Leeder“ eraus, an dunn hat ech geléiert ze goen, an ech hun e ganze Koup Kannerbicher geschriwwen. Eréischt vill méi spéit hun ech ugefaangen, Bicher fir Erwuessener ze schreiwen, an ech gesi mech eigentlech ëmmer nach als Kannerbuchauteur. Natierlich hun ech nieft de Bicher stänneg och fir de Kabaret geschriwwen.

2) Wéi waren d’Reaktiounen op Är Bicher Zikelalarm 1 an 2? Zumools am Enseignantberäich?

Ech hat nach ni esou vill Feedback kritt, wéi bei dëse kabarettistesche Liesungen, déi op Wonsch vu ganz ville Leit, net nëmmen Enseignanten, nodréiglech och als Bicher publizéiert goufen. An dat erklären ech mir dohir, datt se dat a Wierder faassen, wat vill Leit geduecht hunn.

3) Am Zikelalarm 1 ass riets vum ‘décken dommen dudu’, vun Iech gëtt et och ee Buch wat esou heescht.
Ass dat dee selweschten?

Jo.

Ass e fiktiv?

Jo.

A firwat kënnt en am Zikelalarm vir?

Well ech esou frou mat em sinn a mech esou gutt mat him identifizéiere kann. ;-)

4) Dir schreift Satir, Kannerbicher a Bicher fir Erwuessener… Wat maacht Dir am léifsten?

D’Liewe weist, datt grad déi eeschtgemengste Saachen sech dacks als (Real-)Satir erausstellen. En plus sinn ech kee Mënsch fir d’Tiräng. Ech verbanne gär villes mateneen fir ze erkennen, wéi d’Saachen zesummenhängen: ech schreiwen elo grad op mengem fonkelneien Tablett, dien ass esou glat wéi d’Haut vun de Männer no der Ganzkierperrasur, an déi ass esou glat ,wéi d’Ambientmusek, déi aus der Bar eriwwerflitt, an déi ass esou glat wéi d’Aussoen an d’Handele vu ville Politiker, diene mir déi aktuell Situatioun ze verdanken hun… Ech maache Musek, ech maache Kabaret, ech maache Kannertheater, ech maachen Texter an ech maache mäi Privatliewen; wéi a wou soll een do Grenzen zéien an Tiräng araumen?

5) Mango Panda ass ee Jugendbuch, a gëtt aus der Siichtweis vum Linda (zwielef Joer) erzielt.
Ech fannen, Dir hutt Iech wierklech gutt an hatt eraversat, d’Sprooch, d’Gefiller, etc, …
Wei hutt Dir dat gemaach?
Do war joerelaang Schoulerfahrung wahrscheinlech vun Virdeel?

Eraversetze geet net. Et fonktionéiert nëmmen, wann d’Linda och een Deel vu mir ass. Esou Texter liewen vun der Empathie an der Léift zu de d’Protagonisten.

6) Den décken dommen Dudu ass ee Kannerbuch fir Erwuessener …
Firwat?

Well nëmmen erwuesse Leit den Text kënne verstoen. Dobei huet „erwuessen“ näischt man Alter ze dinn. Vill Leit si scho mat zing Joer erwuessen, anerer sinn et och mat fofzeg nach net. Esou Bicher wéi „Den décken dommen Dudu“ oder och „Mango Panda“ setzen eng gewëss Ofgekläertheet, Geloossenheet an Distanz beim Lieser viraus, déi esougenannte „groussjäreg“ Leit nach laang net ëmmer hun, dacks iewer Kanner a Jugendlecher.

7) Wéi laang hutt Dir fir d’Romaner Roughmix a Muedebëtzeg gebraucht?
Waren do méi Recherchen néideg?

Zwëschen engem gudde Kanner-, Jugend- oder Erwuessenebuch gëtt et keng Ënnerscheeder, wann een et seriö ugeet. A wann een eppes recherchéiere muss, dann ass dat fir all Zort vu Buch grad esou wichteg a laangwiereg. Schreiwen ass haart Aarbecht an huet vill mat Disziplin an näischt mat Romantik ze dinn.

8) Wat liest Dir privat am léifsten?

Ech loosse mech do ganz gär vu gudder Literaturkritik leeden, fir den Iwwerbléck net ze verléieren. Ech wëll mech do iewer weder op Auteuren, nach op Genren oder Spooche festleeën. Eng liicht Präferenz spieren ech ëmmer nees fir modern englesch an amerikanesch Literatur.

Hutt Dir ee Liiblingsbuch, ee Liiblingszitat?

Vill esou Bicher an een Zitat:
Das Fräulein stand am Meere / und seufzte lang und bang
Es rührte sie so sehre / der Sonnenuntergang
Mein Fräulein sein sie munter / das ist ein altes Stück
Hier vorne geht sie unter / und kehrt von hinten zurück
Heinrich Heine

9) Wien ass Är allerléifste Romanfigur?

De Felix Bellibimbam

10) Wat hutt Dir léiwer?
Ebook oder Pabeierdrock?

Dat ass mir egal. Just wann ech am Buch wëll schaffen, da braucht ech den Text um Pobeier.

11) Wéi géift Dir de Schoulsystem an dräi Wierder beschreiwen?
Mengt Dir, mir kréien dat nees riicht gebéit?

Onzäitgeméis, onflexibel, oncool!
Riicht ass op dëser Welt nach ni eppes gewiescht, just d’Kughel aus der Flënt. Et geet also dorëms, datt de Schoulsystem net méi no hanne kuckt, mee noch vir. An do sinn ech mëtteloptimistesch, et gëtt eng Rei gutt Usätz, mee déi konservativ Arthros verhënnert nach villes.

12) Wéi géift Dir Iech an dräi Wierder beschreiwen?

Quadratesch, praktesch, gutt!

13) Dir maacht och Musek … Inspiréiert d’Musek zum Schreiwen, oder ass et ëmgedréit?

Musik inspiréiert zu alles!
Et ass de Ritmus, dien eist Liewe bestëmmt, et sinn d’Harmonien, déi eis zesummeschaffe loossen an et sinn d’Melodien, déi eis Gefiller ausmaachen.

14) Wéi huet sech Ärt Liewen no deenen éischten Veröffentlechungen a Präiser verännert?

Guer net.

15) Verschenkt Dir och Bicher? Wa jo, wéieng?

Ech versichen dem Beschenkten e bësse vu menger Begeeschterung fir ee Buch matzeginn, esou wéi Dir et mat Ärer Arbecht hei och maacht. An der Lescht hunn ech vill Kate Tempest, als Musek an als Text, verschenkt.

16) Wéieen Tipp kënnt Dir jonke Schoulmeeschteren nach mat op de Wee ginn?

All Kand respektéieren, vu senge Stärkten ausgoen, sech fir säi kulturellen, sozialen a sproochlechen Hannergrond interesséieren, sech decidéiert op seng Säit stellen. Et geet net em Programmer a Wochepläng a Kompetenzen a Bilanen … a Léierpersounen, mee dat alles ass wéinst dem Kand do.

17) A wéieen Tipp kënnt Dir jonke Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Ganz vill liesen, ganz vill schreiwen, ganz vill liewen.

An hei d’Linken:

Roughmix

Zikelalarm I

Zikelalarm II

Mango Panda

Muedebëtzeg

Den décken dommen Dudu

Merci Mme Mersch

Food-Leaks, dien neie Soloprogramm

Sunday, May 21st, 2017

Vum Dezember u geet die neie Soloprogramm op Tour: Food-Leaks.

Wann Dir een Owend wëllt buchen, da meld Iech elo bei mir.

An heirëms geet et:

Food Leaks - Eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer
“Du bass wat s du ëss!”, sot emol ee méi oder manner gescheite Mann an esou stellt sech dann och direkt folgend Fro: Ernäert sech ee Populist anescht wéi een Nationalist, ee Sozialist, ee Kommunist oder soss een Artist?
Kachkéis, Quetschentaart a Bouneschlupp fir déi Konservativ a Sushi, Tofu a Smoothy fir déi Progressiv? Wann ëmmer alles esou einfach wir!
A wou gëtt hei am Ländchen iwwerhaapt d’Politik gemaach? Mat Sécherheet net um Krautmaart. Hei bei eis gouf, gëtt a wäert déi och ëmmer um Dësch, am Restaurant, am Bistro, op Grill-, Dëppen- an a leschter Zäit och ëmmer méi dacks op Oktoberfester gemaach ginn. Well do seet de Lëtzebuerger, wat en denkt.
Fir Iessen an Drénken ass deemno beschtens gesuergt!
Nom groussen Erfolleg vu sengen “Zikelalarm-Programmer” hëlt de Roland Meyer an enger neier kabarettistescher Liesung de Mond gehéierlech voll an zervéiert Iech e spektakuläre Menu: Fastfood, guttbiergerlech Kichen an Haute Cuisine aus engem Land, an diem Ausdréck wéi “gutt a vill” grad esou wéi “Fräibéier” nach ëmmer ee ganz besonnesche Klang hunn.

Vun engem dien ausgezunn ass, e Buch ze schreiwen…

Friday, May 5th, 2017

… an dat zu Lëtzebuerg!

Cervantes - do fills de dech wéi den Don Quichotte… die géint Wandmillen untrëtt ;-)

“Ännert sech dann elo eppes!”, ginn ech da gefrot.

Elo schreiwen ech schonns iwwer 30 Joer laang Kabaret, a wann dat ging eppes bewierken, da ginge mir an enger besserer Welt liewen. Deemno kee Grond sech opzereegen.

Hei déi ganz kabarettistesch Liesung iwwert de Lëtzebuerger Literaturbetrib op 100,7.

“Stau!” - de Sténkdéier-Programm 2017

Friday, March 31st, 2017

Mir sinn et mëttlerweil gewinnt: kilometerlaang Schlaangen, Stoussstaang géint Stoussstaang, Auto widdert Auto, Camion widdert Camion, an dat all Mueren, all Owend, all Dag, all Woch, all Mount, Joer fir Joer…

Stau! Rien ne va plus! Stëllstand! - An dat an engem Land, dat sech Innovatioun op de Fändel geschriwwen huet.

Wat geet do Zäit drop! Liewenszäit! Do staut sech vill Roserei an Onzefriddenheet op eise verstoppte Stroossen.

An an der Politik stauen sech d’Dossieren. Well wann eis Damen an Hären vum Krautmaart an de Wahlkampf zéien, da bleift esou munches leien an an der Chamber gëtt net méi vill geschafft. Elo brécht nees d’Zäit vun den Dëppefester a Generalversammlungen un, vun den eidele Verspriechen, de vollen Drëppeglieser an den einfache Léisungen. Et gëtt sech ënner d’Vollek gemëscht, Populismus hin oder hier.

Mir rëselen de Kapp… a stinn och weider bei guddem Wieder am Stau fir op de Stau, a bei schlechtem Wieder am Stau virun de Radaren an dem Schantge vum Tram.

Cube 521 zu Maarnech / Kulturhaus zu Miersch / Kulturzenter beim Nëssert zu Biergem

Texter: Alain Adams a Roland Meyer

Da kënnt dir iech riichten… am nei Joer… schonn nees a mat gudde Virsäz… a

Wednesday, December 28th, 2016

… mat enger Tréin am A: den “Zikelalarm” als Liesung, op d’mannst emol, ass, virleefeg, begruewen. RIP: wuel net, mee dat spillt keng Roll am Moment, am Moment, am Moment.

“Words in Progress”, de 17.1. zu Esch an der Kufa: een neien Text, een neien Ufank.
Lëtzebuerger Literaturen, de 7.2., och zu Esch, och an der Kufa, zwee Deeg viru mengem Gebuertsdag, nach ee neien Text, an och - dach, jo - een neien Ufank, mee een aneren.

Geet et der Kultur wéi dem Futtball: Qualitéit gëtt et just nach am Minett?
http://kulturfabrik.lu/fr/home/ 

Tonight showtime: 12.12. um 20.00 Auer - Dien allerleschten Zikelalarm zu Déifferdeng am “Ale Stadhaus”

Monday, December 12th, 2016

“Regelméisseg, all dräi Joer ass et esou wäit: de Lëtzebuerger Schoulsystem gëtt vun de PISA-Tester an d’Pan geklaakt.

Datt een dat alles iewer och ka vun engem ganz anere Point de vue aus kucken, weist de Roland Meyer a sengem “Zikelalarm”:

Zikelalarm II - En Dag am Liewe vun engem Enseignant - eng kabarettistesch Liesung

Bildungsreform: Kompetenzsockelen, Zikelen, PDS, Smily-Evaluatioun, Portefolio-Orientatioun, Charta-Hysterie a Ballermann-Pedagogik…

Edukatioun ass ee ganzt schwéiert Geschäft an Humouer ass, wann een trotzdeem laacht!

Nach eng allerallerallerleschte Kéier leet den Auteur, Musiker, Kabarettist, Servais-Präis-Gewënner  a … Schoulmeeschter no: den Zikelalarm II hëlt déi pädagogesch Situatioun am Ländchen op de Leescht a liicht bis déif an déi däischterst Lächer an de Klassesäll, de Maison relaisen an de Ministèren: ee ganzt Land weess net méi, wéi et seng Kanner erzéie soll an dobei kann de Roland Meyer net roueg nokucken. Hien zéckt net fir de Fanger ze weisen an de Mond opzedoen.

An enger kabarettistescher Liesung an den Zentrum vu Kannerbetreiung, Hausaufgabenhëllef, Burnout an Erzéiungsfrust hëlt de Roland Meyer  kompromis-, respekt- a matleedslos dien aktuelle Stand hei zu Lëtzebuerg op de Leescht… a begleed den Enseignant duerch een Dag an diem sengem Liewen.

E Méindeg den 12.12. um 20.00 Auer am “Ale Stadhaus” zu Déifferdeng. Den Entrée ass fräi!”

Weider Informatiounen gëtt et hei.

Dien Allerallerallerleschten

Thursday, December 8th, 2016

Et deet scho bal e bësse wéi. Ech hat mech esou dru gewinnt. Et war zu engem wichtegen Deel vun diem ginn, wat ech esou maachen, wat mir wichteg ass.

An elo ass et eriwwer… also bal.

E Méindeg den Owend ass dien allerallerallerleschten “Zikelalarm”. Zu Déifferdeng am “Ale Stadhaus”, den 12.12. um 20.00 Auer, mat “Just Friends” als musikalesch Begleedung, mat Yuppi an Trallala, Halligalli an enger Tréin am A.

An et soll elo och duergoen, och wann nach esou villes ze soe wir an all Dag “neie pädagogesche Sprengstoff” fräigesat gëtt.

E Méindeg ass also leschten Termin fir all déi, déi nach net dobäi waren, e RV, dien net ze verpassen ass.

Informatioune gëtt et hei.

Zikelalarm I gëtt et hei.

Zikelalarm II hei.

Hasta la vista!

Ee bal vergiessenen Interview

Friday, December 2nd, 2016

Den JJ, de Jérôme Janimet, dierft eis mëttlerweil all bekannt sinn als Book Looker op Eldoradio an an den onendleche Welte vum digitalen Universum. Dacks kontestéiert, fannen ech seng Aart a Weis iewer erfrëschend, lieweg, naïv an dowéinst gutt a wënschen him e laangen Otem an déi néideg Déckhaut, fir bäizehalen.

Hie war am Summer bei mech op Consthum komm, fir mech ze interviewen, an dobei sinn dës zwee Youtube-Klippen erauskomm, déi ech elo just zréckentdeckt hunn an déi ech ganz lëschteg fannen:

1. Klipp: et geet em de Kabaret an em meng Aart a Weis fir ze schaffen

2. Klipp: meng Summerléift Kate Tempest an d’Feststellung, datt ech zu menger Schan ëmmer nach net wees, firwat ech verschidde Saachen a mengem Liewe maachen.

Liesung a Kabaret haut (26.11.) zu Woltz an zu Miersch

Saturday, November 26th, 2016

De Mëtteg zu Woltz am Prabelli, um 14.30 Auer Liesung aus Zikelalarm, Roughmix a Muedebëtzeg um Fest vun déi Lénk-Norden. Do freeën ech mech drop!
Den Owend dann um 20.00 Auer déi lescht Virstellung vu “Schmeier!” zu Miersch am Kulturhaus. Dono plënnere mir op Biergem.

Do ass esou villes, wat doriwwer erausgeet

Friday, November 25th, 2016

Lues a lues geet d’Kabarets-Saison fir dëst Joer op en Enn. Elo nach déi nächst Woch zu Biergem an da war et dat nees. Et kënnt mir vir, wéi wa mer eréischt ugefaangen hätten, mat Prouwen, mat Schreiwen, mat Probéieren. Den Drock gëtt doduerch méi kleng, an dat ass gutt. Mee d’Méiglechkeeten och, an dat ass schued.
Et huet eppes gefeelt dëst Joer, esou vill ass kloer. Mee op dier anerer Säit hu mir gesinn, datt de Kabaret Sténkdéier och ouni de Berti Bertemes méiglech ass a fonktionéiert. An dat kann een a leschter Instanz nëmme soen, wann een et probéiert huet. Fräiwëlleg hätte mir dat ni gemaach, dofir wiere mir ze feig gewiescht. Natierlech hätte mir all gär gehat, wann hien dobei gewiescht wir, mee, ech mengen, et war richteg esou. A mir hu gesinn, datt et geet.

Ob de Kabaret, esou wéi wéi mir e maachen, nach ëmmer sënnvoll, richteg an éierlech ass, kann ech net soen.

De Passage zwësche Populismus op dier enger Säit a Political Correctness op dier anerer war nach nie esou enk, an d’Ustoussen op dien enger oder anerer Säit ass bal net ze verhënneren.

Kompressiounen entstinn a se hunn am kreative Prozess näischt verluer!

Wann dat sech esou weider entwéckelt, dat nächst Joer, muss ech de Kabaret an dier Form wéi en elo besteet opginn. Et geet net duer, datt et de Leit gefällt! Den Usproch ass ëmmer nach een aneren, och wann een d’Gefill huet, sech scho mat der Zoustëmmung vun de Leit zefridde kënnen ze sinn.

Mee do ass esou villes, wat doriwwer erausgeet.