“Am Land wou de Peffer wiisst” vum Tel Mo
Dem Tel Mo seng éischt eege Geschicht
Mat Hëllef vum Pit an dem Selina … a vum Rafael
1 - Mol mer der Däiwel un d’Mauer
Et gëtt näischt méi Schlëmmes wéi een Däiwel!
D’Däiwele wëllen net follegen. Si stiichten der an engem Stéck. Si schmieren hir Kollegen un. An der Piscine zappe se déi aner Däiwelen, bis se bal keng Loft méi kréien.
Richteg Däiwele mussen all Dag op d’mannst eng Kéier zolitt fluchen an eng Kéier iwwer Dësch repsen. Wann een Däiwel beim Iessen net knätscht a schluppt, kritt en näischt méi mat. E gudden Däiwel soll och net zécken an a Gesellschafft zerguttst fuerzen!
Esou Däiwele verféieren déi brav Kanner, fir datt se an der Prüfung ofschreiwen. A wann déi dann eng Strof kréien, da freeën sech d’Däiwelen immens. Vun elauter Freed stoussen se sech dann an d’Säit bis se den Hick kréien. Oder se stiechen de Schwanz vun dienen aneren Däiwelen a Brand.
Ëmmer si se am gaangen eng ze stëpsen. Wou se nëmme kënnen, maachen se alles zum Onwee.
Et gëtt näischt méi Schlëmmes wéi een Däiwel!
Dat hat ech bis gëschter och gemengt. Mee elo weess ech et besser!
2 - Den Diabolo Fuego Luzifero de l’Inferno
Den Diabolo Fuego Luzifero de l’Inferno war e klengen Däiwelchen vu knapps 666 Joer. Dat ass fir een Däiwel nach immens jonk. Ausserdeem war hien och zimlech kleng. Dofir wollten déi aner Däiwelen hien och net mat diem grousse, laange Numm “Diabolo Fuego Luzifero de l’Inferno” urieden. Si hunn hien einfach Diago genannt. An dat huet dee klengen Däiwelchen immens rose gemaach.
Hie war schliisslech aus enger aler Däiwelsfamill, déi den Herrgott nach perséinlech kannt hat. Mee d’Leit an der Hell sote just, datt esou ee klenge Minizwerg kee groussen Numm bräicht. A si hunn hien och weider “Diago” genannt.
Dem Diago séng Famill war bei den Däiwelen aus der Hell net beléift. Si hu sech un iwwerhaapt keng Regele gehal. Een Däiwel soll béis, hannerhälteg a verschloe sinn. Mee d’Famill “de l’Inferno” huet sech näischt doraus gemaach a war gutt, éierlech an trei! Dat war fir vill Däiwelen dies Gudden ze vill. Dofir koumen si dacks virun d’Däiwelsgeriicht. Mee den Däiwelspapp huet se ëmmer gutt verdeedegt. Hie sot, datt een Däiwel, die richteg béis, hannerhälteg a verschoe wëllt sinn, sech natiirlech net un d’Regelen dierft halen, wëll da wir e jo net béis, hannerhälteg a verschloen.
Dat war logesch! Den Däiwelsriichter huet se misse fräispriechen. Hien huet just gesot, wa si nach weider gingen esou géint d’Regelen aus der Hell verstoussen, da gingen si an d’Land wou de Peffer wiisst geschéckt ginn. Dorops huet d’ganz Famill de Riichter zolitt ausgelaacht a säi Schwanz a Brand gestach. Du war nees alles an der Rei.
Et gëtt also nach eppes méi Schlëmmes wéi ee béisen, hannerhältegen a verschloenen Däiwel. An dat ass e gudden, éierlechen an treien Däiwel. An esou schrecklech Däiwele waren den Diago a séng Famill.
3 - Op der Rees fir an d’Land wou de Peffer wiisst
“So Papp”, sot dun den Diago zu séngem Däiwelspapp, “wat ass dat, d’Land wou de Peffer wiisst?” Den Däiwelspapp huet séier zwee Knupperten an d’Däiwelszopp gehäit a geäntwert: “Dat ass wäit eweg vun hei! Do ass et net schéin!” Dun ass en heemlech de Feierkessel vun der Zentralhell ausschalte gaangen, fir dem Kesselsdäiwel eng ze spillen.
“So Mamm”, huet dorops den Diago sech u séng Däiwelsmamm geriicht, “wat ass dat, d’Land wou de Peffer wiisst?” D’Däiwelsmamm huet séier der Däiwelsbomi hir Strécknolen an den Dreckseemer gehäit a sot: “Do wunnen d’Mënschen, do ass et net schéin!” Dun ass se heemlech an d’Däiwelskichen den Ieselsspaut an de Moukesaaft ausschëdde gaangen, fir dem Däiwelskach eng ze spillen.
“So Bomi”, sot den Diago zu sénger Däiwelsbomi, “wat ass dat, d’Land wou de Peffer wiisst?” D’Däiwelsbomi huet séier dem Däiwelsbopi e bësse Schéisspolver ënnert säi Päifentubak gemëscht a geäntwert: “Do ass et net schéin, wëll d’Mënschen hunn nach méi Regele wéi d’Däiwelen!” Dun huet se heemlech dem Däiwelspolizist d’Loft aus séngem Feierstull gelooss, fir dem Däiwelspolizist eng ze spillen.
“So Bopi”, sot dorops den Diago zu séngem Däiwelsbopi, “wat ass dat, d’Land wou de Peffer wiisst?” Den Däiwelsbopi, dien dem Diago ëmmer bei der Hausaufgab hëlleft, huet séier all d’Feeler an dem Diago séngem Aufsatz verbessert a gegrommelt: “O mei! Do ass et net schéin. D’Mënsche probéieren ëmmer gutt, éierlech an trei ze sinn, dat ass langweileg!” Dun huet hien heemlech dem Däiwelspapp säin Houschtsirop an d’Toilette geschott, fir dem Däiwelspapp eng ze spillen.
Owes sot den Diago, datt hien eng déck Strof kritt hätt, wëll a séngem Aufsatz net een eenzege Feeler gestanen hätt. Den Däiwelsschoulmeeschter hätt gesot, dat dierft ni méi virkommen, esou eppes ging sech fir een zerguttsten Däiwel net passen. Den Däiwelsbopi huet dorops esou misse laachen, datt hien hannerécks mat der Fotell an d’Ch’minée getippt ass. Dobäi ass séng Paréck bal ganz verbrannt.
Den Diago huet iewer och nach bemierkt, datt si, déi schlëmmsten Däiwelen aus der Hell, grad esou schlëmm wéi d’Mënschen aus dem Land wou de Peffer wiisst wiren, wëll si alleguer wéilte gutt an éierlech an trei sinn.
Dat war logesch! Séier huet een deen aneren zolitt ausgelaacht an em de Schwanz a Brand gestach. Dorops hu si de Charly-Davidoff, hire Feierstull, aus dem Stall gejot. De Papp huet em dräi an eng hallef Staangen Dynamit ze friesse ginn. Wéi se all um Charly-Davidoff soutzen, huet den Diago “Dia-go!” geruff an du si se an d’Land wou de Peffer wiisst geflunn.
4 - De Jon aus der Wäschkichen
Immens gequiitscht an no Gummi gestonk huet et, wéi den Charly-Davidoff geland ass. Déi ganz Däiwelsfamill ass vum Feierstull getrollt an huet e puer Kopplabunze geschloen.
“Krenondidjëft” huet den Däiwelspapp geflucht. Mee hien huet direkt d’Hand virun de Mond gehal an ass gring am Gesiicht ginn, wëll en sech geschummt huet. Normal Däiwele fluchen. Extraschlëmmer wéi hien fluchen natiirlech net. Iwweregens ginn d’Däiwelen net rout mee gring am Gesiicht, wa se sech schummen. Dat ass logesch, si hu jo och gringt Blutt.
Si soutzen um Trottoir virun enger schéiner hellrosaer Villa, virun dier eng schéin hellgring Wiss war, virun dier e schéinen hellbloen Zonk war. Dat huet dier extraschlëmmer Däiwelsfamill gutt gefall. Si hu sech iwwer den hellbloen Zonk gezunn, sinn iwwer déi hellgring Wiss gejauft an iwwer déi hellrosa Kellertrap an déi hellrosa Villa gesprongen.
Am Heizungskeller huet et hinnen appaart gefall, wëll et do beim Kessel gutt waarm war. Et war e bësse wéi doheem, an d’Däiwelsbomi sot dofir, hei ginge si bleiwen. Doriwwer hu si sech esou gefreet, datt een diem aneren de Schwanz ugestach huet.
All waren se elo midd an dofir hu se sech schlofe geluegt. Dat war logesch, wëll d’Däiwele schlofen ëmmer, wann et dobausse kloer gëtt. Wéi d’Sonn opgaangen ass, huet et am Heizungskeller onheemlech geschnaarcht.
Matsen am Dag, ass den Diago erwächt. Aus dem Zëmmer nieft dem Heizungkeller koum d’Kräische vun engem Kand. Den Diago wousst direkt, datt dat Kand misst e Mënsch sinn. A wëll hie wollt d’Mënsche kenne léieren, ass hien einfach dohi kucke gaangen. Dat war logesch.
An der Wäschkiche soutz die klenge Jon aus dem drëtte Schouljoer. Den Diago ass bei de Jon gaangen an huet hie gefrot, wéi hie ging heeschen. “Jon!”, huet de Jon gesot. “A wéi heeschs du?” huet de Jon den Diago gefrot. “Diago!” sot den Diago. Esou huet den Diago de Jon kenne geléiert.
“Jon ass iewer e komeschen Numm!” sot den Diago. Dorops huet de Jon him erkläert, datt hien eigentlech ging Jonathan heeschen, mee datt dat séngen Elteren a sénge Kollegen zevill komplizéiert wir. Dofir gingen si hie Jon nennen.
Bei hinnen an der Strooss wir dat bei alle Kanner esou. Hir Eltere gingen hinnen immens komplizéiert Nimm wéi Sébastien, Matthias, Myriam, Emmanuel, Elizabeth oder Victorine ginn. Herno sinn déi Nimm hinnen dann iewer ze ustrengend an da ruffen se hir Kanner Sepp, Metty, Mim, Manou, Lis oder Vic. Déi Nimm kléngen dann zimlech blöd. Et ass logesch, datt d’Kanner mat esou Nimm geplot sinn.
Dat huet den Diago gutt verstanen.
“Kräischs du wéinst déngem Numm?” huet den Diago de Jon gefrot. “Nee!” huet de Jon gesot. “Firwat dann?” - “Wëll ech eng Datz hat, huet méng Mamm mech hei an d’Wäschkiche gespaart!” - “Has du net genug Feeler gemaach?” huet den Diago gefrot. De Jon huet de Kapp gerëselt: “Ech hat der zevill gemaach!”
An elo huet die klengen Däiwelche verstanen, datt et hei am Land wou de Peffer wiisst vill méi komplizéiert ass wéi bei him doheem.
“Méng Mamm huet gesot, wann ech nach eng Kéier esou vill Feeler maache ging, da ging si mech an d’Land wou de Peffer wiisst schécken.” - “Ma du bass dach schonns am Land wou de Peffer wiisst!” sot den Diago. De Jon huet den Diago mat groussen Aen ugekuckt a gesot: “Si wëllt mech an en Internat an d’Belsch schécken.”
Dorops huet de Jon nees gekrasch. Dem Diago war dat alles elo ze komplizéiert ginn. Hien huet decidéiert, emol nach e bësse schlofen ze goen. Mat ausgeschlofenem Kapp ging hien dem Jon séng Geschicht vläicht besser verstoen; dat wir logesch! A wéi de Jon hie grad froe wollt, wéi hien duerch déi gespaarten Dir erakoum, war den Diago schonns duerch d’Mauer verschwonnen. Däiwele kënne mam Kapp duerch d’Mauer goen - wa si wëllen.
5 - Hëllef fir de Jon
Den Diago ass erwächt. Hie war nach midd. Et bekënnt engem Däiwel net gutt, fir am hellen Dag opzestoen. D’Däiwelsmamm huet him eng Taass Téi aus Heizungsmazout gekacht. Wéi hien déi eran hat, goung et scho besser.
D’Däiwelsbomi huet op enger Brikett geknat an den Däiwelsbopi huet sech eng Päif mat Rouscht aus dem Schaaschtech gestoppt. Den Däiwelspapp soutz am Brenner vun der Heizung. Do huet hien eng Feierdusch geholl. D’ganz Däiwelsfamill huet sech wéi doheem an der Hell gefillt.
“De Jon huet gekrasch!” sot den Diago. “Da musse mir him hëllefen!” huet den Däiwelspapp geäntwert, knapps datt en aus dem Brenner erausgeklotert war.
Engem Mënsch hëllefen ass dat Schlëmmst, wat en Däiwel maache kann. Dofir war d’ganz Däiwelsfamill direkt Feier a Flam fir déi Iddi. Wéi de Blëtz si se mam Kapp duerch d’Mauer an d’Wäschkiche gestiermt.
Mee d’Wäschkiche war eidel. Dobausse gouf et schonns däischter. “De Jon ass am Bett!” sot d’Däiwelsmamm. Elo haten si d’Flemm. D’Däiwelen hu keng Gedold. Si gi rabbelkäppesch, wa se net direkt dat kréie wat se wëllen. Vun elauter Roserei huet de Bopi der Bomi an den Hënner gebass.
Wéi et endlech nees Muere gouf, huet d’Däiwelsfamill hanner dem hellbloen Zonk op der hellgringer Wiss virun der hellrosaer Villa op de Jon gelauert. Si hu mat den Ae geblënzelt; d’Däiwele si schliisslech net gewinnt, an der Sonn ze sëtzen.
“Moie Jon!” sot den Diago zum Jon, wéi e mam Schoulsak um Réck aus der hellrosaer Villa getrëppelt koum. “Moien Diago!” sot de Jon, “a wien der Däiwel sidd dir net nach?” “Dat ass méng Famill!” sot den Diago, an du war de Jon berouegt. “Mir ginn haut mat dir! Mir wëllen dir hëllefen!”
Dat huet dem Jon gefall. Mat fënnef Däiwelen hannert sech konnt him näischt méi geschéien. Et huet och keen eppes bemierkt, wëll nëmme richteg gutt Mënsche kënnen d’Däiwelen erkennen. Dat ass logesch!
6 - Mam Däiwel ënnert enger Decken
Ënnerwee fir an d’Schoul begéint de Jon dem Sepp an dem Manou. “Da gëff eis emol déng Schmier!” sot de Manou wéi all Mueren, an de Sepp huet dem Jon mat der Fauscht an de Bauch gerannt. Och dat mécht de Sepp all Mueren.
D’Däiwelsfamill huet deem Spillchen een Abléck nogekuckt. Och een Däiwel kann net esou einfach iwwer säi Schiet sprangen. Wat de Sepp an de Manou mam Jon gemaach hunn, hätt all Däiwel gutt gefall. Mee dun ass dem Diago iewer nees agefall, datt si dem Jon hëllefe sollten. Hien huet dem Däiwelsbopi an d’Rëpper gestouss. Den Däiwelsbopi huet mam Kapp gewénkt a gegrinst…
De Manou huet grad een décke Maufel vum Jon sénger Schmier ofgebass. Hei elo rappt hien d’Ae grouss op. Zwëschen dienen zwou Broutscheiwen, do wou soss ëmmer d’Ham oder d’Zoossiss ass, do krabbelen elo Spannen a Sejomëssen, do krauchen déck Wierm an do schläime fett rout Schleecken.
De Sepp hëlt séier säi Nueschnappéch aus der Boxentäsch. Mee aus dem Nueschnappéch war eng eekeleg fiicht Mouk ginn, déi hien sech elo virun de Mond gedréckt huet. Dat huet dem Diago gefall an hien huet dem Däiwelsbopi säi Schwanz voller Freed a Brand gestach.
Den Däiwelsbopi huet gegrinst a mam Schwanz gewackelt. A scho koumen zwee grouss Hënn em den Eck geschoss. De Manou an de Sepp huelen d’Been an de Grapp a maache sech duerch d’Bascht, déi zwee riseg Béischten hannendrun.
“De Jon stécht mam Däiwel ënnert enger Decken!” hu si gehurelt. An dat war och logesch!
7 - Äksärzzizz
“Mir musse viru maachen, d’Schoul geet un!” sot de Jon. Den Däiwelspapp huet dem Charly-Davidoff zwou Dynamitstaangen ze friesse ginn, an a knapps enger Minutt hat de Feierstull d’ganz Däiwelsfamill mam Jon an de Schoulhaff bruecht.
Wéi de Jon an de Klassesall koum, war et ganz roueg. All d’Kanner hunn op hie gekuckt. De Manou an de Sepp haten zerrasse Boxebeen. “De Jon stécht mam Däiwel ënnert enger Decken!” hunn d’Kanner geflüstert.
D’Joffer huet direkt d’Hausaufgab kontrolléiert. De Jon huet de Kapp hänke gelooss. Hie soutz gëschter die ganze Mëtteg an der Wäschkichen. Wéini hätt hien die franséischen Exercice da solle schreiwen…
Elo stung d’Joffer virun him. “An de Jon wäert séng Hausaufgab nees net gemaach hunn!” huet si hannerhälteg gegrinst.
D’Däiwelsfamill huet deem Spillchen een Abléck nogekuckt. Och een Däiwel kann net esou einfach iwwer säi Schiet sprangen. Wat d’Joffer do mam Jon gemaach huet, hätt all Däiwel gutt gefall. Mee dun ass dem Diago iewer agefall, datt si dem Jon hëllefe sollten. Hien huet dem Däiwelsbopi an d’Rëpper gestouss. Den Däiwelsbopi huet mam Kapp gewénkt a gegrinst…
D’Joffer huet dem Jon säin Heft opgeschloen. Die franséischen Exercice stung schéi propper am Heft, mat Iwwerschrëft an Datum. D’Joffer ass bleech am Gesiicht ginn. Séier huet si de roude Bic aus der Täsch geholl fir d’Feeler ze ënnersträichen. Si huet den Exercice eemol, zweemol, dräimol gelies. Et war kee Feeler dran. D’Joffer ass giel am Gesiicht ginn.
De Jon huet gegrinst, an d’Joffer sot: “Grins net esou domm!”
Elo klappt et un der Dir. Den Här Direkter, der Joffer hire “Boss”, kënnt eran. D’Joffer ass elo rout am Gesiicht ginn. Séier ass si un d’Tafel gelaf. “Mir verbesseren den Exercice!” sot si. Si huet Äksärssiss un d’Tafel geschriwwen.
“Joffer, dat ass falsch!” sot den Här Direkter. “Ou?” sot d’Joffer an ass nach méi rout am Gesiicht ginn.
Dun huet si Äksärccicc un d’Tafel geschriwwen. “Joffer, dat ass och falsch!” sot den Här Direkter an huet de Kapp gerëselt. “Ou?” sot d’Joffer, an ass nach méi feierrout am Gesiicht ginn.
Dun huet si Äksärzzizz un d’Tafel geschriwwen. “Dat ass och falsch!” sot den Här Direkter an huet de Jon un d’Tafel geschéckt. De Jon huet Exercice geschriwwen, an du war den Här Direkter zefridden.
Dono huet de Jon die ganzen Exercice un d’Tafel geschriwwen an hien huet kee Feeler gemaach.
Den Här Direkter huet du gesot, datt dem Jon séng Zensur net kéint stëmmen, an huet him elauter “Aen” ageschriwwen.
Den Diago huet sech an d’Fauscht gelaacht an dem Däiwelsbopi säi Schwanz a Brand gestach. “Wat richt dann hei esou no Schwiefel?” huet den Här Direkter gefrot. “De Jon stécht mam Däiwel ënnert enger Decken!” sot d’Joffer. “Ma Joffer! Dir wäert den Däiwel dach elo net un d’Mauer molen!”, sot den Här Direkter an ass dem Jon iwwer de Buuscht gefuer. “Mir kommen nach alleguer an d’Däiwelskichen. Wann dat esou weidergeet, da schécken ech Iech an d’Land wou de Peffer wiisst!”
8 - De Computerpapp huet keng Zäit
Elo war den Diago zolitt midd. Am Heizungskeller ass en direkt schlofe gaangen. Et huet net laang gedauert, dun huet déi ganz Däiwelsfamill geronkt.
An nees, matsen am Dag, den Diago hat grad esou schéi vum Vesuv, séngem Lieblingsvulkan, gedreemt, ass en opgeschreckt. Dat war dach nees de Jon. Séier ass hie mam Kapp duerch d’Mauer an d’Wäschkiche gesprong. “Wat ass Jon?” huet hie gefrot. “Näischt!” sot de Jon an huet weider gekrasch. Dat huet den Diago net verstan. Dat war net logesch.
Hien huet sech nieft de Jon gesat a gewaart, bis dien ausgekrasch hat.
Dat huet dräi an eng véierel Stonn gedauert. Du sot de Jon: “Méng Mamm schéckt mech iewer an d’Belsch.” - “Ou?” sot den Diago, “firwat dann? Du hues dach elo eng gutt Zensur!” - “Wéinst dem Papp!” An elo huet den Diago all séng gutt Virsätz fir e léiwen, éierlechen an treien Däiwel ze sinn, vergiess an ongemelleg geflucht: “Krenondikass! Krenondidjëft!” Hien huet elo guer näischt méi verstanen.
Déi nächst zwou Stonnen huet de Jon gebraucht, fir dem Diago ze erklären, datt séng Mamm eigentlech net séng richteg Mamm wir, mee dem Papp séng zweet Fra, an datt dem Papp séng éischt Fra, also séng richteg Mamm, elo mat engem anere Papp a mat anere Kanner anzwousch anescht wunne ging an datt séngem Papp séng zweet Fra ëmmer seet, de Jon wir léiwer bei séngem Papp sénger éischter Fra an datt hien si iwwerhaapt net gär hätt an datt hien dofir an d’Belsch sollt, fir datt dem Papp séng zweet Fra sech wéinstens richteg em säi Papp këmmere kéint, ouni ëmmer och nach nom Jon kucken ze missen…
“A wat seet däi Papp dovunner?” huet den Diago no dienen zwou Stonne gefrot, déi de Jon gebraucht hat fir alles ze erklären.
“Dien huet keng Zäit fir sech em mech ze këmmeren!” huet de Jon geklot. “Mäi Papp huet ëmmer Zäit fir mech!” sot den Diago. “Mäi Papp huet eng Computerfirma. Do muss en eng ganz Woch schaffen. Dann huet hie just sonndes vun halwer dräi bis zing vir véier Zäit fir mech.” - “Dat ass net vill!” sot den Diago. “Nee, dat ass net vill!” huet de Jon geäntwert.
Dat war komplizéiert a guer net logesch. Den Diago wollt grad ufänken doriwwer nozedenken, wéi d’Dir opgespaart gouf. Séier ass hie mam Kapp duerch d’Mauer an den Heizungskeller verschwonnen. Hie war elo esou duercherneen, datt hie bal net schlofe konnt. Hien huet missen 243 schwaarz Schof ziele bis en endlech agenäipt ass!
9 - Den Här Péitesch huet es genug
Dien aneren Dag haten d’Däiwele sech schonns bal un d’Hellegkeet gewinnt. Si soutzen an der Stuff nieft dem Jon um Kannapee. Nieft dem Jon soutz säi Papp, nieft dem Jon séngem Papp soutz dem Jon séng zweet Mamm. An der Fotell nieft dem Jon sénger zweeter Mamm soutz den Här Péitesch. Den Här Péitesch wollt beim Jon séngem Papp ganz vill Computere kafen. Dofir hat dem Jon séng zweet Mamm dem Jon agetriichtert, e misst sech ganz gutt schécken, wann den Här Péitesch bei si op Besuch kéim.
Den Diago huet säi Bopi an d’Rëpper gestouss, an de Bopi huet gegrinst. Wann dem Jon säi Papp keng esou dichteg Cliente méi huet, dann huet hie besser Zäit fir de Jon, an dann ass de Jon net méi traureg a muss och net méi an d’Belsch… Dat war logesch!
“Prost! Op eng gutt Zesummenaarbécht!” sot dem Jon säi Papp. Allen dräi hu se hir Schampesglieser an d’Luucht gehuewe fir unzestoussen. Dem Jon séng zweet Mamm huet iewer e bëssen ze fest ugestouss, an dem Här Péitesch säi Glas ass gebrach. Dobäi huet hie sech an d’Fangere geschnidden.
Direkt huet et ugefaangen ze bludden. “Kommt mat, da ginn ech Iech eng Plooschter!” sot dem Jon séng zweet Mamm. Si ass mam Här Péitesch aus der Stuff gelaf. “Da passt dach op, datt Äert Blutt net op eisen deiere Perserteppéch drëpst!” huet si den Här Péitesch vernannt. “Do, elo ass et scho geschitt!” Rose weist si mam Fanger op en décke roude Fleck matsen um Teppéch. “Pardon, Madame!” seet den Här Péitesch. “Dir braucht Iech elo net och nach esou domm ze entschëllegen”, iergert sech dem Jon séng zweet Mamm. “Botzt Ären Dreck léiwer op!” - “Ma Marianne”, seet dem Jon säi Papp, “sief dach e bësse méi frëndlech mam Här Péitesch!”
Dem Jon séng zweet Mamm kënnt elo mat engem Botzeemer, engem Torschong an engem Schruppert an d’Stuff. “Wat, ech soll och nach frëndlech mat esou engem Dreckspéiter sinn?” huet si sech opgereegt: “Allez, Här Dreckspéitesch, an elo séier gebotzt elei!”
Den Här Péitesch muss elo d’Schiertech undoen an den Teppéch schruppen. Den Däiwelsbopi grinst an dréckt dem Diago en A zou.
A schonn ass et geschitt. Den Här Péitesch huet mam Still vum Schruppert dem Jon sénger zweeter Mamm hir deier chinesesch Was geroden. Déi fällt op de Buedem an zerbrécht an dausend Schierbelen.
“Da waart elo Här Péitesch!” rifft dem Jon séng zweet Mamm, räisst dem Här Péitesch de Schruppert aus der Hand a wëllt him en iwwer d’Bëls schloen. A leschter Sekonn geet dem Jon säi Papp derzwëschend. Dem Jon séng zweet Mamm geréit mam Schruppert net dem Här Péitesch séng Bëls, mee dem Jon séngem Papp säi Risenaquarium mat séngen zweedausend exotesche Fësch.
“Pätsch!” geet et. D’Glasscheif vum Aquarium platzt an d’Waasser mat diene sëlleche Fësch a sprutzt iwwer déi dräi, déi elo plätschnaass sinn.
“Hei ass jo der Däiwel lass!” huet den Här Péitesch geruff an ass séier an de Gaart gelaf. “Vun esou engem wéi Iech kafen ech dach keng Computeren!”
“Hei ass jo der Däiwel lass!” huet dem Jon séng zweet Mamm geruff an ass séier op d’Strooss gelaf. “Mat esou engem wéi dir wëll ech net ënnert engem Daach wunnen!”
Den Diago huet gegluckst vu Laachen an dem Bopi säi Schwanz a Brand gestach.
Dem Jon säi Papp huet séier opgeraumt a sech mam Jon op de Buedem gesat a gespillt. Hien huet ganz laang mat him gespillt, esoulaang, bis et Zäit war, fir schlofen ze goen.
An dat huet hien elo all Dag gemaach, wëll en hat keng zweet Fra méi; déi war em fortgelaf. An en hat och keng Cliente méi, déi sinn elo bei eng aner Computerfirma gaangen.
“Elo ass de Jon frou!” huet den Diago zu sénger Mamm gesot, wéi hie sech ënner de Mazoutstank geduckelt huet fir endlech emol nees eng Kéier gutt auszeschlofen. D’ganz Däiwelsfamill war esou mitt vum Mënschenhëllefen, datt si dräi Deeg an dräi Nuechte laang an engem Stéck geschlof huet.
10 - An elo?
Wéi si endlech die véierten Dag erwächt sinn, soutz de Jon nees an der Wäschkichen an huet gekrasch. An elo? Dat do war esouguer fir déi guttsten, éierlechsten an treisten Däiwelen zevill. Den Däiwelspapp huet geflucht a gesot, datt et méi einfach wir, béis, hannerhälteg a verschloen ze sinn, wéi engem Mënsch ze hëllefen. An dat war logesch!
“Mäi Papp ass schlecht gelaunt. Hie wëllt net méi mat mir spillen”, sot de Jon, wéi den Diago mam Kapp duerch d’Mauer bei hien an d’Wäschkiche koum.
“Ou!?” sot den Diago. Dorops huet de Jon nach zwou an eng hallef Stonne gekrasch, bis e keng Tréine méi hat. Du sot hien: “Mäi Papp huet elo keng Computerfirma méi. Hien huet och keng Sue méi. Mir mussen eis hellrosa Villa mat eisem hellgringe Wues virdrun an eisem hellbloen Zonk verkafen.”
“Jon, komm erop! Den Här an d’Madame Schoons sinn do!” Dat war dem Jon säi Papp, die geruff hat. Den Här an d’Madame Schoons waren déi Leit, déi dem Papp séng hellrosa Villa mat diem hellgringe Wues an diem hellbloen Zonk wollten ofkafen.
Den Diago huet dem Däiwelsbopi an d’Rëpper gestouss, an den Däiwelsbopi huet dem Diago en A zougedréckt a gegrinst. Si wousste ganz genee, wat eng richtech gutt, éierlech an trei Däiwelsfamill an esou engem Fall ze maachen hätt. An dat hu si och gemaach!
11 - Eng verhexte Villa
“O nee, Jeannot, kuck nëmme wéi schéin ass dat Buedzëmmer!” sot d’Madame Schoons zum Här Schoons, wéi se d’Buedzëmmerdir opgemaach huet. “Jo, Elise, wonnerbar, an hei d’Kichen eréischt!” sot den Här Schoons zu der Madame Schoons wéi en d’Kichendir opgemaach huet.
D’Madame Schoons hat e Pelzmantel un an den Här Schoons e Kostüm mat engem Hutt an engem Schal. Si ware ganz bestëmmt richteg dichteg Leit.
“An dann eréischt die wonnerschéinen ale Schaf hei Jeannot!” sot d’Madame Schoons zum Här Schoons.
“Dat ass kee Schaf, dat ass eng Vitrine, du domm Kou!” sot de Schaf zu der Madame Schoons. Si huet een Ament déif Loft geholl an dun de Kapp gerëselt.
“An elei, kuck nëmmen dien herrlechen ale Buffet hei Elise!” sot den Här Schoons zu der Madame Schoons.
“Dat ass kee Buffet, dat ass ee Schreifdësch, du dommen Iesel!” sot de Buffet zum Här Schoons. Dien huet een Ament déif Loft geholl an dun de Kapp gerëselt.
“An dann dat eemolegt Bild hei mat dem Clown drop!” soten den Här an d’Madame Schoons zesummen, wéi se virun dem Bild mat dem Clown stungen.
“Dat ass kee Clown, dat ass eng al Hex, dir zwee Halwerweisen!” sot d’Bild zum Här an der Madame Schoons, a gaangs ass aus dem Clown um Bild eng al Hex ginn, déi déi zwee dichteg Leit richteg ausgelaacht huet.
“Jeannot, ech muss mech een Ament sëtzen!” sot d’Madame Schoons zu dem Här Schoons. “Elise, ech muss mech och nach een Ament sëtzen!” sot den Här Schoons zu der Madame Schoons.
“Jo, mir sëtzen eis hei op de Kannapee!” soten déi zwee zesummen an hu sech néiergesat.
“Dat ass kee Kannapee, dat ass eng Buedbidden, dir zwee Klunnien!” sot de Kannapee an huet sech op der Plaz an eng bis un de Rand gefëllte Buedbidde verwandelt.
Wat huet dat gepätscht, wéi déi zwee richteg dichteg Leit an d’Waasser getrollt sinn.
“Séier fort, Jeannot! Dat Haus ass verhext!” huet d’Madame Schoons gehurelt.
“Dat Haus wëlle mir net kafen!” huet den Här Schoons gejaut. A schonns waren déi zwee fort.
Dem Jon säi Papp huet misse laachen an hien huet dien Owend ganz laang mam Jon gespillt.
D’Däiwelsfamill huet sech am Heizungskeller getraff, an een huet diem aneren de Schwanz a Brand gestach. Wat haten si sech elo ameséiert.
Wéi si fäerdeg gelaacht haten, sot d’Däiwelsmamm: “An elo?” - “Jo”, sot den Däiwelspapp, “an elo?”
“Et ass schwéier, de Mënschen ze hëllefen!” sot d’Däiwelsbomi.
“Et mengt een heiansdo, si wëllten sech net hëllefe loossen!” sot den Däiwelsbopi.
An elo war den Diago richteg frou, datt hien ee klengen Däiwelchen a kee klenge Mensch war. Kleng Mënsche brauche ganz vill Hëllef fir grouss a staark ze ginn, dat hat den Diago elo gemierkt.
12 - Zäit fir heem
“Et fänkt u langweileg ze ginn, hei am Land wou de Peffer wiisst!” sot den Däiwelspapp. D’Däiwelspappen hu kéng Gedold. Si sinn ëmmer déi éischt, déi d’Flemm anzwousch kréien.
“Ech verlaangeren no ménger Däiwelskichen!” sot d’Däiwelsmamm. D’Däiwelsmammen hunn net vill méi Gedold wéi d’Däiwelspappen. Och si kréie séier d’Flemm, wann hinnen eppes langweileg gëtt.
“Ma da gëtt et Zäit fir heem!” sot d’Däiwelsbomi. D’Däiwelsbomien hu vun allen Däiwelen am mannste Gedold. Si kréie schonns d’Flemm, wa si nëmme mengen, eppes ging langweileg ginn.
“An de Jon?” sot den Diago.
“Jo, de Jon!” sot den Däiwelsbopi. D’Däiwelsbopien hunn am meeschte Gedold vun allen Däiwelen. Dofir sinn déi kleng Däiwelen am frouste mat hinnen.
Den Diago huet den Däiwelsbopi eng Kéier fest u sech gedréckt an him dun de Schwanz a Brand gestach.
“Mir kënnen dach net heem goen, ir dem Jon séng Saach ganz an der Rei ass!” sot den Däiwelsbopi. Däiwele fänke gären eppes un a loossen dann alles stoen a leien, ir et fäerdeg ass. Mee wëll si wollten esou extraschlëmm Däiwele sinn, hu si hir Aarbécht fäerdeg gemaach. Dat war logesch.
13 - E Computervirus
An der nächster Nuecht, wéi de Jon a säi Papp gutt geschlof hunn, sinn den Diago a séng Famill erop an dem Jon séngem Papp säin Zëmmer geschlach.
Do stung dem Jon séngem Papp säi Computer. Den Däiwelsbopi, die sech am beschte mat esou Apparaten auskannt huet, huet de Computer gestart.
Fir d’éischt huet d’ganz Däiwelsfamill Computerspiller gemaach. Do huet et geknuppt a gekraacht. Dräi Minutten an zwielef Sekonnen hu si dat flott font, wëll et esou Kaméidi gemaach huet. Dono hu si et langweileg font, wëll Computerspiller ebe langweileg sinn. Dat war logesch.
Den Däiwelsbopi huet elo ee Computervirus programméiert. Do konnt all Däiwel säi Pefferkäerche bäileeën: vun der Däiwelsbomi den Alter. De Virus sollt net esou séier ze läsche sinn. Vum Däiwelspapp d’Kraaft. De Virus sollt all déi aner Programmer vum Computer zerstéieren. Vun der Däiwelsmamm d’Hannerhältegkeet. De Virus soll sech ëmmer weider entwéckelen an nach méi schlëmm ginn. Vun dem Däiwelsbopi d’Intelligenz. De Virus soll selwer mierken, wann een Antivirusprogramm him op der Spuer ass. A vum Diago d’Virwëlzegkeet. An all Computer soll de Virus och nach bis op déi hënneschst Plazen op der Festplack krauchen.
De Bopi huet de Virus “D.K.V.” genannt. Dat heescht “Diabolesche Killer-Virus”! Dono huet de Bopi den “D.K.V.” mat E-mail uechter d’ganz Welt verschéckt.
Zu gudder Lescht huet de Bopi dun nach séier e Programm geschriwwen, dien den “D.K.V.” läsche kann. Die Programm huet hien op en CD gebrannt a matgeholl.
Elo war d’ganz Däiwelsfamill déck zefridden, an een huet diem anere säi Schwanz a Brand gestach.
14 - Dem Jon séngem Papp séng nei Firma
Een Dag drop konnt een et an all Zeitung liesen: “De Killervirus “D.K.V.” gräift un!” oder “Weltënnergang: de Killervirus dreift d’Mënschheet an den Doud!” oder “Keen Ëntkommen: de Killervirus zerstéiert d’Computeren op der ganzer Welt.”
Zefridde soutz den Däiwelsbopi am Heizungskeller vun der hellrosaer Villa mat diem hellgringe Wues an diem hellbloen Zonk. Hien huet der Däiwelsbomi aus den Zeitunge virgelies. D’Däiwelsbomi war richteg houfreg op hiren alen Däiwel.
Et war elo wierklech Zäit ginn, fir heem. Esou eng Däiwelsfamill hält et net éiweg an engem Heizungskeller aus.
Den Diago ass bei de Jon geschlach. De Jon soutz a séngem Zëmmer an huet viru sech gekuckt. Wéi hien den Diago gesinn huet, huet hie gelaacht.
“Ech ginn elo heem!” sot den Diago. “Schued!” sot de Jon. “Ech kommen dech heiansdo besichen.” sot den Diago. “Dat ass flott.” sot de Jon. Hien hat Tréinen an den Aen. “Kräisch elo net!” sot den Diago. De Jon huet de Kapp gerëselt, an dobäi sinn him schonns déi éischt Tréinen iwwer d’Bake gelaf. “Du solls dach net kräischen!” sot den Diago an huet dem Jon den CD mat dem Däiwelsbopi séngem “Anti-D.K.V.” an d’Hand gedréckt.
“Fir däi Papp. Wann en die verkeeft, da gëtt nees alles gutt!” sot den Diago. A schonns war hie mam Kapp duerch d’Mauer.
Den Däiwelspapp huet elo de Charly-Davidoff aus dem Mazoutstank gedriwwen an him dräi an eng hallef Staangen Dynamit ze friesse ginn. Dono ass d’ganz Däiwelsfamill op de Feierstull gesprongen. Den Diago huet “Dia-go!” geruff, a fort ass et gaangen.
15 - Nees doheem
Owes soutzen den Däiwelspapp an d’Däiwelsmamm, den Däiwelsbopi an d’Däiwelsbomi an der Stuff virun der Tële. An den Noriichten aus dem Land wou de Peffer wiisst hu se gesot, datt dien diabolesche Killervirus elo endlech gestoppt wir. Dem Jon säi Papp hu se gewisen, dien dem Däiwelsbopi säin CD mam “Anti-D.K.V.-Programm” an der Hand hält. De Jon hu se och gewisen. Hie soutz bei séngem Papp um Schouss virun diem hellbloen Zonk virun diem hellgringe Wues virun dier hellrosaer Villa. Nieft hinnen zwee soutz och eng Fra, déi den Diago net kannt huet. Villäicht war et dem Jon séng éischt Mamm? De Jon huet zefridde gelaacht.
“Maja”, sot den Däiwelsbopi, “dann huet dat jo funktionnéiert.” Domadder huet hien der Däiwelsbomi an den Hënner gebass. D’Däiwelsbomi huet dem Däiwelsbopi eng zerguttst an d’Akaul geklaakt, an dun huet een diem aneren de Schwanz a Brand gestach.