Dem Kinnek säi Gaart

Dem Kinnek säi GaartOp der Lay
7,90 € [bestellen]
Dem Roland Meyer säi neit Kannerbuch «Dem Kinnek säi Gaart» ass elo do. Et ass dëst, no «Eng Foto vum (Klëppel)Krich», dat elo schonns an der 2. Oplag bei «Op der Lay» virläit, säin zweete Kannertheater-Roman. A nees eng Kéier spillen och hei de Philippe a seng Kollegen aus dem 5. a 6. Schouljoer d’Haaptroll.Mee si sinn elo geplënnert. Fort aus hierer klenger Duerfschoul, do wou de Schoulmeeschter ëmmer iwwert den Treppléck virum Pult getrollt ass an de Philippe de Bujar aus dem Kosovo fir e puer Méint säi Kolleg nenne konnt.Am nei Band geet et em Mobbing ! De Romain, een op dien éischte Bléck ganz onopfällegen an « oncoole » Jong aus dem Nopeschduerf gëtt vun enger Band Klassekomeroden erpresst. Hie soll hinnen Dag fir Dag Sue bezuelen. Wéi de Philippe dat gewuer gëtt, wees hien direkt, datt hien eppes ënnerhuele muss. Nemme wat ? Aleng ass hie net staark genug, fir sech géint dem Jeff séng Erpresserband ze wieren. Och kann hien dem Schoulmeeschter net einfach esou alles verzielen, ouni als Klaapert dozestoen a vu sénge Kollegen aus dem Duerf ass och keng Hëllef ze erwaarden. Déi färten de Jeff a seng Leit vill ze vill.A grad elo gëtt d’Bomi och nach zerguddst krank, an de Philippe ka seng Elteren net och nach mat senge Problemer belaaschten. Eng zimlech aussiichtlos Affaire, an déi de Philippe do eragerutscht ass, … mee just op dien éischte Bléck : Wéi de Romain dem Philippe bis «dem Kinnek säi Gaart» hannert hierem Haus gewisen huet, kréien déi zwee nees nei Hoffnung !An den Text vum Roman sinn och dës Kéier nees op eng interessant Art a Weis d’Dialoge vum Kannertheaterstéck «dem Kinnek säi Gaart» ageheeckelt ginn. Mat groussem Succès gouf et am Joer 2000 vun der Kannertheaterequipe «Den Holzwuerm - Park Housen» am Kader vu «Jardins à suivre…» opgefouert.

Et geet hei em eng Band vu Spillleit, déi un den Haff vum Kinnek Kohiba kommen an do den Optrag kréien, die weltberühmte Gaart vu Mandrawi ze retten. An och hei dreiwen sech en ettlech donkel Gestalten erem, déi dat verhënnere wellen. Op spilleresch Manéier an ouni «pädagogeschen Zeigefinger» geléngt et dem Roland Meyer dat prekärt Gläichgewiicht zwesche Mënsch a Natur ze beschreiwen.

Roman an Theater, modern an traditionel Formen, Spannung, Humor an d’Opgräife vun aktuellen Themen zeechnen dat neit Buch aus der Philippe-seng-Geschichte-Suite aus. De Roland Meyer bréngt et hei fäerdeg, e literarescht Feierwiirk ze zünden, dat kee Lieser lassloosse wäert, bis et ganz op en Enn gelies ass.

«Dem Kinnek säi Gaart» ass am Juni 2002 beim Verlag «Op der Lay» erauskomm. D’Illustratioune si vum Renée Weber an et kascht 7,90 Euro. E ganz interessante Präis, dien durch de konsequente «Kultursponsoring» vun «Islék ohne Grenzen» zustanne komm ass an d’Buch esou och als Klasselektür fir 5.a 6. Schouljoeren interessant mecht.

Zeitungsartikel