Eng Foto vum (Klëppel)Krich
De 25. Abrëll 2000 koum d’Buch zu mengem Theaterstéck “Eng Foto vum Klëppelkrich” beim Verlag “Op der Lay” eraus.
D’Buch heescht “Eng Foto vum (Klëppel)Krich” wëll et niewt dem Theaterstéck och nach e Kannerroman ze liese gëtt: E Flüchtlingskand aus dem Kosovo kënnt an e 6. Schouljoer, dat grad am gaangen ass, en Theaterstéck ze prouwen.
E Buch wat haut ëmmer nach grad esou aktuell ass wéi am Joer 2000 an dowéint elo schonns an d’3. Oplo gaangen ass.