Tel Mo

2017 ass Tel Mo mat dem Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kanner- A Jugendbicher ausgezeechent ginn.

2018 war en op der Shortlist fir de Servais-Präis.

E Kannerbuch fir erwuesse Leit: 2009 ass dem Roland Meyer säi lescht Kannerbuch “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen” erauskomm. Dono si just nach Bicher fir Erwuessener erschingen - “Muedebëtzeg”, “Roughmix”, “Zikelalarm I” an “Zikelalarm II” - an et huet een sech missen d’Fro stellen, ob et de “Kannerbuchauteur Meyer” net méi géif.
Elo huet hie mat “Tel Mo” nees e “Kannerbuch fir erwuesse Leit” erausbruecht, grad esou wéi “Den décken dommen Dudu” vun 2004 a “Mango Panda” vun 2007. Mee wat genee mengt den Auteur domat?
An engem Interview mat der Buchbloggerin Jessica Mersch seet hien: “Well nëmme wierklech verstänneg Leit dës Texter verstoe kënnen, nennen ech se Kannerbicher fir erwuesse Leit. Dobei huet „erwuessen“ näischt mam Alter ze dinn. Vill Leit si scho mat zing Joer erwuessen, anerer sinn et och mat fofzeg nach net. Esou Bicher setzen eng gewëss Ofgekläertheet, Geloossenheet an Distanz beim Lieser viraus, déi esougenannte „groussjäreg“ Leit nach laang net ëmmer hunn, dacks iewer Kanner a Jugendlecher.”
Ab dem Cycle 4 vun der Grondschoul an an de Lycéeën ass dëst Buch deemno ze liesen. Et ass iewer och allen erwuessene Leit, déi mat Kanner ze dinn hunn, mat hinne schaffen oder frou mat hinne sinn un Häerz geluecht: Elteren, Enseignanten, Proffen, Educatricen an Educateuren, Bopien a Bomien, …
Den Telmo ass no villem hin an hir an engem “Foyer fir Kanner mat Verhalensopfällegkeete” geland, well en eppes Schlëmmes gestiicht huet. Do begéint hien dem Pit, dien am Foyer schafft, a vläicht dien éischten ass, dien den Telmo eescht hëlt. An hie begéint dem Selina, dat mat sengen Elteren aus dem Maroc fortgaangen ass, fir hei zu Lëtzebeuerg besser kënnen ze liewen. Den Telmo, die portugisesch Elteren huet, iewer kee portugisesch schwätzt, diem de Papp an een Doheem feelen, léisst hei am Foyer nach eng Kéier seng Kandheet Revue passéieren. An do wonnert een sech, wat esou ee Kand vun 12 Joer schonns alles erlieft huet.
De Roland Meyer beschreift d’Zerrassenheet vun engem jonke Mënsch zwësche Lëtzebuerg a Portugal, zwëschen diem “alen, richtege Papp” an der “Mamm hierem Neien”, zwëschen zwou Kulturen an  der Hoffnung op eng besser Zukunft souwéi der Angscht virun diem, wat op en duerkënnt.
Tel Mo
E Kannerbuch fir erwuesse Leit
Op der Lay 185
ISBN 978-2-87967-221-2