Texter - Kuerzgeschichten - Artikelen - Theaterstécker

Books for Kids - Bicher fir Kanner zu Lëtzebuerg

Wéi ech also am Virfeld vun diem „Lëtzebuerger Buchpräis“ Artikelen iwwer déi nominéiert Bicher gelies hunn, ass mir opgefall, datt op esou munche Plaze geschriwwe gouf, datt d’Qualitéit vun dëse Bicher, an domat am Fong och d’Qualitéit vun engem ganze Joergang Lëtzebuerger Kannerliteratur, ze wënschen iwwereg léiss. Wat heescht dat? Et war esou eng ominéis Undeitung, mee näischt Konkretes war ze liesen…

Kompetent Kids

Ëmmer méi dacks liest a gesäit een, datt mir eis Kanner net méi “Kanner” mee “Kids” nennen: Books for Kids (Walfer Bicherdeg), Camping Kids (Camping Fuussekaul), Green Code Kids (Raiffeise Bank), Activ’Kids (Fortis Assurance), Kids and the City… Googelt die Begrëff fir Lëtzebuerger Säiten an dir wäert staunen! Ech verstinn dat net. Kanner ass dach e gutt Wuert, firwat op eemol “Kids”? A bis elo hat ech ëmmer gemengt, Dokteren, Professeren an Architekte wiere kompetent; mee als Schoulmeeschter muss ech elo och Kanner vu 6 Joer als kompetent erklären. Do stëmmt dach eppes net, oder? Sollt hanner diene schéinen englesche Wieder eppes stiechen?

Een neien Teppech

Hei ee vu mengen éischten Texter, déi ech an dëser schonns zolitt satirescher Form geschriwwen hunn, et goufe nach Frangen an nach keng orthografesch Regelen. Vill wäerten der soen, et war iwwerhaapt eng besser Zäit, deemools 1985. Esou fänkt en un: T’jo, meng Fra hat decidéiert en Teppech ze kafen. E Perserteppech! Et sollt also ee vun dienen deiere sinn. Ausserdeem gouf et Solden am Geschäft an eis Stuff war vill ze kal fir de Bebé…

Plat du jour

2010 ass bei Omega 90 d’Buch “Am anderen Ende der Lichtung” erauskomm. An diem Buch ass den Text “Plat du jour”, dien als eng Zort Viraarbecht fir “Muedebëtzeg” kann ugesi ginn. Vill Motiver, déi och am Buch erëmkommen, fënd ee schonns an dësem Text. Et war deemools ee vun dienen éischte Versich, mengen Iddien méi no ze kommen.

Blankenberge

Esou wéi vill Lëtzebuerger war ech déi lescht Woch op der Belscher Plage an ech hunn dem Sege Tonnar säi Lidd gesongen… Dobei ass mir an Erënnerung komm, datt ech beim “Kabaret Sténkdéier” och eng Kéier e Lidd iwwer d’Belsch Plage geschriwwen hat. Ech hunn nogesicht an et eremfond. Et ass aus dem Programm vun 1997 an et huet ganz einfach “Blankenberge” geheescht. Et ass och an eiser éischter Anthologie “Modern Zäit” ze liese gewiescht. Mir gefällt et ëmmer nach gutt!

Texter fir d’Revue vum “Lëtzebuerger Theater”:

2007 - Kulturus Interruptus: Ausser Otem

2010 - Helleger Bimbam: 30 Joer feste Prisong

Theaterstécker:

2007 - Fusion - e Musical fir Kulturjoer am Optrag vun der UGDA

Kreativt Schreiwen:

Hei kommen e puer Bicher, déi ech a Schoulen zesumme mat Kanner geschriwwen hunn.

Zwou Laatsche géint e puer Schung - Elwen

Der mysteriöse Koffer - Ierpeldeng

Das dritte Auge - Ettelbréck