Glous … d’Liesung

Elo wou d’Buch drop an drunn ass fir erauszekommen, ginn ech och mat der Liesung op Tournée:
Glous - Eng politesch total onkorrekt literaresch-kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer
Déi éischt Datume sti fest:
den 8.3. um 18.00 Auer zu Woltz am Prabbeli
den 12.3. um 19.30 Auer zu Miersch am CNL
de 24.3. um 19.30 zu Ettelbréck an der Bibliothéik … dono geet d’Tournée weider…
“Fréier war alles besser”, gëtt ëmmer nees gesot, dobäi war villes gutt wat hätt kënne besser sinn a villes war schlecht, well mir et net besser woussten. Et war eben anescht!
“Glous” ass eng kabarettistesch Liesung aus enger Zäit ouni Handy a Computer, ouni  Kreditkaart a Greta, dofir iewer mat Fräiheet a Gréisst. Mir si mëttes ouni Opsiicht an de Bësch gaangen an owes hu mir op der Strooss Football gespillt. A mir hunn et iwwerlieft. An der Schoul goufen et Punkten a Pouten a jiddereen huet gefëmmt.
De Roland Meyer mécht sech mat vill hannerhältegem Humouer an onerwaartem Sproochwitz op d’Sich no enger verluerener Zäit, woubäi hien net ëmmer sécher ass, ob en net just nach ee poléiert Spigelbild dovun erbléckst an ob en se och wierklech erëmfanne wëllt.
An trotzdem gloust et nach an eis bannenan, an eis all.

An der Liesung gëtt et Extraiten aus dem Buch, et geet iewer doriwwer eraus, also an der Liesung si Passagen, déi et am Buch net gëtt, oder anescht ausgedréckt, d’Buch geet iwwer de’Liesung eraus, d’Buch geet vill méi wäit a méi an d’Déift. Hmmm???? Wann ëmmer alles esou einfach ze erkläre wär. Op alle Fall sollt Dir weder d’Buch nach d’Liesung verpassen!

Comments are closed.