Roughmix

“Lëtzebuerg ass net de Mëttelpunkt vum Universum. Wann s de hei liefs, mengs de, et géif just Lëtzebuerg, et géif just déi Lëtzebuerger Façon de vivre, de luxembourgisch lifestyle, et misst esou sinn, mengs, d’Liewe wir esou, mee wann s de bis op aner Plazen an der Welt kënns, gesäis de ganz séier, op wat fir enger Insel datt s du liefs. Wann s de hei liefs, da liefs de d’Exceptioun, da bass de an enger priveligéierter Situatioun. D’Liewen u sech ass net dat, wat mir zu Lëtzebuerg zanter eiser Kandheet als d’Liewe kenne geléiert hunn, Sécherheet, Gesondheet, Wuelstand, dat ass d’Ausnaam. De Bléck vu bausse schäerft d’Bild, dat s de der méchs.

Esou fänkt Roughmix un. Mäin neit Buch spillt an der Provence, an Apulien, zu Venedeg, am Maroc, an Thailand an op Bali an et geet trotzdeem just em Lëtzebuerg! Ëmmer nees wonnere mir eis, firwat Lëtzebuerg am Ausland esou ee schlechten Image huet, maachen elo esouguer nation branding fir diem schlechte Ruff lasszeginn. Mee näischt kënnt vu näischt.

An engem Land, an diem joerelaang alles wat gestéiert huet, ënnert den Teppëch gekiert gouf, muss een net iwwerrascht sinn, wann dien Dreck op eemol op anere Plazen opdaucht, sech nei Weeër a Kanäl sicht.

De Pierre, dien et bis zum Minister bruecht huet, an den Antoine, en onopfällege Landschoulmeeschter, hunn an de fréien 80er zesummen an enger Rockgrupp gespillt a sech dono aus den Ae verluer. Elo begéinen si sech erëm a staunen net schlecht, wat aus hieren Ziler, Dreem, Wënsch, Frëndinnen a Frënn, also aus hierem Liewe ginn ass. Esou haten si sech dat net virgestallt.

Op 312 Säiten probéieren ech d’Bild vun enger Generatioun a vun engem Land “zesummenzemixen”. Et ass ee “raue, graffe” Mix ginn, dien näischt verheemlecht an näischt ënnert den Teppëch kiert. “Wa Muedebëtzeg de Blues war, dann ass Roughmix de pure Punk!”

Hei gëtt et e ganze Koup weider Informatiounen an och Kritiken iwwer d’Buch