Archive for the 'Publikatiounen' Category

Glous - d’Buch ass do!

Friday, March 13th, 2020

Et sinn d’70er Joeren an engem Duerf am Zentrum vum Land. Jiddereen huet seng
Plaz. Déi schonn ëmmer am Duerf gewunnt hunn, bestëmmen, wat richteg a wat
falsch ass, déi aner, déi nei, déi friem mussen sech upassen oder se hunn et
schwéier. Esou war et nach ëmmer an esou soll et och ëmmer bleiwen.

Mee elo op eemol mierken d’Protagonisten, datt eppes an d’Rutsche kënnt, datt
grouss Ännerungen op déi kleng Leit duerkommen, an datt et ni méi esou wäert
sinn, wéi et eemol war.

De Pascal ass esou ee Friemen, hien ass do ënnen aus dem Heim an en ass ganz
anescht wéi mir. Hien akzeptéiert d’Reegelen net, déi zanter éiwegen Zäiten
d’Duerf regéieren, seng brutal Direktheet stellt op eemol alles a Fro an
d’Hëtzt vum Summer léist d’Gefiller opkachen.

De Roland Meyer hëlt eis a sengem bis elo perséinlechste Buch mat an eng Zäit,
déi de Grondsteen geluecht huet, fir déi Welt, an dier mir elo liewen. Villes
ass deemools verschwonnen a verluere gaang, mee d’Glous liicht ëmmer nach.

“Ënner der Sonn hunn d’Haiser, an diene mir gewunnt hunn, gegloust, do ware
mir zu diem ginn, wat mir elo waren, an een Deel vun der Glous hate mir an eis
dran an hu se matgeholl, e Liewe laang wäert se bestëmmen, wat mir maachen oder
si loossen, wat mir wëllen, ustriewen, wat fir eis richteg a wat fir eis falsch
ass. Heiansdo gëtt déi Glous an eis ugeblosen, da schéissen d’Flamen an
d’Luucht, an heiansdo hues de se bal vergiess, da weess de emol net méi, wat an
dir brennt a firwat s du brenns.”

Als Täschebuch bei Op der Lay
Als eBook bei Amazon oder itunes

Ofgesot

Thursday, March 12th, 2020

No showtime tonight!

D’Liesung am CNL ass ofgesot.

Oh my Corona!

Tonight showtime: “Glous” am CNL zu Miersch an dat um 19.30 Auer

Thursday, March 12th, 2020

No der gelongener Avant-Première die leschte Sonndeg zu Woltz, dann elo déi “richteg” Première:

CNL Miersch, 19.30 Auer

Do musst der sinn! Léiwer de Glous-Virus wéi de Corona-Virus, léiwer gutt laachen wéi driipsen a jéimeren.

Glous … d’Liesung

Tuesday, March 3rd, 2020

Elo wou d’Buch drop an drunn ass fir erauszekommen, ginn ech och mat der Liesung op Tournée:
Glous - Eng politesch total onkorrekt literaresch-kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer
Déi éischt Datume sti fest:
den 8.3. um 18.00 Auer zu Woltz am Prabbeli
den 12.3. um 19.30 Auer zu Miersch am CNL
de 24.3. um 19.30 zu Ettelbréck an der Bibliothéik … dono geet d’Tournée weider…
“Fréier war alles besser”, gëtt ëmmer nees gesot, dobäi war villes gutt wat hätt kënne besser sinn a villes war schlecht, well mir et net besser woussten. Et war eben anescht!
“Glous” ass eng kabarettistesch Liesung aus enger Zäit ouni Handy a Computer, ouni  Kreditkaart a Greta, dofir iewer mat Fräiheet a Gréisst. Mir si mëttes ouni Opsiicht an de Bësch gaangen an owes hu mir op der Strooss Football gespillt. A mir hunn et iwwerlieft. An der Schoul goufen et Punkten a Pouten a jiddereen huet gefëmmt.
De Roland Meyer mécht sech mat vill hannerhältegem Humouer an onerwaartem Sproochwitz op d’Sich no enger verluerener Zäit, woubäi hien net ëmmer sécher ass, ob en net just nach ee poléiert Spigelbild dovun erbléckst an ob en se och wierklech erëmfanne wëllt.
An trotzdem gloust et nach an eis bannenan, an eis all.

An der Liesung gëtt et Extraiten aus dem Buch, et geet iewer doriwwer eraus, also an der Liesung si Passagen, déi et am Buch net gëtt, oder anescht ausgedréckt, d’Buch geet iwwer de’Liesung eraus, d’Buch geet vill méi wäit a méi an d’Déift. Hmmm???? Wann ëmmer alles esou einfach ze erkläre wär. Op alle Fall sollt Dir weder d’Buch nach d’Liesung verpassen!

Glous … d’Buch

Tuesday, March 3rd, 2020

Nach zwee Deeg, da soll dien neien Erzielband do sinn. Et huet dës Kéier villes onmoosseg laang gedauert, well ech nei Weeër goe wollt, dunn iewer gesinn hunn, datt dat net ëmmer esou einfach ass, nees zréckgaange sinn, nei probéiert hunn, an elo ass esou wäit.

Ech hoffen, Glous gefällt iech!

Et sinn d’70er Joeren an engem Duerf am Zentrum vum Land. Jiddereen huet seng Plaz, déi schonn ëmmer am Duerf gewunnt hunn, bestëmme wat richteg a wat falsch ass, déi aner, déi nei, déi friem mussen sech upassen oder se hunn et schwéier. Esou war et nach ëmmer an esou soll et och ëmmer bleiwen.

Mee elo op eemol mierken d’Protagonisten, datt eppes an d’Rutsche kënnt, datt grouss Ännerungen op déi kleng Leit duerkommen, an datt et ni méi esou wäert sinn, wéi et eemol war.

De Pascal ass esou ee Friemen, hien ass do ënnen aus dem Heim an en ass ganz anescht wéi mir. Hien akzeptéiert d’Regele net, déi zanter éiwegen Zäiten d’Duerf regéieren, seng brutal Direktheet stellt op eemol alles a Fro an d’Hëtzt vum Summer léist d’Gefiller opkachen.

De Roland Meyer hëlt eis a sengem bis elo perséinlechste Buch mat an eng Zäit, déi de Grondsteen geluecht huet, fir déi Welt, an dier mir elo liewen. Villes ass deemools verschwonnen a verluere gaang, mee d’Glous liicht ëmmer nach. Et ass och d’Sich no enger verluerener Zäit, woubäi een net ëmmer sécher ass, ob een net just ee poléiert Spigelbild dovun erbléckst an ob een se och wierklech erëmfanne wëllt.

Glous kënnt wéi gewinnt bei Op der Lay eraus, dem Doris an dem Eric een décke MERCI dofir. Net ze vergiessen ass iewer och de Gollo, dien am Endspurt nach eng ganz wichteg Hëllef war.

The Horse Blinders

Friday, June 21st, 2019

Eng eenzeg grouss Freed!

The Horse Blinders ass een neie Projet zesumme mam Roger Melcher an de Crossroads-Leit Jacques Ruppert a Jake Bock. Zu gudder Lescht ass et endlech gelongen, mäi gudde Kolleg Mulles Scholles mat u Bord ze kréien. Eng staark Equipe!

Mee dat flottst sinn d’Texter. Iwwer d’Fréijoer hunn ech e ganze Koup lëtzebuergesch Texter geschriwwen, wat op dier enger Säit richteg Aarbecht war, op dier anerer iewer och immense Spaass gemaach huet. Dës Texter sinn zum Deel kabarettistesch, dacks gräifen se iewer och d’Mustere vum Blues op, an dat huet mech iwwerrascht: d’Lëtzebuergescht funktionéiert richteg gutt zesumme mam Blues.

Mir haten die leschte Freideg eisen éischte Gig zu Steesel um Blues-Festival an dat war schonns eng fei Saach. Elo sti virum Summer nach zwee weider Concerten um Programm, den 29.6. zu Bartreng an dann um Blues’n Jazz Rallye, an dann huele mir eng Decisioun… geet et am Hierscht weider mat den Horse Blinders?

Mech géif et déck freeën!

Dach, ech liewen ëmmer nach…

Friday, March 29th, 2019

2018 hat e puer onheemlech “gäil” Momenter, mee et wäert fir mech éischter d’Joer vun de groussen Enttäuschunge bleiwen. Ok, dozou wär elo vill ze schreiwen, mee dat maachen ech net op dëser Plaz.

Sechs Méint Loft geholl, oder vläicht och sechs Méint den Otem ugehal, villes iwwer Bord gehäit, zréckgelooss, dat deet wéi, muss iewer sinn.

An da lues, lues a lues nei Pisten, beim Schreiwen ëmmer nees de Gedanken, firwat mechs du dat?,  huet et e Sënn?, Projeten, iwwer déi ech elo schonn immens frou sinn, eng onmoosseg Freed, datt ech se ugaange sinn, nach vill Zweifel, iewer och schonn e bëssen Zouversiicht, no vir kucken, verschaffen, Kraaft opbauen, du kënns net aus dem Näischt.

Den Telmo zesumme mat elauter dichtege Leit an engem Buch

Tuesday, October 9th, 2018

Zesumme mat enger Rei ganz wichtege Schrëftsteller a Bicher ass den Tel Mo am Promotiounskatalog fir Frankfurt drann.

Hei kënnt dir de Katalog liesen:

Lizenzkatalog vum Ministère de la Culture

Den Telmo kennt keen vun all diene Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen an och keent vun diene Bicher. Hie freet sech, firwat hien dat net an der Schoul gesot kritt.

Frankfurt a Jan Böttcher

Tuesday, October 9th, 2018

Esou… et kënnt een ustrengenden an opreegenden Weekend op eis duer:

Vum Freideg bis e Sonndeg sinn ech zu Frankfurt op der Buchmesse, mat Héichpunkt um Sonndeg, 12.30 Auer, Liesung an Diskussioun zesumme mam Charel Meder a mam Gollo Steffen. De Charel liest aus “Aname”, ech aus “Wenn immer alles so einfach wäre”, de Gollo mécht d’Moderatioun.

Dann e Méindeg den Owend, um 19.30 Auer zu Miersch am CNL ass eng gemeinsam Liesung mam Jan Böttcher. Hie liest aus sengem neie Roman “Das Kaff” an ech aus “Wenn immer alles so einfach wäre”. D’Moderatioun läit déi Kéier an den Hänn vum Jérôme Jaminet a wann alles gutt ausgeet, sangen de Jan an ech och nach e Lidd…

Hei Informatiounen zu Frankfurt:

Klein Luxemburg vs. weite Welt
Frankfurter Buchmesse - Lesung

YOGI TEA® Lesezelt (Agora)
Teilnehmer: Charles Meder (Autor), Roland Meyer (Autor),
Robert Gollo Steffen (Autor)

Luxemburg und Berlin sind die Schauplätze in „Wenn immer alles so einfach wäre” von Roland Meyer. Berlin und Kanada in „Aname” von Charles Meder.
Ist Luxemburg den Autoren wirklich zu klein, zu beengt geworden? Wieso schreibt Roland Meyer, der mit seinen Romanen auf Luxemburgisch mit allen bedeutenden Buchpreisen in Luxemburg ausgezeichnet wurde, nun in einer Fremdsprache? Wieso schreiben Luxemburger Autoren überhaupt in Fremdsprachen, auf Deutsch, Französisch, Englisch?
Wie wichtig ist das Lokalkolorit in Büchern aus Luxemburg? Das bei „Aname” völlig fehlt..

Im Gespräch mit den beiden Autoren Roland Meyer und Charles Meder versucht Robert Gollo Steffen (Verleger des luxemburgischen Verlags Op der Lay, der in diesem Jahr sein 25-jähriges Bestehen feiert) diesen Fragen auf den Grund zu gehen.

Veranstaltungsart: Autorenveranstaltung auf der Messe, Lesung
Themengebiet: Literatur & Sachbuch
Zugang: Kostenloser Zugang (mit Buchmesse-Ticket)
Sprache der Veranstaltung: Deutsch
Veranstaltungsort: YOGI TEA® Lesezelt (Agora)

An hei Informatiounen zum Jan Böttcher:

Wenn immer alles so einfach wäre im Kaff
Lesung mit Roland Meyer & Jan Böttcher

Wer ein Leben auf der urbanen Überholspur führt, sehnt sich irgendwann nach dem Standstreifen. Oder zumindest nach der Ruhe und Beschaulichkeit eines einfachen Lebens. Deshalb zieht es die Figuren in Roland Meyers neuem Buch »Wenn immer alles so einfach wäre« ins luxemburgische Hinterland, auf einen deutschen Bauernhof oder in eine eigene weltferne Blase.

Architekt Michael Schürtz, der Protagonist in Jan Böttchers Roman »Das Kaff«, zieht seinerseits nur ungern aus der mondänen Metropole in die scheinbar miefige Provinz. Die auftragsbedingte Rückkehr des Wahlberliners an den Ort seiner Jugend und die kathartische Konfrontation mit den Gespenstern der Vergangenheit lassen den zynischen Großstadtsnob jedoch schon bald aus seiner Rolle fallen.

Eines zeigen beide Bücher: In Zeiten des ›Self Branding‹ liegt das wahre Sein nicht selten verschüttet unter dem hippen Schein. Roland Meyer und Jan Böttcher erzählen von Menschen, die mit sich selbst nicht im Reinen sind, von Lug und Trug, von beruflicher wie privater Überforderung. Und sie erweitern Adornos berühmtestes Diktum literarisch: Es gibt kein richtiges Leben im falschen – und auch kein einfaches im komplizierten.

Beide Schriftsteller und Singer-Songwriter lesen, musizieren und unterhalten sich mit dem Literaturkritiker Jérôme Jaminet.

Heemspill - Food Leaks zu Lëntgen am Veräinshaus

Saturday, October 6th, 2018

De 6.10. um 20.00 Auer ass fir mech ee “Food-Leaks-Heemspill”!

Et ass zu Lëntgen an ech si vu Lëntgen. Zu Lëntgen hunn ech gewunnt bis ech 19 Joer al war, sinn do an d’Primärschoul gaangen, hunn do Football gespillt, hat do meng éischt Frënndin…

Fir kënnen zu Lëntgen ze liesen, ass mir eng onheemlech Freed!