The Horse Blinders

Eng eenzeg grouss Freed!

The Horse Blinders ass een neie Projet zesumme mam Roger Melcher an de Crossroads-Leit Jacques Ruppert a Jake Bock. Zu gudder Lescht ass et endlech gelongen, mäi gudde Kolleg Mulles Scholles mat u Bord ze kréien. Eng staark Equipe!

Mee dat flottst sinn d’Texter. Iwwer d’Fréijoer hunn ech e ganze Koup lëtzebuergesch Texter geschriwwen, wat op dier enger Säit richteg Aarbecht war, op dier anerer iewer och immense Spaass gemaach huet. Dës Texter sinn zum Deel kabarettistesch, dacks gräifen se iewer och d’Mustere vum Blues op, an dat huet mech iwwerrascht: d’Lëtzebuergescht funktionéiert richteg gutt zesumme mam Blues.

Mir haten die leschte Freideg eisen éischte Gig zu Steesel um Blues-Festival an dat war schonns eng fei Saach. Elo sti virum Summer nach zwee weider Concerten um Programm, den 29.6. zu Bartreng an dann um Blues’n Jazz Rallye, an dann huele mir eng Decisioun… geet et am Hierscht weider mat den Horse Blinders?

Mech géif et déck freeën!

Comments are closed.