Dach, ech liewen ëmmer nach…
2018 hat e puer onheemlech “gäil” Momenter, mee et wäert fir mech éischter d’Joer vun de groussen Enttäuschunge bleiwen. Ok, dozou wär elo vill ze schreiwen, mee dat maachen ech net op dëser Plaz.
Sechs Méint Loft geholl, oder vläicht och sechs Méint den Otem ugehal, villes iwwer Bord gehäit, zréckgelooss, dat deet wéi, muss iewer sinn.
An da lues, lues a lues nei Pisten, beim Schreiwen ëmmer nees de Gedanken, firwat mechs du dat?, huet et e Sënn?, Projeten, iwwer déi ech elo schonn immens frou sinn, eng onmoosseg Freed, datt ech se ugaange sinn, nach vill Zweifel, iewer och schonn e bëssen Zouversiicht, no vir kucken, verschaffen, Kraaft opbauen, du kënns net aus dem Näischt.