Den décken dommen Dudu

Den décken dommen DuduOp der Lay 141
9,50 € [bestellen]

E Kannerbuch fir erwuesse Leit

Den Didier Dusseldorfer, die vun all Mënsch just Dudu genannt gëtt, ass net zefridde mat sengem Numm: et sinn einfach zevill Deeën drann! Wéi kann aus engem Jong eppes ginn, dien esou ee Numm huet?

Mee dat ass net dien eenzege Problem vum Dudu, neen, hien esst och zevill, a wëll en dat elo schonns zanter datt hien sech erënnere ka mecht, ass aus him en zimlech décke Kärel ginn. An esou huet hien et dann och schwéier, fir an enger Welt, wou et ëmmer méi em d’Ausgesi geet, zu eppes ze kommen.

Hien ass an d’Ginette vertléiwt, mee traut sech net, hat unzespriechen. Hie gëtt verdächtegt, an der Schoul d’Toilettendiren futti gemaach ze hunn, mee hie bréngt et net fäerdeg fir ze soen, wien et wierklech war. An der Welt vun de Medien kommen esou Kanner wéi hien net vir; am Bravo zielt hien iwwer 800 Fotoën, mee et sinn der just zwou drënner vun décke Leit: hie versteet net firwat.

Den Dudu flücht sech a seng eege Welt. Eng Welt, déi hie sech esou zesumme reimt, wéi et him passt an zum Schluss kritt hie grouss Problemer, fir de Buedem ënner de Féiss net ze verléieren.

Dem Roland Meyer ass hei de Portrait vun engem 12-13jähregen Jugendleche gelongen, wéi et e bei eis ëmmer méi dacks gëtt. Wivill Kanner hunn haut schonns zolitt Gewiichtsproblemer a kee Mënsch, dien hinne kënnt weisen, wéi een domadder emgoe kann? Famillen, déi ausernee falen, Schoulen déi op esou Problemer net agestallt sinn a eng Mediewelt déi ëmmer méi zur Scheinwelt gëtt an diene Jonken e Liewe virspillt, dat et esou net gëtt…

No der “Dem Philippe seng Geschichten”-Trilogie “Eng Foto vum (Klëppel)Krich”, “Dem Kinek säi Gaart” an “Iwwer der Leeder” a sengem éischten däitsche Kannerbuch “Spring auf!” ass dem Multitalent Roland Meyer, hien ass Kabarettist, Theaterregisseur, Bluesmusiker a Schoulmeeschter, mat dem décken dommen Dudu eng modern Erzielung gelongen, déi et an dëser Aart a Weis zu Lëtzebuerg nach net gouf.

Zeitungsartikel