Archive for the 'Theater' Category

De Bichergeck

Wednesday, May 31st, 2017

Vill Aarbecht huet sech d’Madame Jessica Mersch op hierem Blog “De Bichergeck” gemaach. Hei den Interview, dien si mat mir gemaach huet. Dono fand Dir och d’Linken zu de Rezensiounen vun dienen eenzelne Bicher.

Här Meyer, Merci dass Dir Iech Zäit huelt, fir mir op meng Froen ze äntweren, et sinn der e puer méi ginn, wéi geduecht!

Dat ass ganz gär geschitt, a Merci soen ech.

1) Wéi sitt Dir zur Schreiwerei komm? Gëtt et do eng Geschicht dozou?

Iwwert de Kannertheater sinn ech dozou komm. Ech hun, no e bëssen Ausprobéiere mat friemen Texter, ugefaangen, selwer Theaterstécker fir d’Kanner ze schreiwen. Dono koumen déi éischt „Kannertheater-Romaner“ „Eng Foto vum (Klëppel)Krich“, „Dem Kinnek säi Gaart“ an „Iwwer der Leeder“ eraus, an dunn hat ech geléiert ze goen, an ech hun e ganze Koup Kannerbicher geschriwwen. Eréischt vill méi spéit hun ech ugefaangen, Bicher fir Erwuessener ze schreiwen, an ech gesi mech eigentlech ëmmer nach als Kannerbuchauteur. Natierlich hun ech nieft de Bicher stänneg och fir de Kabaret geschriwwen.

2) Wéi waren d’Reaktiounen op Är Bicher Zikelalarm 1 an 2? Zumools am Enseignantberäich?

Ech hat nach ni esou vill Feedback kritt, wéi bei dëse kabarettistesche Liesungen, déi op Wonsch vu ganz ville Leit, net nëmmen Enseignanten, nodréiglech och als Bicher publizéiert goufen. An dat erklären ech mir dohir, datt se dat a Wierder faassen, wat vill Leit geduecht hunn.

3) Am Zikelalarm 1 ass riets vum ‘décken dommen dudu’, vun Iech gëtt et och ee Buch wat esou heescht.
Ass dat dee selweschten?

Jo.

Ass e fiktiv?

Jo.

A firwat kënnt en am Zikelalarm vir?

Well ech esou frou mat em sinn a mech esou gutt mat him identifizéiere kann. ;-)

4) Dir schreift Satir, Kannerbicher a Bicher fir Erwuessener… Wat maacht Dir am léifsten?

D’Liewe weist, datt grad déi eeschtgemengste Saachen sech dacks als (Real-)Satir erausstellen. En plus sinn ech kee Mënsch fir d’Tiräng. Ech verbanne gär villes mateneen fir ze erkennen, wéi d’Saachen zesummenhängen: ech schreiwen elo grad op mengem fonkelneien Tablett, dien ass esou glat wéi d’Haut vun de Männer no der Ganzkierperrasur, an déi ass esou glat ,wéi d’Ambientmusek, déi aus der Bar eriwwerflitt, an déi ass esou glat wéi d’Aussoen an d’Handele vu ville Politiker, diene mir déi aktuell Situatioun ze verdanken hun… Ech maache Musek, ech maache Kabaret, ech maache Kannertheater, ech maachen Texter an ech maache mäi Privatliewen; wéi a wou soll een do Grenzen zéien an Tiräng araumen?

5) Mango Panda ass ee Jugendbuch, a gëtt aus der Siichtweis vum Linda (zwielef Joer) erzielt.
Ech fannen, Dir hutt Iech wierklech gutt an hatt eraversat, d’Sprooch, d’Gefiller, etc, …
Wei hutt Dir dat gemaach?
Do war joerelaang Schoulerfahrung wahrscheinlech vun Virdeel?

Eraversetze geet net. Et fonktionéiert nëmmen, wann d’Linda och een Deel vu mir ass. Esou Texter liewen vun der Empathie an der Léift zu de d’Protagonisten.

6) Den décken dommen Dudu ass ee Kannerbuch fir Erwuessener …
Firwat?

Well nëmmen erwuesse Leit den Text kënne verstoen. Dobei huet „erwuessen“ näischt man Alter ze dinn. Vill Leit si scho mat zing Joer erwuessen, anerer sinn et och mat fofzeg nach net. Esou Bicher wéi „Den décken dommen Dudu“ oder och „Mango Panda“ setzen eng gewëss Ofgekläertheet, Geloossenheet an Distanz beim Lieser viraus, déi esougenannte „groussjäreg“ Leit nach laang net ëmmer hun, dacks iewer Kanner a Jugendlecher.

7) Wéi laang hutt Dir fir d’Romaner Roughmix a Muedebëtzeg gebraucht?
Waren do méi Recherchen néideg?

Zwëschen engem gudde Kanner-, Jugend- oder Erwuessenebuch gëtt et keng Ënnerscheeder, wann een et seriö ugeet. A wann een eppes recherchéiere muss, dann ass dat fir all Zort vu Buch grad esou wichteg a laangwiereg. Schreiwen ass haart Aarbecht an huet vill mat Disziplin an näischt mat Romantik ze dinn.

8) Wat liest Dir privat am léifsten?

Ech loosse mech do ganz gär vu gudder Literaturkritik leeden, fir den Iwwerbléck net ze verléieren. Ech wëll mech do iewer weder op Auteuren, nach op Genren oder Spooche festleeën. Eng liicht Präferenz spieren ech ëmmer nees fir modern englesch an amerikanesch Literatur.

Hutt Dir ee Liiblingsbuch, ee Liiblingszitat?

Vill esou Bicher an een Zitat:
Das Fräulein stand am Meere / und seufzte lang und bang
Es rührte sie so sehre / der Sonnenuntergang
Mein Fräulein sein sie munter / das ist ein altes Stück
Hier vorne geht sie unter / und kehrt von hinten zurück
Heinrich Heine

9) Wien ass Är allerléifste Romanfigur?

De Felix Bellibimbam

10) Wat hutt Dir léiwer?
Ebook oder Pabeierdrock?

Dat ass mir egal. Just wann ech am Buch wëll schaffen, da braucht ech den Text um Pobeier.

11) Wéi géift Dir de Schoulsystem an dräi Wierder beschreiwen?
Mengt Dir, mir kréien dat nees riicht gebéit?

Onzäitgeméis, onflexibel, oncool!
Riicht ass op dëser Welt nach ni eppes gewiescht, just d’Kughel aus der Flënt. Et geet also dorëms, datt de Schoulsystem net méi no hanne kuckt, mee noch vir. An do sinn ech mëtteloptimistesch, et gëtt eng Rei gutt Usätz, mee déi konservativ Arthros verhënnert nach villes.

12) Wéi géift Dir Iech an dräi Wierder beschreiwen?

Quadratesch, praktesch, gutt!

13) Dir maacht och Musek … Inspiréiert d’Musek zum Schreiwen, oder ass et ëmgedréit?

Musik inspiréiert zu alles!
Et ass de Ritmus, dien eist Liewe bestëmmt, et sinn d’Harmonien, déi eis zesummeschaffe loossen an et sinn d’Melodien, déi eis Gefiller ausmaachen.

14) Wéi huet sech Ärt Liewen no deenen éischten Veröffentlechungen a Präiser verännert?

Guer net.

15) Verschenkt Dir och Bicher? Wa jo, wéieng?

Ech versichen dem Beschenkten e bësse vu menger Begeeschterung fir ee Buch matzeginn, esou wéi Dir et mat Ärer Arbecht hei och maacht. An der Lescht hunn ech vill Kate Tempest, als Musek an als Text, verschenkt.

16) Wéieen Tipp kënnt Dir jonke Schoulmeeschteren nach mat op de Wee ginn?

All Kand respektéieren, vu senge Stärkten ausgoen, sech fir säi kulturellen, sozialen a sproochlechen Hannergrond interesséieren, sech decidéiert op seng Säit stellen. Et geet net em Programmer a Wochepläng a Kompetenzen a Bilanen … a Léierpersounen, mee dat alles ass wéinst dem Kand do.

17) A wéieen Tipp kënnt Dir jonke Schrëftsteller mat op de Wee ginn?

Ganz vill liesen, ganz vill schreiwen, ganz vill liewen.

An hei d’Linken:

Roughmix

Zikelalarm I

Zikelalarm II

Mango Panda

Muedebëtzeg

Den décken dommen Dudu

Merci Mme Mersch

Food-Leaks, dien neie Soloprogramm

Sunday, May 21st, 2017

Vum Dezember u geet die neie Soloprogramm op Tour: Food-Leaks.

Wann Dir een Owend wëllt buchen, da meld Iech elo bei mir.

An heirëms geet et:

Food Leaks - Eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer
“Du bass wat s du ëss!”, sot emol ee méi oder manner gescheite Mann an esou stellt sech dann och direkt folgend Fro: Ernäert sech ee Populist anescht wéi een Nationalist, ee Sozialist, ee Kommunist oder soss een Artist?
Kachkéis, Quetschentaart a Bouneschlupp fir déi Konservativ a Sushi, Tofu a Smoothy fir déi Progressiv? Wann ëmmer alles esou einfach wir!
A wou gëtt hei am Ländchen iwwerhaapt d’Politik gemaach? Mat Sécherheet net um Krautmaart. Hei bei eis gouf, gëtt a wäert déi och ëmmer um Dësch, am Restaurant, am Bistro, op Grill-, Dëppen- an a leschter Zäit och ëmmer méi dacks op Oktoberfester gemaach ginn. Well do seet de Lëtzebuerger, wat en denkt.
Fir Iessen an Drénken ass deemno beschtens gesuergt!
Nom groussen Erfolleg vu sengen “Zikelalarm-Programmer” hëlt de Roland Meyer an enger neier kabarettistescher Liesung de Mond gehéierlech voll an zervéiert Iech e spektakuläre Menu: Fastfood, guttbiergerlech Kichen an Haute Cuisine aus engem Land, an diem Ausdréck wéi “gutt a vill” grad esou wéi “Fräibéier” nach ëmmer ee ganz besonnesche Klang hunn.

Vun engem dien ausgezunn ass, e Buch ze schreiwen…

Friday, May 5th, 2017

… an dat zu Lëtzebuerg!

Cervantes - do fills de dech wéi den Don Quichotte… die géint Wandmillen untrëtt ;-)

“Ännert sech dann elo eppes!”, ginn ech da gefrot.

Elo schreiwen ech schonns iwwer 30 Joer laang Kabaret, a wann dat ging eppes bewierken, da ginge mir an enger besserer Welt liewen. Deemno kee Grond sech opzereegen.

Hei déi ganz kabarettistesch Liesung iwwert de Lëtzebuerger Literaturbetrib op 100,7.

“Stau!” - de Sténkdéier-Programm 2017

Friday, March 31st, 2017

Mir sinn et mëttlerweil gewinnt: kilometerlaang Schlaangen, Stoussstaang géint Stoussstaang, Auto widdert Auto, Camion widdert Camion, an dat all Mueren, all Owend, all Dag, all Woch, all Mount, Joer fir Joer…

Stau! Rien ne va plus! Stëllstand! - An dat an engem Land, dat sech Innovatioun op de Fändel geschriwwen huet.

Wat geet do Zäit drop! Liewenszäit! Do staut sech vill Roserei an Onzefriddenheet op eise verstoppte Stroossen.

An an der Politik stauen sech d’Dossieren. Well wann eis Damen an Hären vum Krautmaart an de Wahlkampf zéien, da bleift esou munches leien an an der Chamber gëtt net méi vill geschafft. Elo brécht nees d’Zäit vun den Dëppefester a Generalversammlungen un, vun den eidele Verspriechen, de vollen Drëppeglieser an den einfache Léisungen. Et gëtt sech ënner d’Vollek gemëscht, Populismus hin oder hier.

Mir rëselen de Kapp… a stinn och weider bei guddem Wieder am Stau fir op de Stau, a bei schlechtem Wieder am Stau virun de Radaren an dem Schantge vum Tram.

Cube 521 zu Maarnech / Kulturhaus zu Miersch / Kulturzenter beim Nëssert zu Biergem

Texter: Alain Adams a Roland Meyer

Da kënnt dir iech riichten… am nei Joer… schonn nees a mat gudde Virsäz… a

Wednesday, December 28th, 2016

… mat enger Tréin am A: den “Zikelalarm” als Liesung, op d’mannst emol, ass, virleefeg, begruewen. RIP: wuel net, mee dat spillt keng Roll am Moment, am Moment, am Moment.

“Words in Progress”, de 17.1. zu Esch an der Kufa: een neien Text, een neien Ufank.
Lëtzebuerger Literaturen, de 7.2., och zu Esch, och an der Kufa, zwee Deeg viru mengem Gebuertsdag, nach ee neien Text, an och - dach, jo - een neien Ufank, mee een aneren.

Geet et der Kultur wéi dem Futtball: Qualitéit gëtt et just nach am Minett?
http://kulturfabrik.lu/fr/home/ 

Ee bal vergiessenen Interview

Friday, December 2nd, 2016

Den JJ, de Jérôme Janimet, dierft eis mëttlerweil all bekannt sinn als Book Looker op Eldoradio an an den onendleche Welte vum digitalen Universum. Dacks kontestéiert, fannen ech seng Aart a Weis iewer erfrëschend, lieweg, naïv an dowéinst gutt a wënschen him e laangen Otem an déi néideg Déckhaut, fir bäizehalen.

Hie war am Summer bei mech op Consthum komm, fir mech ze interviewen, an dobei sinn dës zwee Youtube-Klippen erauskomm, déi ech elo just zréckentdeckt hunn an déi ech ganz lëschteg fannen:

1. Klipp: et geet em de Kabaret an em meng Aart a Weis fir ze schaffen

2. Klipp: meng Summerléift Kate Tempest an d’Feststellung, datt ech zu menger Schan ëmmer nach net wees, firwat ech verschidde Saachen a mengem Liewe maachen.

D’Youtube-Filmer vum Zikelalarm II sinn elo do

Wednesday, February 3rd, 2016

Een décke Merci dem Claude Sibi Sibenaler an dem Perry Poos fir hier vill Aarbecht. Zu Miersch am Kulturhaus, den 19.1.2016 sinn d’Opnahme gemaach ginn.

Hei kënnt dir se kucken:

Zikelalarm II: De Wocheplang

Zikelalarm II: De Schraufstack, een Albdram

Zikelalarm II: De Beroder

Zikelalarm II: D’Zikelversammlung

Zikelalarm II: D’Sprangstonn

Vill Spass!

An ëmmer nees de “Generolverdacht”…

Saturday, December 26th, 2015

“Klamm bei kee Friemen an den Auto!” - “Maach kengem d’Hausdier op, dien s de net kenns!” - “Huel keng Séissegkeeten vun engem Onbekannten!”

Wat fir verpasste Chancen!

Sécherheetsdenken…

Servais-Schierbelen

Wednesday, July 8th, 2015

Ech hunn hei emol e ganze Koup Linken zesummegestallt, déi eppes mam Servais-Präis ze dinn hunn.

Als Iwwerbléck, esouzesoen, als Presserevue; alles wat ech esou gesot hunn, alles wat gesot gouf an och alles wat soss nach ze liesen an ze kucke war…

RTL

nach eng Kéier RTL

an nach eng Kéier RTL

Wort

nach eng Kéier Wort

an nach eng Kéier Wort

Tageblatt

an Tageblatt

an nach eng Kéier Tageblatt

L’essentiel

an nach eng Kéier L’essentiel

Le jeudi

Le quotidien

Do soll dach elo kee meckeren ;-)
Dat war eng schéin Zäit, mee wéi seet mäi Kolleg Remy ëmmer: alt weider mam Jabel!

De „Lëtzebuerger Theater“ spillt: Revue 2015 „Ramba T‘Samba“

Tuesday, March 31st, 2015

Och dëst Joer mat diem engen oder aneren Text dobei. Hei de Pressetext vun der Equipe vun der Revue 2015:

“Let’s get ready to Ramba! Nom Motto „Neit Féiwer“ ziort ass dëst Joër richtegen „Ramba T’Samba“ ugesot. D’Revue 2015 steet dann och, op t’mannst wat dat Musikalescht ubelaangt, ganz am Zeechen vu flotten Samba-Rythmen.

D’Auteuren vun der Revue 2015 Romey (Roland Meyer), Wagu (Guy Wagner), Jochri (Jos Christen), Marquis (Marc Weidert), Muje (Jean-Claude Muller), Patkay (Patrick Kayser) an ZoGa (Zoltan Gaetti), zesummen mat de „Revue All Star Band“ Leaderen Heng Kleren a Robi Arend  a mat de Choréographen Cathy Moes a Li Marteling hun Iech och dëst Joër erëm een flotten Cocktail vu Sketcher, Lidder an Danz zesummegemixt, bei deem keen A vu Laachen drëche bleift.

D’Régie lait wéi gewinnt an den Hänn vum Zoltan Gaetti.

Wat ass lass mat eiser neier Gambia-Regierung? Wat geschitt dann elo mat eisem Land? Dëst sin nëmmen 2 vun de Froën, ob déi dir bei där neier Editioun vun der Revue vum „Lëtzebuerger Theater“ ganz bestëmmt eng Äntwert wärt kréien. An esou munech Politiker léisst sech et net huelen, ob ee Patt beim Dilli a beim Rolli eran ze sprangen wann d‘Hochzäit am Zerkel bevirsteet. Schlëmmer geet ëmmer, därs si sech eise Premier mat eisem Vizepremier an eisem Äerzi no deenen dach ziemlech brüsk gefouerten Gespréicher iwwert d‘Trennung vu Kierch a Staat séier bewosst, och wann eisen Haff sech muss mam „Crépuscule“ beschäftegen? Nee, nee, keng Angscht, d‘Monarchie geet nach net ënner. A wann d’Astrid an déi 2 bekannteste Jacques’en aus eiser Politik no engem Begriefnis beim Patt iwwert déi fréier, dach vill besser Zaiten an der lëtzebuerger Politik philosofféieren a klaatschen an traatschen, da frees de dech duerno och bestëmmt: Firwat reegs de dech dann op? A spéitstens bei enger neier Editioun vum Ronndëschgespréich ass de Ramba T’Samba ënnert eise léiwe Politiker komplett, soudass souguer de Juncker no der Luxleaks-Affär zu Bréissel ëm Rot beim Manneken Pis freet…

Première ass den 3. Abrëll am Groussen Theater an der Stad. Weider Virstellungen sin nach vum 4. bis den 19. Abrëll am Groussen Theater, ausser Ouschtersondeg, an ausser dem 13. a 14. Abrëll.

Gespillt gëtt nieft dem Groussen Theater an der Stad wéi all Joër am CAPE zu Ettelbréck vum 22. bis de 26. Abrëll, am Aale Stadhaus zu Déifferdéng vum 13. bis de 16. Mee, an am Escher Theater vum 18. bis den 22. Mee.

Dir gesidd op der Bühn d‘Equipe vum „Lëtzebuerger Theater“ mam Martine Haubrich, Dana Zangerlé, Tania Schaeffer, Stéphanie Welbes, Will Aust, Marc Camy, Ricardo Vieira, Raoul Albonetti a Jean-Claude Muller, a mat der Partizipatioun vu Sambrasil

Regie: Zoltan Gaetti

Musik: Heng Kleren a Robi Arend

Scenographie: Sophie Maurer

Inspizienz: Josée Conrardy

Choreographie: Li Marteling a Cathy Moes

Beliichtung : Mike Felten

Stage-Crew : Marc Bohnert a Gilles Konsbrück

Video: Melting Pol

Kostümer: Carine Ceglarski

Coiffure a Maquillage: Coiffure et Beauté By Tun”

Hei gëtt et weider Informatiounen…