Glous … d’Buch

Nach zwee Deeg, da soll dien neien Erzielband do sinn. Et huet dës Kéier villes onmoosseg laang gedauert, well ech nei Weeër goe wollt, dunn iewer gesinn hunn, datt dat net ëmmer esou einfach ass, nees zréckgaange sinn, nei probéiert hunn, an elo ass esou wäit.

Ech hoffen, Glous gefällt iech!

Et sinn d’70er Joeren an engem Duerf am Zentrum vum Land. Jiddereen huet seng Plaz, déi schonn ëmmer am Duerf gewunnt hunn, bestëmme wat richteg a wat falsch ass, déi aner, déi nei, déi friem mussen sech upassen oder se hunn et schwéier. Esou war et nach ëmmer an esou soll et och ëmmer bleiwen.

Mee elo op eemol mierken d’Protagonisten, datt eppes an d’Rutsche kënnt, datt grouss Ännerungen op déi kleng Leit duerkommen, an datt et ni méi esou wäert sinn, wéi et eemol war.

De Pascal ass esou ee Friemen, hien ass do ënnen aus dem Heim an en ass ganz anescht wéi mir. Hien akzeptéiert d’Regele net, déi zanter éiwegen Zäiten d’Duerf regéieren, seng brutal Direktheet stellt op eemol alles a Fro an d’Hëtzt vum Summer léist d’Gefiller opkachen.

De Roland Meyer hëlt eis a sengem bis elo perséinlechste Buch mat an eng Zäit, déi de Grondsteen geluecht huet, fir déi Welt, an dier mir elo liewen. Villes ass deemools verschwonnen a verluere gaang, mee d’Glous liicht ëmmer nach. Et ass och d’Sich no enger verluerener Zäit, woubäi een net ëmmer sécher ass, ob een net just ee poléiert Spigelbild dovun erbléckst an ob een se och wierklech erëmfanne wëllt.

Glous kënnt wéi gewinnt bei Op der Lay eraus, dem Doris an dem Eric een décke MERCI dofir. Net ze vergiessen ass iewer och de Gollo, dien am Endspurt nach eng ganz wichteg Hëllef war.

Comments are closed.