November 25th, 2014
An elo déif Loft huelen: den Owend geet et lass! Mir spille fir zwou Wochen (25., 26., 27., 28., 29. an 30.11 an och 2., 3., 4. a 5.12.) am Mierscher Kulturhaus eisen 2014er Programm “Drôle de guerre”. Et geet ëmmer um 20.00 Auer lass, just e Sonndeg, den 30.11., ass et um 17.00 Auer. Fir all déi, déi emol nees eng Kéier richteg lache wëllen:
Ticketën op www.luxembourgticket.lu
oder och iwwer www.stenkdeier.lu
Posted in Kabaret | No Comments »
November 24th, 2014
Déi virleefeg lescht Liesung vum Roughmix-Tour ass den Owend um 20.00 Auer am Liessall vun der Bibliothéik am Aalen Stadhaus, av. Charlotte, 38 zu Déifferdeng. Wéi ëmmer mat musikalescher Begleedung vun “Just Friends”: dem Mulles Scholtes, dem Luc Hoffmann an dem Jang Steffen.
Ech freeë mech!
Hei de Flyer
Posted in Bicher | No Comments »
November 20th, 2014
Um 20.00 Auer am Liessall vun der Bibliothéik am Aalen Stadhaus, av. Charlotte, 38 zu Déifferdeng, fënd e Méindeg, de 24.11.2014 déi virleefeg lescht Liesung vum “Roughmix-Tour” statt. Wéi ëmmer mat musikalescher Begleedung vun “Just Friends”: dem Mulles Scholtes, dem Luc Hoffmann an dem Jang Steffen.
Infoen aus éischter Hand gëtt et hei.
Posted in Bicher | No Comments »
November 14th, 2014
Haut ass definitiv kee gudden Daag. De Moien ass de Paul gestuerwen, no laanger Kankheet. Bei de Winklepickers hu mir joerelaang zesummegespillt, hien um Bass an ech op der Gitar.
Zwou CDen hu mir zesumme gemaach an eigentlech sollten d’Winklepickers just e bësse pausen, wëll ech mam Studium am gaange sinn. Mee aus dier klenger Paus ass eng eng méi laang ginn, wëll de Paul op eemol krank ginn ass, an elo ass en dout. Hie feelt elo schonns, an ech wees net wéi et iech geet, mee ech ka mir d’Winklepickers ouni de Paul net virstellen.
Dem Maggy an der ganzer Famill mäin häerzlecht Bäileed.
Ech wäert de Paul ni vergiessen, dir bestëmmt och net!
Hei e Video, an diem dir de Paul bei senger Lieblingsbeschäftegung gesidd: am Studio mat de Kollegen ophuelen.
Posted in Musik | No Comments »
November 14th, 2014
Och fir eis ass dëst eng total Première! Nodeems mir net méi kënnen am Keller vum Nationale Literaturzenter spillen, hate mir decidéiert, nieft Miersch och eng Kéier an d’Éisleck an eng Kéier an de Minette ze goen. No diem grousse Succès die leschte Weekend zu Maarnech am Cube 521 - villmools merci iech all - ass d’Rei elo um Kulturzenter “beim Nëssert” zu Biergem. Mir si richteg gespaant, wéi mir am Minett empfaang ginn a freeën eis op déi 3 Virstellungen.
Tickets an Informatiounen gëtt et hei
Posted in Kabaret | No Comments »
November 10th, 2014
Dat ass et nach ni ginn! De “Kabaret Sténkdéier” geet op Biergem. Duerch déi Changementer am Literaturhaus ware mir gezwongen ze reagéieren, an elo si mir gespaant, wéi mir am Minett empfaange ginn. Mir freeën eis!
Hei gëtt et Infoen
Posted in Kabaret | No Comments »
November 9th, 2014
De Claude “Sibi” Sibenaler huet och dëst Joer nieft all de Fotoen och nees den Trailer fir die neie Programm vum Kabaret Sténkdéier gemaach. Et kann een en elo op Youtube kucken. Vill Spaass!
Hei ass den Trailer vun “Drôle de guerre”.
Posted in Publikatiounen, Kabaret | No Comments »
November 7th, 2014
An engem ganz flotten Interview mam Angie Maquil um 100,7 hu mir iwwer die neie Programm “Drôle de guerre” vum “Kabaret Sténkdéier” geschwat, wéi een sech esou virun enger Première fillt, wéi et ass, wann de Grupp ëmmer nees wiesselt a wat de “Lëtzebuerger Buchpräis” fir mech bedeit…
Hei kënnt dir den Interview um 100,7 lauschteren.
Posted in Bicher, Kabaret | No Comments »
November 7th, 2014
Première vun “Drôle de guerre”, dem Programm 2014 vum “Kabaret Sténkdéier”, haut den Owend um 20.00 Auer am Cube 521 zu Maarnech. Weider Virstellungen e Samschdeg an e Sonndeg, déi iewer all ausverkaf sinn… mee mir spille jo nach zu Biergem an zu Monnerech.
Posted in Kabaret | No Comments »
November 3rd, 2014
Hei kënnt dir den Interview lauschteren:
rtl.lu
an hei gëtt et weider Infoen:
stenkdeier.lu
Posted in Kabaret | No Comments »