Haut d’Dernière vun “Drôle de guerre”

E bëssen e mulmegt Gefill hunn ech schonn: den Owend ass déi lescht Virstellung vum 2014er Sténkdéier Programm… “méi ass et net”, soe mir no der Dernière, “et war e gudde Joergang a mir freeën eis schonn op dien nächsten.” An iewer feelt et engem! Hei die ganzen Text vum “Klenge Keller”, fir matzesangen, den Owend oder ni:
1. ‘t war Owend zu Miersch - an et gouf séier däischter - de Niwwel loch fest op all Haus
Mat Mantel a Schaal - d’Wanterschung nees dobaussen - man d’Leit sech aus der Keelt eraus
Den Daag ass eriwwer - mee d’Virfreed nach laang net - ee Joer hat Dir drop gewaart
Dir stiermt d’Trapen ‘rof - an die mëffege Keller - wou d’Sténkdéieren Iech schonns erwaart

Die klenge Keller am Literaturhaus
Do wou de Kabaret nach Klengkonscht war
Die klenge Keller zu Miersch an dem Servaishaus
Wou mir vu Laachen an d’Box bal gemaach

2. ‘t war kal wann s du komm bass - a waarm wann s du gaang bass - de Keller huet mat eis gelieft
‘t war enk an dacks stékeg - vill Houschten a Néidschen - duerch de Keller ass munch Gripp geschwieft
Een Humpen, eng Kippchen - ee Rouden eng Drëppchen - erdiischtert ass bei eis keen
De Patt nom Spektakel - mat Salznëss a Bréidchen - war eis all ee Stéck doheem

Die klenge Keller am Literaturhaus
Do wou de Kabaret nach Klengkonscht war
Die klenge Keller zu Miersch an dem Servaishaus
Wou mir vu Laachen an d’Box bal gemaach

3. Mam Berti an Nico - mam Conny an Irène - wat hu mir mat hinne gelaacht
Mam Gerrie a Michèle - mam Tom a mam Pir - hu mir bis an d’Nuecht ‘ra gewaacht
De Rol huet geklimpert - de Remy gepotert - mir all hunn eis déck beméit
All dat ass ‘lo ‘riwwer - de Keller ass passé - an eis feelt e Stéck Identitéit

Die klenge Keller am Literaturhaus
Do wou de Kabaret nach Klengkonscht war
Die klenge Keller zu Miersch an dem Servaishaus
Wou mir vu Laachen an d’Box bal gemaach
Die klenge Keller am Literaturhaus
Do wou de Kabaret nach Klengkonscht war
Die klenge Keller zu Miersch an dem Servaishaus
Do ware mir - all zesummen - esou gär

Comments are closed.