Tonight showtime: Première vum nei Programm vum Kabaret Sténkdéier
November 10th, 2016Haut den Owend, den 10.11. um 20.00 Auer kucke mir emol wéi et geet.
Neie Programm, nei Equipe … ech si gespaant!
Haut den Owend, den 10.11. um 20.00 Auer kucke mir emol wéi et geet.
Neie Programm, nei Equipe … ech si gespaant!
Ech sinn elo voll am Tunnel!
Wann elo ee mech freet, wéi de Programm 2016 vum Kabaret Sténkdéier dann esou ass, ob e gutt ass, ob d’Qualitéit stëmmt, weess ech näischt ze zielen… ausser vläicht e puer Floskelen.
Ech hunn déi Texter elo iwwert ee ganzt Joer mat mir erëmgeschleeft, se geschriwwen, zesumme mam Alain, nei geschriwwen, iwwerschafft, verbessert, eweggeheit, begruewen, nees ausgegruewen, verluer a schliesslech gemengt, datt een dien een oder anere kënnt zréckbehalen.
Dunn hunn ech se iwwerschafft an den Alain an ech hunn d’Rolle verdeelt, esou wéi mir et fir gutt fond hunn. Dunn hunn ech d’Texter den Acteure geschéckt, dem Conny an dem Irène, dem Nico an dem Gilles, a mir all zesummen hu se gelies an dono nees geännert. Mir hu se gekierzt an nach eng Kéier geännert.
Mir hu se geléiert, auswendeg geléiert, an nees vergiess. Mir hu se nach eng Kéier gekierzt an ëmgeschriwwen. Dunn hu mir se gespillt, lues, séier, mat vill Emotioun, ouni Emotioun, ëmmer an ëmmer nees nei probéiert, bis se lieweg goufen… op eemol.
Elo si mir am Cube mat de Generalprouwen am gaangen… wat eng Opregung! Gëschter huet de Carlo d’Bühn opgeriicht; haut maache mir mam Filip d’Luuchten an de Sibi kënnt nach eng Kéier Fotoe maachen.
Mir hoffen, datt haut alles gutt klappt, wëll dann hu mir e Mëttwoch fräi, die leschten Owend, ier et véier Wochen um Stéck fummst….
An en Donneschdeg ass Première, um 20.00 Auer kacht et zerguddst, an ech weess ëmmer nach net net, wat ech vum Programm soll halen.
Ech hunn alles ze vill dacks héieren
No laanger, laanger, laanger Paus, haut den Owend, den 21.10. emol nees een ZIKELALARM.
Et ass iwweregens dien zweetleschten, dien allerleschten ass den 12.12. zu Déifferdeng… wou soss
Lass geet et um 19.30 Auer an Informatiounen gëtt et hei. Ok, dat sinn der elo net wierklech vill, mee egal, ech freeë mech op den Owend, a vläicht ass mäin Hexeschoss dann och eweg.
De Florent Toniello huet am Moment e léif, butzeg-klengen Artikel am Woxx (wie kënnt op esou ee Numm), die mir immens gutt gefällt, an dien Artikel fand Dir hei.
Da vläicht bis herno…
De Programm 2016: Schmeier!
Am Cube 521 zu Maarnech
10.11.2016 – 20.00 Auer
11.11.2016 – 20.00 Auer
12.11.2016 – 20.00 Auer
13.11.2016 – 18.00 Auer
Am Mierscher Kulturhaus
Am klenge Setting mat ronnen Dëscher:
15.11.2016 – 20.00 Auer
16.11.2016 – 20.00 Auer
17.11.2016 – 20.00 Auer
18.11.2016 – 20.00 Auer
19.11.2016 – 20.00 Auer
20.11.2016 – 17.00 Auer
Am groussen Theatersetting:
23.11.2016 – 20.00 Auer
24.11.2016 – 20.00 Auer
25.11.2016 – 20.00 Auer
26.11.2016 – 20.00 Auer
Am Kulturzenter beim Nëssert zu Biergem / Monnerech
1.12.2016 – 20.00 Auer
2.12.2016 – 20.00 Auer
3.12.2016 – 20.00 Auer
Hei kënnt Dir direkt Ticketë bestellen (www.luxembourg-ticket.lu)!
Oder rufft um 47 08 95 1 un…
Texter:
Alain Adams, Roland Meyer
Regie a Musik:
Roland Meyer
Et spillen:
Conny Braquet, Irène Zeimes, Nico Dabé, Gilles Wunsch
www.stenkdeier.lu
De Roger Melcher an ech, vu verschidde Leit elo als “Winklepickers-Duo” bezeechend, spillen e Samschdeg, den 1.10. am Nëssert zu Biergem/Monnerech en Deel vun eisem neie Programm um “Blues-Contest”.
Jiddereen die mech kënnt, wees, datt ech ni ging bei esou engem “Contest” matmaachen, dofir si mir och just d’Pauseclownen… mee dat mecht iewer Freed a fir mech ass et d’Geleeënheet, virum Start vum Kabaret, nach eng Kéier déi eng oder aner Saach ze probéieren.
Well mam Roger ging ech gären dat nächst Joer e ganze Programm Liesung-Kabaret-Blues-etc… maachen.
Sinn emol gespaant!
Déi nächst Woch fänken d’Prouwen un, d’Texter sinn esou gutt wéi fäerdeg, d’Opreegung klëmmt. Zemools wëll et dëst Joer ganz sauer gëtt: de Raymond “Berti” Bertemes kann net dobei sinn, an et ass guer net drunn ze denken, hie wëllen ze ersetzen. Zanter 1996 si mir also déi éischte Kéier an der Situatioun, ouni hien unzetrieden…
De Gilles Wunsch kompletéiert d’Equipe 2016 mam Irène Zeimes, mam Conny Braquet a mam Nico Dabé.
Et geet also em d’Wurscht, no diene ville Verännerungen vun diene leschte Joeren, déi un d’Substanz an un d’Identitéit vun der Trupp gungen, musse mir elo kucken, ob a wéi et weidergeet:
Am Cube 521 zu Maarnech
10.11.2016 – 20.00 Auer
11.11.2016 – 20.00 Auer
12.11.2016 – 20.00 Auer
13.11.2016 – 18.00 Auer
Am Mierscher Kulturhaus
Am klenge Setting mat ronnen Dëscher:
15.11.2016 – 20.00 Auer
16.11.2016 – 20.00 Auer
17.11.2016 – 20.00 Auer
18.11.2016 – 20.00 Auer
19.11.2016 – 20.00 Auer
20.11.2016 – 17.00 Auer
Am groussen Theatersetting:
23.11.2016 – 20.00 Auer
24.11.2016 – 20.00 Auer
25.11.2016 – 20.00 Auer
26.11.2016 – 20.00 Auer
Am Kulturzenter beim Nëssert zu Biergem / Monnerech
1.12.2016 – 20.00 Auer
2.12.2016 – 20.00 Auer
3.12.2016 – 20.00 Auer
Hei kënnt Dir direkt Ticketë bestellen www.luxembourg-ticket.lu!
Oder rufft um 47 08 95 1 un…
Infoe gëtt et hei: www.stenkdeier.lu
Hei stelle mir dat neit Buch vir:
Musée Rural et Artisanal - Musée des Calèches… PEPPANGE –> 21.10.2016 um 19.30 Auer am Festsall
Am Virwuert schreiwt de Roland Meyer:
„Zikelalarm” ass fir mech mëttlerweil méi wéi een Text, dien ech mat vill Freed virliesen. „Zikelalarm” huet fir mech d’Zil, op eng vill méi lëschteg a geloossen Aart a Weis iwwer d’Schoul, de Schoulsystem, d’Schoulpolitik, d’Schoulpersonal an iwwert mech… nozedenken. Dacks hunn ech den Androck, datt mir all vill zevill iwwer d’Schoul streiden an ze wéineg iwwert si nodenken.
A genee dat bestätegen déi meescht Réckmeldungen, déi ech zum „Zikelalarm” krut. An ech krut a kréien der immens vill! Bei kengem Buch, bei kengem Kabaretsprogramm a bei kengem Theaterstéck hunn ech och nëmmen usazweis esou vill „Feedback” kritt. Dat fannen ech an diem Sënn interessant, well et weist, datt ee ganze Koup Leit een neien, méi of- oder och opgekläerten, méi ironeschen, mei erwuessenen Zougank zum Thema sichen. Jo, sech selwer och emol op den Aarm huelen, iwwer sech selwer laachen an zu sech selwer op Distanz goen, dat deet villen op diem verminnten Terrain vu Bildung an Erzéiung terribel gutt.
Huet den „Zikelalarm I” sech virun allem mat diene „Miriarde Reformen” a Reförmercher beschäftegt, déi méi oder manner naiv, an an der kompletter Ignoranz vu méigleche Konsequenzen, op Orbit gesat goufen, beschäftegt, esou huet den „Zikelalarm II” den Alldag vum Enseignant zum Thema.
Boaw, wat waren dat zwee Joer!
Well ech esou villes, wat am Enseignement geschitt war, net méi richteg verstanen hat, deemools, virun dräi Joer, an ech mengen, dat mierkt ee ganz gutt, wann een am “Zikelalarm I” liest, sinn ech nees zréck an d’Schoul gaangen: do soll ee jo eppes léieren, am Fong, an da soll een d’Welt besser verstoen, gëtt gesot. Also am Idealfall soll dat esou sinn, esou stelle mir eis dat vir an esou hätte mir et gär, an esou wir et och ganz praktesch, och wann et an der Wierklechket seelen esou ass. Konjunktiv an Indikativ eben… déi koumen nach ni op ee gringen Zwäig.
Ech hat mech deemools, virun dräi Joer, fir ee Masterstudium op Distanz, dat sech “Schoulmanagement” nennt, zu Kaiserslautern ageschriwwen. An ech hunn och bis zum Schluss duerchgehalen, och wa vill Saachen, dei ech do geléiert hunn, mir schwéier um Mo leien. Mee duerch Reiwung entsteet Hëtzt, an d’Hëtzt ass eng Form vun Energie an esou sinn ech net onzefridden, datt ech dat Studium gemaach hunn. Allerdings huet dat Ganzt dach een navell batteren Nogeschmaach: ech hunn all déi Zäit näischt geschriwwen. Nee, dat ass falsch, ech hunn déi Zäit keng Bicher geschriwwen. Ech hunn net u Bicher geduecht, ech hu keng Iddie gesammelt an ech hunn net u Bicher geschafft, ech hat einfach keng Zäit dofir.
Wei esou dacks a mengem Liewen, grad wann eppes gutt ufänkt ze dréinen, da maachen ech eppes Anescht. An et war gutt gelaf, virun dienen dräi Joer: “Muedebëtzeg” hat 2012 de Lëtzebuerger Buchpräis kritt, “Roughmix” 2015 de Servais-Präis an “Zikelalarm I” war ee richtege Lëtzebuerger Bestseller. An dunn,… jo du koum näischt méi, ausser Klausur, Wëssenschaft, Häusaarbecht, Masteraarbecht, Bologna… een anert Liewen.
Elo mellen ech mech zréck, mat “Zikelalarm II”.
Et gëtt esou Momenter, do gings de am léifsten d’Béngele bei d’Tromm geheien…
Ech hunn elo just esou ee Moment “duerchlieft”: Mam Zikelalarm II - Text war ech elo ee Joer op Tournée. Den Text huet gelieft, huet sech weiderentwéckelt, ass gewues an nees zréckgeschnidde ginn, ass geännert an nach eng Kéier geännert an ugepasst ginn. Je alles wat een Text an engem Joer muss erleiden huet en erlidden. (Ass e besser ginn?)
Elo soll en dann als Zikelalarm II a Buchform erauskommen. Da verännert en sech net méi, da gëtt en a Stee gehummert, an Eise gegoss… FREEZE!
A wéi ech no laangem Iwwerschaffen, Verbesseren, Ergänzen a wat weess ech nach net allem, den Text endlech esou wäit fäerdeg hat, datt ech en dem Remy Kraus an d’Lektorat schécke wollt, du war en op eemol verschwonnen… an den onergrëndlechen Déifte vun der Festplak war e verluer gaangen, an och ganz vill sichen huet en net méi zréckbruecht, un d’Uewerfläch, op den Ecran.
Mir ass just eng Printversioun bliwwen, déi ech, wéi duerch e Wonner, an opgrond vun enger onerkläerlecher Intuitioun gemaach hat.
An déi Printversioun ass elo d’Virlag fir de Verlag ginn… nach ëmmer froen ech mech, wat do eigentlech geschitt war.
Den 20.7. 2016 um 20.00 Auer am Little Wookstock zu Iernzen testen de Roger Melcher an ech, ob mir et nach kënnen, no dier laanger Paus vun dräi Joer.
An déi Paus war och néideg! Nodeems de Paul Lebrun eis fir ëmmer verlooss hat an ech mech fir ee Studium zu Kaiserslautern ageschriwwen, konnt et net einfach esou weider goen. A wa mir elo just zu zwee sinn, dann ass dat an éischter Linn aus Respekt fir de Paul. Him seng Plaz wollte mir net einfach esou mir näischt dir näischt nei besetzen. Wann iwwerhaapt, da maache mir dat an der zweeter Etappe. An dat hängt elo vun Ärem Uerdeel of!
Haart Musik fir haart Zäiten ass also nees de Motto: Zwou Stëmmen, eng Dosen Harpen, eng akustesch Gittar, de volle Programm mee keen Akkord zevill.
Et ass wéi beim Motor vun engem Auto: d’Astellung muss stëmmen, da kanns de Gas ginn.
See you at Little Wookstock… mir hunn d’Ënnerstëtzung batter néideg.