“Schmeier!”: d’Première en Donneschdeg, den 9.11., am Cube zu Maarnech

Ech sinn elo voll am Tunnel!

Wann elo ee mech freet, wéi de Programm 2016 vum Kabaret Sténkdéier dann esou ass, ob e gutt ass, ob d’Qualitéit stëmmt, weess ech näischt ze zielen… ausser vläicht e puer Floskelen.

Ech hunn déi Texter elo iwwert ee ganzt Joer mat mir erëmgeschleeft, se geschriwwen, zesumme mam Alain, nei geschriwwen, iwwerschafft, verbessert, eweggeheit, begruewen, nees ausgegruewen, verluer a schliesslech gemengt, datt een dien een oder anere kënnt zréckbehalen.

Dunn hunn ech se iwwerschafft an den Alain an ech hunn d’Rolle verdeelt, esou wéi mir et fir gutt fond hunn. Dunn hunn ech d’Texter den Acteure geschéckt, dem Conny an dem Irène, dem Nico an dem Gilles, a mir all zesummen hu se gelies an dono nees geännert. Mir hu se gekierzt an nach eng Kéier geännert.

Mir hu se geléiert, auswendeg geléiert, an nees vergiess. Mir hu se nach eng Kéier gekierzt an ëmgeschriwwen. Dunn hu mir se gespillt, lues, séier, mat vill Emotioun, ouni Emotioun, ëmmer an ëmmer nees nei probéiert, bis se lieweg goufen… op eemol.

Elo si mir am Cube mat de Generalprouwen am gaangen… wat eng Opregung! Gëschter huet de Carlo d’Bühn opgeriicht; haut maache mir mam Filip d’Luuchten an de Sibi kënnt nach eng Kéier Fotoe maachen.

Mir hoffen, datt haut alles gutt klappt, wëll dann hu mir e Mëttwoch fräi, die leschten Owend, ier et véier Wochen um Stéck fummst….

An en Donneschdeg ass Première, um 20.00 Auer kacht et zerguddst, an ech weess ëmmer nach net net, wat ech vum Programm soll halen.

Ech hunn alles ze vill dacks héieren ;-)

Comments are closed.