Zikelalarm II … release 15.9.

Boaw, wat waren dat zwee Joer!

Well ech esou villes, wat am Enseignement geschitt war, net méi richteg verstanen hat, deemools, virun dräi Joer, an ech mengen, dat mierkt ee ganz gutt, wann een am “Zikelalarm I” liest, sinn ech nees zréck an d’Schoul gaangen: do soll ee jo eppes léieren, am Fong, an da soll een d’Welt besser verstoen, gëtt gesot. Also am Idealfall soll dat esou sinn, esou stelle mir eis dat vir an esou hätte mir et gär, an esou wir et och ganz praktesch, och wann et an der Wierklechket seelen esou ass. Konjunktiv an Indikativ eben… déi koumen nach ni op ee gringen Zwäig.

Ech hat mech deemools, virun dräi Joer, fir ee Masterstudium op Distanz, dat sech “Schoulmanagement” nennt, zu Kaiserslautern ageschriwwen. An ech hunn och bis zum Schluss duerchgehalen, och wa vill Saachen, dei ech do geléiert hunn, mir schwéier um Mo leien. Mee duerch Reiwung entsteet Hëtzt, an d’Hëtzt ass eng Form vun Energie an esou sinn ech net onzefridden, datt ech dat Studium gemaach hunn. Allerdings huet dat Ganzt dach een navell batteren Nogeschmaach: ech hunn all déi Zäit näischt geschriwwen. Nee, dat ass falsch, ech hunn déi Zäit keng Bicher geschriwwen. Ech hunn net u Bicher geduecht, ech hu keng Iddie gesammelt an ech hunn net u Bicher geschafft, ech hat einfach keng Zäit dofir.

Wei esou dacks a mengem Liewen, grad wann eppes gutt ufänkt ze dréinen, da maachen ech eppes Anescht. An et war gutt gelaf, virun dienen dräi Joer: “Muedebëtzeg” hat 2012 de Lëtzebuerger Buchpräis kritt, “Roughmix” 2015 de Servais-Präis an “Zikelalarm I” war ee richtege Lëtzebuerger Bestseller. An dunn,… jo du koum näischt méi, ausser Klausur, Wëssenschaft, Häusaarbecht, Masteraarbecht, Bologna… een anert Liewen.

Elo mellen ech mech zréck, mat “Zikelalarm II”.

Comments are closed.