Liesungen am Fréijoer

March 14th, 2011

Op folgend Plazen liesen ech am Fréijoer fir Kanner:

5.4. Bibliothéik Diddeleng

7.4. Sonneschoul Noertzange

28.4. Bibliothéik Déifferdeng

29.4. Bibliothéik Veianen

24.5. Bibliothéik Diddeleng

rolmeyersmall.jpg

The Winklepickers Gigs

March 14th, 2011

Hei d’Lëscht vun de Concerten, déi mir am Fréijoer spillen. Vläicht hutt Dir eng Kéier Zäit fir laanscht ze kommen:

29.4. Private Party at BBs

28.5. Blues op der Buerg - Buerglënster

10.6. Blues Club - Sang a Klang - Lëtzebuerg

24.6. Blues after Work - Abtei Neumünster - Lëtzebuerg

16.7. Blues & Jazz Rallye - Lëtzebuerg

cfl02small.jpg

“Haddocks and french kisses” de neien Winklepickers-CD

March 10th, 2011

Haut ass den D-Day. D’Opnahmen am Studio fänken un. Als Aarbechtstitel hu mir eis “Haddocks and french kisses” ginn. Klengt gutt a wat et heesche soll kënnt Dir mir jo hei schreiwen.

D’Motivatioun ass do a wann et elo och mat der Technik klappt, da misst dien nächsten R&B-CD aus Lëtzebuerg eng ronn Saach ginn.

tele.jpg

“Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen” elo an der 2. Oplo

February 27th, 2011

Et gëtt der also nees: d’Piratekapitäne si nees do an de Barry Lee ass nees iwwerall ze kréien. Dat ass gutt! Fir all déi, déi dëst wonnerbaart Buch fir Kanner nach net gelies hunn, ass et nees méiglech et an de Bicherbuttéker ze kafen. Also net laang gezéckt! Natierlech kënnt Dir et och direkt hei am Bicherbutték op dëser Säit bestellen.
barrysmall.jpg

D’Schwéieschen vum Eric Assous

February 27th, 2011

Den Theater.lu spillt am Moment zu Esch, Lëtzebuerg, Iechternach an Ettelbréck dëst lëschtegt Stéck. Flott ass et fir mech wëll do meng zwou “Theaterschoulsjofferen” Carole Flesch a Vanessa Brück matspillen.

Informatiounen gëtt et hei!

Kinnek ouni Kroun

February 17th, 2011

Die neie Musical vum Holzwuerm gëtt den 2., 3., 4., 5. a 6. Mee zu Maarnech am Cube 521 gespillt.

De Michel vun Donnerbuerg kënnt eigentlech e gléckleche  Kinnek sinn: Hien huet e schéint grousst Räich vun sengem Papp, diem berühmte Waldemar vun Donnerbuerg geierft, hien huet trei Ennerdoen an Dinger an eng gutt Mamm.

Wann et do net déi véier hannerhälteg an duerchdriwwe Ritter ging ginn, déi et op seng Kroun, säi Schatz a säi ganzt Räich ofgesinn hunn. Si knäppen dem Michel eppes no diem aneren of, bis hien um Enn, esou wéi den “Hans im Glück”, just nach mat diem do steet, wat hien um Leif dréit. An dat ass net vill!

Mee de Michel ka kämpfen, hien huet Courage, och wann hien nach net richteg wees, wat dat eigentlech ass. An esou, mat der Hëllef vum Alicia, der Prinzessin vu Blëtzhausen, geléngt et him, dien terribelen, schrecklechen on onheemlech béisen Draach Bazekapp opzedreiwen.

Soll hien dien dann elo Meeschter ginn, mat sengem Säwel Excalibur?

Hei fand Dir weider Infoen: www.holzwuerm.lu
kkrittersmall.jpg

Quote-Joffer-Mann

February 16th, 2011

Hmm, vill gëtt dëser Deg iwwer d’Fraequot fir an d’Direktioune vu Firme geschwat.

D’Iddi gëtt et scho laang, elo kënnt neie Wand vu Bréissel, just hei zu Lëtzebuerg deet sech nach net vill. Wéi et schingt maache Betriber, déi eng 50/50-Situatioun hunn, méi Benefice, si méi produktiv wéi Betriber, an dienen d’Männer d’Iwwerhand behalen.

Wann dat esou ass, da bieden ech eis Educatiouns- an Héichschoulsresponsabel, och ganz séier dofir ze suergen, datt eng Quot an den Enseignement an iwwerhaapt an d’Betreiung vun de Kanner a Crèchen a Maison relaisë kënnt. Fir vill Kanner bléift de Mann en exotescht Wiesen, dat hinne ganz selen iwwer de Wee leeft a mat diem se esou gutt wéi ni a Kontakt kommen, bis … bis bei de Paschtouer bei der éischter Komioun.

Saint Nicolas

February 14th, 2011

Stellt Iech nëmme vir, Polizisten gingen een Auto unhalen, an ee vun den Insassen mat rassistesche Parolen beleidegen. Gutt, datt dat bei eis a Lëtzebuerg net virkënnt!

An dorops ging ee vun den Insassen d’Poliziste vernennen. Gutt, datt et bei eis zu Lëtzebuerg “Beamtebeleidegung” net gëtt!

De Papp  vun diem “Beamtebeleideger” ging dono mat sengem Jong, eben dem “Beamtebeleideger”, op de Policebüro goen, an der Police soen, datt si elo hiere Budget gekiirzt kréichen. Esou eppes ass zum Gléck bei eis net virstellbar, an esou brauche mir guer net driwwer nozedenken, wat dat da ging heeschen, wann die Papp e Minister wir. Nee, do kënne mir eise Kapp a Rou leeën!

Bei eis ass et och komplett onméiglech, datt esou polizeiintern Rapporten de Medien zougespillt ginn. Wat hu mir eng Chance!

Eisen Innenminister ging, wann esou eppes wierklech ging a Lëtzebuerg geschéien, wat iewer komplett onméiglech ass, och direkt kloer Positioun bezéien. Klipp a kloer!

An eise Premier ging sech mat honnertprozenteger Sécherheet vun esou engem Verhalen distanzéieren!

Ech si frou, datt ech net an engem Land wunnen, wou esou Saache geschéien!

Méi ass et net

February 14th, 2011

Fir den Hierscht plange mir e neit Buch, dat déi beschten Texter vum “Kabaret Sténkdéier” vun diene leschte 5 Joer zesummefaasst. No “Modern Welt” a “Gutt ze wëssen”, déi ëmmer nach disponibel sinn,  an hei am Shop kënne bestallt ginn, ass et deemno déi drëtt Anthologie mat Stécker vum Tom Kraemer, Remy Kraus a mir.

“Méi ass et net”, ass een vun den Aarbéchtstitele vum neie Buch.

logostenkdeier.jpg

China Girl

February 7th, 2011

“Wat dann all déi Touristen an diem autoritären, diktatoreschen Ägypten verluer haten? Dohinner geet een dach net an d’Vakanz!” Vun engem Moment op dien aneren war et fir vill Leit nees eng Kéier kloer, wien déi béis a wien déi gutt sinn. Esou einfach a virun allem esou séier geet et. Mat engem wie dem Mubarak, nee, mat esou engem hate mir näischt, hu mir näischt a wäerte mir näischt ze dinn hunn. A scho guer net bei esou een an d’Vakanz goen an domat diem säi Regime och nach ënnerstëtzen.

Eist nationaalt gëllend Meedchen ass do manner wieleresch: ouni sech ze genéieren ass hatt einfach esou a China an d’Vakanz gefuer. Einfach esou! Wéi wann a China alles an der Rei wir. Wéi wa China eng Demokratie wéi eng aner wir…