“Blues an der Buerg” leider ouni d’Winklepickers

May 26th, 2011

Wéinst engem Krankheetsfall kann de Paul Neuen, de Batteur vun de Winklepickers, e Samschdeg net optrieden. D’Winklepickers spillen also dëse Concert net. Fir - gudden - Ersaz ass iewer gesuergt: d’Bandits iwwerhuelen an wäerten d’Bühn zum Wakele bréngen.

De “Kinnek ouni Kroun” ass eriwwer

May 17th, 2011

Mir haten eng koppeg Preparatioun: d’Opféierunge waren eigentlech ee Mount ze fréi a virun den Opféierungen war d’Ouschtervakanz, déi de Rhythmus gebrach huet. Zum Schluss sinn d’Kanner iewer iwwer sech erausgewuess a mir haten e Superresultat.

Insgesamt waren et 9 Virstellungen am Cube 521 zu Maarnech: 7 ausverkaaften Opféierungen fir Schoulklassen mat all Kéier 250 Visiteuren, eng Virstellung fir al Leit an dann de Freidegowend, d’Galavirstellung mat wäit iwwer 250 Spectateuren. Domadder hunn also wäit iwwer 2300 Leit de “Kinnek ouni Kroun” gesinn.

28.05.2011: “1. Blues & Jazz an der Buerg” mat de Winklepickers

May 6th, 2011

Zesumme mat Lupo and Friends an dem Fred Barreto Group spille mir den 28. Mee an der Buerg bei der Jugendherberg. Eise Gig ass fir 22.00 Auer geplangt.

Informatioune gëtt et hei!

burgblues.jpg

Theaterschoul als Courrier de l’Éducation nationale - N° spécial

May 4th, 2011

Eng ganz Broschür iwwer de Kannertheater an de Lëtzebuerger Grondschoulen hunn ech an diene leschten zwee bis dräi Joer geschriwwen an déi ass elo als N° spéciale beim Ministère de l’Éducation nationale erauskomm. Wann Dir se net automatesch kritt hutt, iewer drunn interesséiert sidd, kënnt Dir Iech bei mir mellen, ech schécken Iech se gären.

theaterschoul-klein.gif

De neie “Cliärrwer Kanton” ass do

May 4th, 2011

Die neie “Clärrwer Kanton” ass elo just eraus mat elo schonns mengem 9. Artikel aus der Rei : Ein Ort, ein Buch, ein Restaurant. D’Buch ass dës Kéier “Drei Dollar” vum Australier Elliot Perlman, den Ort ass d’Naturschutzgebitt “Conzefenn” bei Elwen am Norde vum Land an de Restaurant ass d’”Ecuelle” zu Wilwerdang. Wann Dir also eng Kéier an de Norde vum Land fuert a wëlles hutt iessen ze goen, da kënnt Dir iech hei informéieren.

dck.jpg

Reservatiounen fir “Kinnek ouni Kroun”

March 24th, 2011

Et gëtt enk, wat d’fräi Plaze fir dem Holzwuerm säi neie Musical “Kinnek ouni Kroun” am Cube 521 zu Maarnech betrëfft. Fir Schoulen ass nach mëttwochs mëttes Plaz a fir déi Grouss freides owes. Mee et muss een sech bäimaachen…

Hei fand Dir Informatiounen.

rittersmall.jpg

“Mango Panda”, e Buch iwwer d’Léift

March 21st, 2011

Gëtt et Léift mat 12 Joer? Ech soe jo!

Mango Panda ass d’Fortsetzung vum “Décken dommen Dudu”. Geet et am Dudu em een décke Jong, dien e ganze Koup Problemer an der Schoul huet, esou ass am “Mango Panda” e schlankt Meedchen d’Haaptpersoun, dat eigentlech guer keng Problemer dierft hunn. Dat, op d’mannst, denkt hatt.

Informatiounen op RTL.

rolsmall.JPG

“Tschungel-Kämp”, d’Revue 2011 huet den 11.4. Première

March 20th, 2011

De Lëtzebuerger Theater huet den 11. Abrëll Première mat der Revue 2011 wou och nees dien een oder aneren Text vu mir wäert dobäi sinn. Gespillt gëtt zu Lëtzebuerg, Esch an Ettelbréck.

Hei fand Dir Informatiounen.

logo.gif

“Das dritte Auge” e Buch vu Jugendlechen

March 17th, 2011

Virun zwee Joer hunn ech mat 6 Schülerinnen aus der “Ecole privée St. Anne” vun Ettelbréck e Buch geschriwwen. Den Erléis vum Verkaf ass fir d’Alupse gewiescht an dëser Deg hunn d’Meedercher de Scheck iwwerreecht. Et war e flotte Projet, an d’Buch, dat mir zesumme geschriwwen hunn, ass och ganz flott. Dir kënnt Iech un d’Schoul wenden, wann Dir d’Buch gären hätt.

Hei nach Informatiounen aus dem “Wort”.

covercol2small.jpg

Ëmmer méi 4. Zikel liesen “Den décken dommen Dudu”

March 17th, 2011

An der Lescht hunn ech eng ganz Rei Réckmeldunge kritt, vu Kanner a vu Léierpersonal aus dem 4. Zikel, esou heescht haut d’5. & 6. Schouljoer, déi “Den décken dommen Dudu” liesen. De Kanner gefällt virun allem den Dudu selwer a si hunn d’Buch gär, wëll et esou lëschteg ass. D’Léierpersonal schätzt d’Lektür, wëll e ganze Koup Themen opgegraff sinn, déi och am ganz gewéinlechen Schoulalldag ëmmer nees opdauchen an esou Ulass zu Diskussioune ginn. Dacks gëtt an dësem Zesummenhang och d’”Opbaue vu soziale Kompetenzen” erwänt.

Hei eng Rezensioun vum Carmen Heyar am Lëtzebuerger Land.

dudusmall.jpg