Béierdéckelsgespréicher 2011, déi grouss Biergpriedegt

January 31st, 2011

E Samschdeg den Owend war ech an d’Mierscher Kulturhaus de Jay Schiltz, net Famill mam Lulu, wéi hien ausdrécklech betount, kucken, oder besser gesot lauschteren. Die grousse Priedeger huet eis, am Stil vun de 70`,  zolitt d’Levite gelies, eis et uerdentlech lafe gelooss, eis zerguttst op d’Fanger geklappt. An dat bescht, iwwer sengem Monolog huet hien sech esou richteg an d’Roserei geried, an eis esouguer erkläert, firwat hie Kabaret mécht. Esou eppes hate mir scho laang net méi!

Gitt d’Béierdéckelsgespréicher 2011 kucken!

Neien CD vun de Winklepickers

January 29th, 2011

Et ginn elo geschwënn dräi Joer datt mir am Studio waren fir “12 R&B Knockouts” opzehuelen. Dësen CD ass bis op e puer Exemplaren verkaf an elo gëtt et also nees esou lues Zäit, fir e neien ze maachen. Mam Paul Neuen um Jatz wäert dat eng zimlech zolitt Saach ginn. Fir de Mäerz hu mir de Studio gebucht an am fréie Summer soll d’CD erauskommen. Fir déi eng oder aner Iwwerraschung ass da gesuergt!

Merci dem Armand Wagner fir d’Foto.

thewps.jpg

Artikel iwwer d’Theaterschoul am Lëtzebuerger Wort

January 24th, 2011

E Samschdeg, den 22.1.2011 hat d’Mireille Meyer e ganz flotten Artikel am Wort iwwer d’Aarbécht vun der Theaterschoul. Den Ophänker waren eis “Schnupperkuren” zu Walfer, mee och déi aner Aktivitéiten an Aspekter vun der Theaterschoul goufe gutt beliicht. Merci Mireille!

Hei ass den Artikel: http://www.klikit.lu/walferdange/4924235.html

theaterschoul-klein.gif

Liesung op der Kibum

January 24th, 2011

En Dënschdeg, den 1.2.2011 liesen ech zu Miersch am Literaturzenter um 10.00 Auer aus dem “décken dommen Dudu” fir de 4. Zikel. Soss war dat d’5. an d’6. Schouljoer, oder och nach den Uewergrad. Ech hu scho laang net méi aus dem Dudu virgelies an ech freeë mech drop. Dat gëtt normalerweis e ganz lëschtege Moien!

kibum.jpg

Een Theaterstéck fir d’Joer vum Bësch

January 20th, 2011

Ech sinn elo grad am gaangen en Theaterstéck fir Kanner am Alter vun 10 bis 12 Joer ze schreiwen, dat als Thema de Bësch huet. D’Uno huet 2011 zum internationale Joer vum Bësch ausgeruff an zesumme mam Fierschter Serge Hermes vum Centre de Découverte de la Forêt Burfelt maache mir am Kader vun der Lëtzebuerger Theaterschoul e Projet, an diem sech Klassen an Equipe aus dem 4. Zikel kënne mellen, fir dëst Theaterstéck ze spillen.

Ech freeë mech elo schonns op dës Aarbecht an all déi vill verschidden Opféierungen!

besch.jpg

De Gig am Ancien Cinéma

January 18th, 2011

De Gig war nees eng Kéier super, och wann e puer Leit gesot hunn et wier ze haart gewiescht an d’Paus ze laang.

Villmools merci, datt Dir all do waart; an als Belounung dës Foto vun eisem Bassist Paul Lebrun, gemaach vum Claude Sibi Sibenaler…

20110115-230527-364.jpg

Eis Lëtzebuerger Arméi

January 13th, 2011

Ech hunn elo just en Text fir d’Revue 2011 vum Lëtzebuerger Theater geschriwwen. Dien Text huet als Thema d’Lëtzebuerger Arméi. Wéi ech fäerdeg war, stung mir den Angschtschwees op der Stier. Wat wir, wann elo d’Schwäizer - zanter dem 2-1 an dem Juncker sengem Kaméidi mam Blocher ass dat jo wuel den Ennemie - also wann d’Schwäizer elo wéillten iwwer eist Ländchen hierfalen. Wier eis gloräich groussherzoglech Arméi iwwerhaapt an der Verfaassung, sech géint die Géigner zur Wier ze setzen? Ech hunn do esou meng Zweifel:

- De Colonel Ries misst fir d’éischt mat sengem Affekot schwätzen.

- De Generol Reinig wier am Congé.

- De Colonel Duschène wéist net, ob hie wierklech Chef d’Etat-major wier, ob hien also eppes ze soen hätt.

- Den Halsdorf ging schwadronnéieren an de Schiltz sech diskret am Hannergrond zréckhalen.

- De Juncker wier am gaangen iergendswou an der Welt den Euro an Europa ze retten an ging vun diem Iwwerfall emol näischt matkréien.

Mir ging näischt anescht iwweregbleiwen, wéi selwer zu de Waffen ze gräifen oder mech aus dem Stëbs ze maachen.

The Winklepickers @ Ancien Cinéma Vianden - 15.1.2011

December 31st, 2010

Fir eis ass et ëmmer nees eng Freed zu Veianen am Ancien Cinéma ze spillen.

E puer nei Stécker hu mir mat vum Lucerne Blues Festival bruecht an déi wëlle mir Iech mat vill Freed zum Beschte ginn.

Wann Dir Zäit a Loscht hutt gesi mir eis de 15.1.2011 géint 21.00 Auer zu Veianen.

The Winklepickers at Lucerne Blues Festival

2. Oplo vun “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”

December 31st, 2010

Vill vun Iech wäerte soen, wéi, elo schonns eng zweet Oplo!

Fir mech huet et iewer zimlech laang gedauert, ech hat gemengt esou ee schéint, flott, lëschtegt, gutt, eescht, faarwegt, interessant a wichtegt Buch ging sech vill méi séier verkafen.

Mee et huet sech iewer net méi séier verkaf.

Wourunner dat läit? Vläicht ieren ech mech, an et ass guer net esou ee schéint, flott, lëschtegt, gutt, eescht, faarwegt, interessant a wichtegt Buch, wéi ech gemengt hat. Oder huet et aner Grënn? Ech wees et net!

Ech freeë mech elo emol datt déi zweet Oplo am Ufank vum Joer 2011 erauskënnt a vläicht verkeeft se sech jo méi séier wéi déi éischt. Dat wir gutt, wëll dat ging heeschen, datt ganz vill Kanner a bestëmmt och ganz vill Erwuessener d’Geschicht vum Barry Lee a sengem Kolleg dem Pit, déi wëllen iwwer d’Péitruss an d’Uelzecht bis an Uruguay fueren, fir dem Barry Lee säi Papp ze besichen, dien do als Piratekapitän schafft, ginge liesen. Dobei stéiert si och net, datt de Barry Lee d’Nessie, säi Goldfësch, am Bauch huet an den Archibald Mc Cloud, dat schrecklecht schottescht Schlassgespenst, am Rucksak…

Eng schéi Geschicht, ech hu se schonns 14mol gelies!

de Barry Lee