August 1st, 2011
Bei der Final vum Virlies-concours hunn ech dëst wonnerbaart Buch geschenkt kritt an elo war an der Vakanz die richtege Moment, fir et ze liesen. Virun allem die geschichtleche Strank vun der Famill Meier, déi sech op de Wee a Brasilie gemaach, et iewer net iwwer Bremen eraus gepakt huet, huet mir gutt gefall.
Donieft huet mech villes u mäin “aalt” Buch vun 2001 erënnert: “Eng Foto vum (Klëppel)Krich”, an diem et och die geschichtlechen an dien aktuellen Erzielstrank iwwer d’Asylanten aus dem Kosovo gëtt.
Informatiounen fand Dir hei op der Säit, … a wann Dir hei klickt.
Posted in Bicher | No Comments »
July 24th, 2011
Et ass elo Vakanzenzäit. Dat ass gutt. Wëll do hunn ech endlech nees genuch Zäit fir de Skript vu mengem neie Buch “Muedebëtzeg” ze iwwerschaffen, an, hoffentlech geschwënn, ofzeschléissen. Iwwer zwee Joer hunn ech un diem Buch fir Erwuessener geschafft, an elo denken ech, datt et fir Chrëschdeg kënnt fäerdeg ginn. Mee ech paken Holz un, zanter ech un der “Theaterschoul” schaffen, hunn ech net ëmmer déi néideg Zäit, déi néideg Motivatioun, die néidegen Iwwerbléck…
An dësem Moment sief just esouvill verroden: et geet am neie Buch em Verfall, Krankheet, Doud. Net onbedingt flott Themen. Mee dës Kéier huet et misse sinn. Fir mech war dësen Text ganz wichteg an huet missen eraus.
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »
July 17th, 2011
Ganz gutt ass et gëschter gelaf, mir waren alle véier tipptopp a Form a mir hate Chance: knapps war eise Gig eriwwer, dunn huet et ugefaangen wéi aus Eemeren ze schëdden. Déi vill Leit, déi eis nogelauschtert haten, waren op ee Coup verschwonnen a hu probéiert sech ënnerdaach virum Reen ze retten.
Dien Dag virdrunn hat den “L’essentiel” schonns een Artikel iwwer d’Winklepickers an de Blues and Jazz Rallye gedréckt, fir d’Leit esou op den Owend anzestëmmen.
Hei kënnt Dir dien Artikel liesen.
Posted in Musik | No Comments »
July 8th, 2011
De 16.7.2011, um genee 20.00 Auer spille mir an der “rue de la Tour Jacob” um “Accor Little Blues Corner” eise leschte Gig fir dës Saison. Dono ass Summerpaus an am Hierscht sinn ech mam Kabaret Sténkdéier ënnerwee, esou datt d’Winklepickers och do pauséieren. Nächste Rendez-vous ass dann am Dezember wa mir eisen neien CD “Haddocks and French Kisses” virstellen.
Hei gëtt et Informatiounen iwwer de Blues and Jazz Rallye.
Posted in Musik | No Comments »
July 8th, 2011
Zu Bascharage, Harel, Wëlwerwolz an an der Ste-Sophie hunn d’Klassen et schonns gespillt. Déi nächst Woch ass de Rendez-vous zu Buerglënster an am Oktober nach zu Käerch. Zesumme mat der Naturverwaltung a virun allem dem Fierschter Serge Hermes huet d’Theaterschoul dëse Projet op d’Bee gestallt an et ass elo immens flott, all déi verschidden Produktioune vun diem selwechte Stéck ze gesinn. Wat hunn déi verschidde Klassen anescht gemaach, wat ënnerscheed hier Optrëtter, mee och, wat ass iwwerall d’selwecht, wou an op wat ass Wäert geluecht ginn? Fir mech als Auteur ass et natierlech ganz interessant ze gesinn, wéi de Public reagéiert a wéi d’Stéck ukënnt.
D’Theaterschoul stellt de Lëtzebuerger Grondschoulen dëst Stéck fir dat nächst Joer als Theaterwalliss zur Verfügung, esou datt eng gewëss Hohaltegkeet fir de Projet erreecht gëtt, wat dem Thema ganz entsprécht. An der Theaterwalliss sinn d’Kostümer, d’Kulissen an de Script; fäerdeg fir d’Prouwen a fir d’Opféierung.
Hei kënnt Dir d’Walliss reservéieren…
Posted in Theater | No Comments »
July 1st, 2011
D’Äerdbier ass zeideg, de Rubarb giess. Dat ass dat séchert Zeechen, datt et Zäit gëtt fir die neie Programm vum Kabaret Sténkdéier. Eng ganz Rei Texter si geschriwwen an elo geet et geschwë mat de Präparatiounen vun den Owenter am Hierscht am Literaturzenter an am Kulturhaus zu Miersch un.
“Schwaarze Péiter” ass d’Thema, den Ophänker. An dat passt wéi d’Fauscht op d’A! Mir liewen an enger Zäit, an dier kee wellt Verantwortung iwwerhuelen, an dier jiddereen diem aneren de schwaarze Péiter wëllt zouschousteren, an dier et normal ass, dien aneren gewäerden ze loossen an ze hoffen, datt ee selwer näischt muss maachen. Egal ob an der Politik, an der Erzéiung, am Sport oder am Privaten: lee dech net aus der Fënster, soss kënns du emol naass ginn, hal dech besser bedeckt, da geschitt dir net esou séier eppes: fräi no dem Fernand Wark sengem Motto: “Wann ee laacht, da laacht mat; wann een drénkt, dann drénkt mat, a wann ee schafft… da loosst e schaffen.”
Am Oktober geet et lass…
Posted in Kabaret | No Comments »
July 1st, 2011
Dës Woch war zu Diddeleng am wonnerbare Sall vum Kulturzenter “Op der Schmelz” d’Finale vum nationale Virlies-concours fir all d’Kanner aus dem 4. Zikel. Ech hunn och dëst Joer d’Moderatioun gemaach a festgestallt, datt et eng gutt Iddi war, datt all d’Kanner franséisch gelies hunn. Die ganze Nomëtteg war domadder méi eenheetlech an der Jury ass et och méi liicht gefall, d’Leeschtungen mateneen ze vergläichen. Eng richteg gelonge Finale mat herrlecher Musik vun de Schüler vun der Musikschoul Diddeleng.
Posted in Bicher | No Comments »
June 24th, 2011
Fir d’éischt d’Pateren, dono d’Knackien an elo d’Winklepickers…
Oppassen, de Gig fänkt schonns um 18.00 Auer un. Do musst dir fréi u sinn, a mir och! Nom Te Deum an der Militärparade emol nees eppes Handfestes an der Staadt; zwar och mat Hitt mee vill méi riichteraus.
Posted in Musik | No Comments »
June 14th, 2011
Méi wéi zefridde ware mir mat eisem Gig die leschte Freideg. De Sall war net ausverkaaft, mee d’Stëmmung war gutt a vun Ufank un hate mir d’Situatioun am Grëff. De Preston Shannon huet mech am éischten Deel vu sengem Optrëtt immens begeeschtert, seng Mëschung aus Blues, Jazz a Soul huet wierklech gedroen. Du sinn iewer op eemol esou Saache wéi Purple Rain, Gitarspille mat der Zong an Ausflich an de Sall komm, déi der Musik méi geschued an héckstens d’Tribüne begeeschtert hunn. De Fuedem war verluer. Schued; occasion râtée!
Posted in Musik | No Comments »
June 7th, 2011
E Freideg, den 10.6. spillen d’Winklepickers um 20.30 Auer am Bluesclub, rue Vauban, Lëtzebuerg-Pafendall. No eis spillt, an do kënne mir eis all schonns drop freeën, de Preston Shannon, “the king of the beale street”. De Paul ass nees um Dill an esou steet engem flotten Owend näischt am Wee.
Posted in Musik | No Comments »