“Dem Kinnek säi Bësch” fir déi leschte Kéier dëst Joer

October 17th, 2011

D’Naturverwaltung huet zesumme mat der Theaterschoul am Kader vum internationale Joer vum Bësch d’Theaterstéck “Dem Kinnek säi Bësch” lancéiert, dat ech geschriwwen hunn. Déi leschte Kéier kënnt Dir et elo dëse Weekend zu Käerch gesinn. Dono geet et als Theaterkoffer op d’Reess duerch d’Lëtzebuerger Grondschoulen.

Informatiounen gëtt et hei…

an hei.

Ass näischt an der Zeitung?

October 14th, 2011

D’Première gëschter Owend hu mir gutt iwwerstaan! E puer Onsécherheeten, mee alles huet tipptopp geklappt. Elo gëtt nach e bëssen um Programm gefeilt, dann ass et perfekt. Ech sinn déck zefridden.

Allerdings ass gëschter och nees vu ville Leit d’Fro gestallt ginn: “Et war näischt an der Zeitung!?”  En ettlech Leit haten de Rendez-vous bal verpasst, wëll se näischt gewuer gi sinn. E Mini-Artikel am Wort, e puer Minutten um 100,7; an dat war et… Maache mir do eppes falsch oder huet dat aner Grënn?

Haut ass d’Première vum “Schwaarze Péiter” a vun “Méi ass et net”

October 13th, 2011

Gespaant si mir nees all! No engem halwe Joer Schreiwen a wochelaangem Prouwen kann ech am Moment guer näischt soen. Ech hunn hunn zwar e gutt Gefill, mee wéi et de Leit gefällt weess ech net. De Fanger ass nach ëmmer net ganz an der Rei, dofir ass d’Musik dës Kéier anescht wéi déi lescht Joeren. Ob dat elo manner gutt ukënnt musse mir nach ofwaarden. Ech si frou, datt et elo lass geet an de Stress vun diene leschten Deg a Wochen noléist.

Frou sinn ech och, datt d’Buch fäerdeg ginn ass. Fir just 12 € kënnt dir “Méi ass et net” an der Oweskeess zu Miersch kafen, a gläich och hei um Site.

De “Schwaarze Péiter” am Endspurt

October 6th, 2011

Nach eng Woch bis d’Première! De Programm steet, wann d’Politik eis net nach weider op Trapp hält, déi nei Anthologie mat Texter (Méi ass et net; 2006 bis 2010) aus eise rezente Programmer ass do, de Keller am Literaturhaus fëllt sech. Elo komme nach d’Generalprouwen, da kann et lass goen. A jo, dem Fanger geet et besser, mee en ass nach net geheelt… ech hoffe weider!

Gutt Noriichte vun “Op der Lay”

October 4th, 2011

Gëschter si se komm, déi gutt Noriichten fir “Muedebëtzeg”! “Op der Lay” huet gring Luucht ginn fir d’Produktioun vum neie Buch fir Erwuessener. Elo ass et just nach eng Fro vun der Zäit, bis de Manuskript de Wee an d’Bicherbuttiker fënd. Zanter 2008 geeschtert mir dien Text elo am Kapp rondrëm, an ech si frou, wann e gedréckt ass, da verschwënd en do eraus.Vläicht!

SOS lénksen Zeigefanger

October 2nd, 2011

E Rietshänner gräift mat der lénkser Hand d’Säite beim Gitarspillen. Dat ass am Moment mäi Problem. Ech hu mech mat engem superschaarfe Messer a grad die wichtege lénksen Zeigefanger geschnidden, riicht duerch de Nool - et hat net vill gefeelt, da war en zolitt Stéck ganz erof - an elo ass die ganzen Heelungsprozess eng Course mat der Zäit ginn. D’Première vum “Schwaarze Péiter” ass den 13.10.. Am Moment kann ech nach keng Gitar spillen. Mir prouwen d’Lidder ouni Begleedung; wëssen also och net, wéi et herno klengt! Nach ëmmer ass de Fanger déck geschwollen, u Musikmaachen ass nach net ze denken. Drécke mer d’Daumen, dass et nach klappt!

“Den décken dommen Dudu” boomt!

September 23rd, 2011

Dat neit Schouljoer ass erëm ugaangen, an esou ginn nees e ganze Koup Bicher vun de Klasse bestallt. De Vull ofgeschoss huet iewer dëst Joer den “Dudu”! Hie gëtt ganz vill am 4. Zikel vun de Grondschoule gelies, iewer och ëmmer méi op der 7èmen vun de Lycéeën. Den “Dudu” ass déck beléift, dat freet mech! An en ass net deier! Dank dem Kultursponsoring vun “Islek ouni Grenzen” ass en och als Klasseset ze bezuelen, esouguer a Krisenzäiten.
Hei kënnt dir e bestellen…

“Méi ass et net” - dat neit Sténkdéier-Buch ass fir d’Première den 13.10 do!

September 17th, 2011

No “Modern Welt” a “Gutt ze wëssen” ass “Méi ass et net” elo dat drëtt Buch vun den Auteuren vum “Kabaret Sténkdéier”: Tom Kraemer, Remy Kraus a mir. Iwwer d’Summerpaus waren d’Präparatiounen e bëssen duerchernee gelaf, mee elo si mir nees an dier richteger Spuer! Fir d’Première vu “Schwaarze Péiter” den 13. Oktober zu Miersch am Literaturzenter ass d’Buch do. Dës Kéier gëtt et d’Highlights aus de Programmen vun 2006 bis 2010. Déi zwee éischt Bicher sinn ëmmer nach disponibel a kënnen hei am Bicherbuttik op dëser Säit bestallt ginn: an de Shop.
www.stenkdeier.lu

De “Kabaret Sténkdéier” ass op

September 9th, 2011

Endlech geet et lass! Dir kënnt elo buchen: 47 08 95   www.luxembourgticket.lu

D’lescht Joer hate mir gemengt, et ging biergop! Mee Quetschen och, d’Kriiss ass nees do, an dës Kéier zerguddst. Egal ob mer se elo Euro-, Schold- oder Bankekriiss nennen, Kriiss ass Kriiss. A kee Mënsch wäit a breed, dien eng Ahnung huet, wéi et elo soll weider goen. Kee Mënsch, dien engem kënnt soen, wat elo ze maachen ass.Dat selwecht Bild an der Edukatioun, bei de Krankekeesen, bei de Renten… ëmmer no dem Motto: lee dech nëmme net zur Fënster eraus, soss kënns de emol naass ginn.Esou stécht een diem aneren de “Schwaarze Péiter” zou, bougéiert net, mécht guer näischt, an hofft, datt een aneren eppes ënnerhëlt. Mee hate mir dofir d’Politiker gebraucht? Wann alles an der Rei ass, dann huet ee gutt, déck Téin ze späitzen. Wann de Wand iewer méi stiermesch bléisst, dann halen se sech hannerwands…

Hei ginn et weider Infoen!

De neie “Cliärrwer Kanton” ass do

August 26th, 2011

Esou séier geet et an ech hat et elo bal vergiess: de nei “Cliärrwer Kanton” ass do. Vu mir ass en Artikel iwwer d’”Theaterschoul” drann. Dës Zeitung kënnt véiermol am Joer eraus a bréngt eng Hellewull Informatiounen a Menungen iwwert an aus dem Norde vum Land. Zanter 1979 kënnt se elo schonns eraus a wann Dir se gär gingt abonnéieren oder wann Dir Iech dofir interesséiert, da klickt hei:

http://www.dck.lu/revue/abonnement