Am “Tageblatt” vun haut kënnt Dir Plaze wannen

October 29th, 2011

Dräi mol zwou Plaze fir de “Schwaarze Péiter”-Programm kënnt Dir haut am Tageblatt wannen.

Spillt mat!

De “Schwaarze Péiter” geet an déi zweet Ronn

October 28th, 2011

Léif Frënn vum Kabaret Sténkkdéier,
de Kabaret Sténkdéier paust déi nächst Woch.
Dono sinn nach den 9., 10., 11., 12., 16., 17., 18. an 19. November Virstellungen an der Maison Servais zu Miersch, all Kéier um 20.00 Auer.
Da plënnere mir an d’Kulturhaus: den 23., 24., 25. a 26. November spille mir ëmmer um 20.00 Auer an de 27. November schonns um 17.00 Auer.
“Méi ass et net” ass dat neit, elo schonns drëtt Buch mat diene beschten Texter aus de Programmer vun 2006 bis 2010. An der Oweskeess an op eisem Internetsite kënnt dir et kréien.
Bei Youtube fand Dir en “amuse bouche” vum aktuelle Programm.

Den neien Trailer ass do

October 26th, 2011

En décke MERCI dem Claude Sibi Sibenaler fir dien neien Trailer vum Kabaret Sténkdéier fir de “Schwaarze Péiter”-Programm 2011. Hei op Youtube kënnt Dir e kucken. Vill Spaass!

De “Kabaret Sténkdéier” am Keller vun der Maison Servais

October 25th, 2011

Et ass fir eis all Joer nees eng Freed am wonnerbaren, verwëllefte Keller vun der Maison Servais zu Miersch ze spillen. Zanter mir 1997 nees ugefaangen hunn, regelméisseg Kabaretsprogrammer ze produzéieren kënne mir déi am Keller vun dësem an den 80er Joeren vum 18. Joerhonnert gebauten Haus opféieren. Dëst Joer spille mir insgesamt 18mol am Nationale Literaturzenter, esou datt ronn 1800 Leit dohinner kucke kommen. Villmools merci de Leit aus dem Haus, a virop der Mme Germaine Goetzinger!
Flott ass et och, der Magret Steckel hiert schéint Buch “Servais” iwwer den Op an Of vun der Famill ze liesen, an esou an diem Haus méi kënneg ze ginn.

Hei kënnt Dir d’Buch bestellen.

Hei gëtt et Informatiounen zum Haus.

An hei kënnt Dir reservéieren.

Liesung “Den décken dommen Dudu” am Sportslycée

October 24th, 2011

En Donneschdeg de 27.10.2011 maachen ech eng Lisung vum “décken dommen Dudu” um INS am Sportslycée. Schonns zanter Joeren liesen se do op 7ème den Dudu, an elo freeën ech mech nees drop, mat de Schüler zesummen ze liesen an ze diskutéieren.

Hei gëtt et méi Informatiounen iwwer den Dudu.

De “Schwaarze Péiter” dës Woch

October 24th, 2011

No dier ganz flotter Virstellung vum leschte Samschdeg, freeë mir eis elo natierlich immens op d’Opféierungen vun dëser Woch! Mir spillen e Mëttwoch, en Donneschdeg, e Freideg an e Samschdeg all Kéier um 20.00 Auer zu Miersch am Keller vun der Maison Servais.

Dono ass eng Woch Paus. No véier Woche Prouwen an dräi Woche spillen kënnt eis déi Paus elo ganz zu paass!

Reservatioune sinn nach ëmmer ënner http://www.luxembourgticket.lu méiglech.

“Méi ass et net” - dat drëtt Buch mat Texter vum Kabaret Sténkdéier

October 21st, 2011

“Modern Welt” war dat éischt an ass am Hierscht 2001 erauskomm. Mir hunn do all d’Texter zanter 1988 - esou laang gëtt et de Kabaret Sténkdéier schonns (!!!)- zesummegefaasst, bis 2000. An diem Buch sinn nach net esou vill Texter, déi mir, de Remy an ech, zesumme mam Tom geschriwwen hunn, wëll hien eréischt 1999 bei de Grupp gestouss ass. An dësem Buch fand Dir ënnert anerem eis Klassiker “Cours de recyclage”, d’”Fouerlidd” an dat phänomenaalt “Um Camping”, dat de Berti dono ni méi wollt spillen:-).

“Gutt ze wëssen” ass  2006 erauskomm. Hei gëtt et eng Auswiel mat Texter vun 2001 bis 2006. Als Klassiker vum Kabaret Sténkdéier fand Dir hei “Äschermëttwoch”, “Ein Schiff wird kommen”, an de “Requiem fir de Lëtzebuerger Béier”. Eist “Béierlidd” spille mir am aktuelle Programm zesumme mam “Fouerlidd” als Zugab.

An elo, 2011, ass et dann u “Méi ass et net”. Mir hunn an dësem Buch déi Texter zesummegestallt, déi eis an diene leschte 5 Joer, also vun 2006 bis 2010 am beschte gefall hunn, an déi och bei de Leit am beschten ukoumen. Och heirënner gëtt et schonns Klassiker: “Metz-Lëtzebuerg”, d’”Clientskaart”, d’”Navettelidd”, de “Stacklëtzebuerger”, an, an, an, …

Also eng gutt Geleeënheet fir all déi Erënnerungen nees obliewen ze loossen… - Hunn ech dat dann elo net schéi gesot!

A wéi kommt dir nëmmen op déi Iddien?

October 20th, 2011

Dat ass eng Fro, déi mir immens dacks gestallt kréien. Wéi sot schonns de Maurice Maeterlinck esou schéin: “Iddien ze hunn ass himmlesch, se auszeschaffen ass d’Hell.” Et geet also virun allem em Drubleiwen, Disziplin an Aarbecht. Iergendwann sinn d’Iddien do, mee bis déi als fäerdegt Stéck op der Bühn sinn, vergeet vill Zäit an déi gëtt vu vill Kappzerbrieches begleet. Op Dräikinneksdag am Januar fänke mir u mat schaffen fir die neie Programm. Inhalter sammelen, klasséieren, verwerfen. Dann déi éischt Texter. Weider schreiwen bis den August. Liesprouf, Programm, Organisatioun. Da vu Mëtt September un all owes d’Prouwen op der Bühn. Flott, kreativ a spannend ass anescht. Dat hei ass éischter … bäihalen.

Mee mir wollten et jo net anescht!

“Schwaarze Péiter”: d’Themen

October 19th, 2011

Déi lescht Deg sinn ech dacks gefrot ginn, wat dann eigentlech d’Theme vum Sténkdéier-Programm-2011 sinn. Et sinn d’Themen vun 2011: de Velo, de Becca, d’Sécherheet, déi a Krisenzäiten ëmmer eng wichteg Roll spillt, zemools bei eis am Ländchen (cf. “de séchere Wee”), d’Educatioun, wëll et am Moment esou ausgesäit, wéi wéi all déi, déi mat eise Kanner schaffen, de schwaarze Péiter zougeschoustert kréichen, an … mee da kommt Dir léiwer selwer kucken!

Hei kënnt Dir buchen!

De “Schwaarze Péiter” dës Woch

October 18th, 2011

De Programm steet, mir an de Public sinn zefridden, et rullt. De Keller am Literaturhaus ass esouwäit ausverkaf, mee am Kulturhaus bleiwe nach Plazen. Mir miirken och elo esou lues, wat fir eng Stécker am beschten ukommen, a wéi all Joer hate mir net onbedingt mat diene gerechent…

Dës Woch spille mir dënschdes, mëttwochs, donneschdes a samschdes. E Freideg ass fräi.