Klengkonscht - grouss Konscht

November 14th, 2011

Wéi ech mech elo just op d’Emissioun “20 vir” den Owend beim Dan Spogen virbereet hunn, sinn ech op eng Kritik gestouss, déi d’Christiane Kremer virun zimlech genee zwee Joer zu eisem deemolege Programm “Vir bäi an hanne widder” um Radio gemaach hat. Se war esou eng gutt, datt mir all d’Tréinen an den Aen haten an zerguddst houfreg waren.

Hei kënnt Dir d’Kritik vum Christiane Kremer lauschteren.

Hei gëtt et Plazen fir de neie Programm; maacht Iech bäi, et gëtt eng!

Theaterkofferen vun der Theaterschoul: e Mëttwoch op der Uni.lu zu Walfer

November 13th, 2011

E Mëttwoch den Owend um 18.30 Auer stelle mir am Theatersall vun der Uni.lu d`Theaterkofferen vun der Theaterschoul vir. Se sinn allen dräi fir den 3. a 4. Zikel vum Enseignement fontamental: “Dem Kinnek säi Bësch”, “Mam Kapp duerch d`Mauer” an “Dien éiwege Sträit zwëschen diene vu Rappdéckel an diene vu Fatzbeidel”. Déi dräi Stécker hunn ech geschriwwen a mir hunn se elo fir d’Theraterkofferen adaptéiert.

www.theaterschoul.lu

www.holzwuerm.lu

Liesung op de “Walfer Bicherdeg”

November 13th, 2011

E Freideg den 18.11. liesen ech zu Walfer aus dem “décken dommen Dudu” an aus “Mango Panda”, zwee Bicher, déi tipptopp fir Kanner vun em déi 12 Joer passen.

Den décken dommen Dudu

Mango Panda

Haut: Artikel am Lëtzebuerger “Wort”

November 12th, 2011

“Gläich e puermol de schwaarze Péiter an de Grapp gedréckt” heescht e flotten Artikel, dien haut op der Säit 19 am Lëtzebuerger “Wort” ze liesen ass. Leider hunn ech e net online fond - firwat eigentlech net(?), hunn ech net gutt gekuckt(???) - dofir hunn ech Iech e gescannt. Et ass eng gutt Kritik a mir si richteg houfreg op eise Programm!

Wann dir och wëllt nom Artikel sichen, da kënnt dir hei klicken…
Wann Dir den Artikel wëllt liesen, da klickt w.e.gl. hei!


Ee Sténkdéier op der Tëlé

November 11th, 2011

E Méindeg (14.11) ginn ech op d’Tëlé an den “20vir” a schwätzen iwwer de “Schwaarze-Péiter”-Programm an dier Emissioun mam Dan Spogen. “20 Minutten Talk, Biller, Gadgeten, funny News, mat exklusiven Invitéën, Spaass a gudde Momenter”, schreift den RTL. Zielen ech dann elo zu de “funny News” oder éischter zu de “Gadgeten”? Hmm, dat wësse mir eréischt e Méindeg. Sinn iewer e bëssen opgereecht…

D’RTL-Tëlé  fand Dir hei!

Eng gutt Noriicht - Release am Februar

November 10th, 2011

Gëschter an der Emissioun op RTL beim Patrick Greis a Gérard Valerius ass den Zoustand vu mengem lénksen Zeigefanger thematiséiert ginn. Maja, fir all déi, déi dat interesséiert: ech hunn de Moien fir d’éischt zanter méi wéi engem Mount nees Gitar geprouft. Richteg, eng Véierelstonn laang, op menger Stratocaster, a gutt haart! Et geet also nees biergop!

Eisen neien Winklepickers-CD, “Haddocks and French Kisses” plange mir am Februar virzestellen. Dofir muss elo geprouft ginn, och wann et nach wéi deet.

www.winklepickers.lu

Blankenberge - op der Belscher Plage

November 8th, 2011

Esou wéi vill Lëtzebuerger war ech d’lescht Woch op der Belscher Plage an hunn dem Serge Tonnar säi Lidd op de Lëpse gehat. Dobei hunn ech mech drun erënnert, datt ech fir de “Kabaret Sténkdéier” och eng Kéier en Text iwwer d’Belsch Plage geschriwwen hat. Wéi ech nees doheem war, hunn ech nogesicht an et eremfond. Et war fir den 1997er Programm “Perpetuum mobile” an et fënd een et och an eiser éischter Anthologie “Modern Welt”.

Et geet esou:

“Mat eisem Polski-Fiat si mir op Blankenberge gefuer - dacks sinn d’Bremse net méi gaang an den Ueleg gung net duer - An an dem Hotel huet et dann no Kéiskrokette gefacht -  d’Mier war gro an den Himmel och an d’Wellen déi hu gekacht - A wat hu mir Buerge gebaut - et huet een sengen Ae net getraut…”

Klickt hei, wann Dir wëllt de ganzen Text noliesen!

RTL - Radio: e Mëttwoch de Mëtteg

November 7th, 2011

E Mëttwoch de Mëtteg um 14.00 Auer sinn ech op RTL - Radio fir eise “Schwaarze Péiter”-Programm virzestellen. Mir sinn elo nach zwou Wochen am Keller vun der Maison Servais, also dem Nationale Literaturzenter an dono nach eng Woch am Kulturhaus zu Miersch.

Hei kënnt Dir schonns e bësse liesen.

De “Schwaarze Péiter” geet weider

November 6th, 2011

D`Vakanz ass eriwwer. Dës Woch spille mir um Mëttwoch, Donneschdeg, Freideg a Samschdeg. Mir gesinn eis beim “Kabaret Sténkdéier”…
Hei kënnt Dir bestellen!

“Muedebëtzeg” gëtt nach viru Chrëschdag fäerdeg

November 5th, 2011

“Muedebëtzeg” heescht dat neit Buch fir Erwuessener. Ech hunn et an diene leschten dräi Joer geschriwwen, an et spighelt eng Zäit, déi net ganz einfach war.

2010 ass bei Omega 90 d’Buch “Am anderen Ende der Lichtung” erauskomm. An diem Buch ass den Text “Plat du jour”, dien als eng Zort Viraarbecht fir “Muedebëtzeg” kann ugesi ginn. Vill Motiver, déi och am Buch erëmkommen, fënd ee schonns an dësem Text. Et war deemools ee vun dienen éischte Versich, mengen Iddien méi no ze kommen.

Esou fänkt den Text un: “14.21 Auer. Et gëtt esou lues eidel heibannen. Elo gi se nees all op hier Aarbecht. Elo gi se nees op hier Büroen. Elo gi se nees op hier Banken. Eng Arméi schwaarzgekleed Männer a Fraen, all em déi 30 Joer al, déi meeschtens franséisch schwätzen, meeschtens e bëssen ze haart, déi de Plat du jour gutt fannen, déi de Kader, den Ambiente gutt fannen an déi esou guer de Bordeaux, dien se fir 31 Euro drénken, gutt fannen. Et gesäit een hinnen of, datt se dat alles gutt fannen, se verstoppen et net, nee se loossen et all Mënsch gesinn, dien hei am Restaurant, 100 Meter iwwer dem Musée, d’Strooss erop, sëtzt. Jidderee soll et miirke, jidderee soll et gesinn. Hier gutt Laun soll ustiechen. Mee se schreckt just of, wëll se hu keng Ahnung, se wësse jo näischt, se kënnen et net wëssen. Wouhir sollen se et och wëssen? Si hunn dat net op hierer Universitéit geléiert. Do léiert een dat net. Op der Uni léiert ee Saachen fir d’Zukunft, fir déi Zäit no der Schoul, fir déi Zäit dono, wou ee schaffe geet, Sue verdingt, matmécht, eng Bank, eng Entreprise opbaut, sech eppes opbaut, sech eng Famill opbaut, sech en Haus opbaut, sech e Verméigen opbaut. An elo, an der Finanzkriiss? …”

Wann Dir wëllt, kënnt Dir hei die ganzen Text liesen, dien am Buch “Am anderen Ende der Lichtung” erschingen ass.