Liesung an der Grondschoul zu Koetschette

December 5th, 2011

De 7.12. liesen ech zu Koetschette an der Schoul aus dem “Piratekapitän”. Ech freeë mech richteg drop, ech hu scho laang net méi aus dem Buch vum klenge Schott virgelies…

Informatiounen gëtt et hei.

Big brother is watching me - Autorelexikon vum Literaturzenter Miersch

December 4th, 2011

Ech war schonns e bëssen erféiert, wéi ech gelies hunn, wat se zu Miersch alles iwwer mech zesummegesicht hunn. Mee net nëmmen iwwer mech, nee och nach iwwer “eng Millioun” aner Lëtzebuerger Auteuren. Respekt! Do ass gutt geschafft ginn an et ass wierklech interessant, eng Kéier am Lexikon vun de Lëtzebuerger Auteuren vum Mierscher Literaturzenter (Maison Servais) laanschtzekucken.

Autorelexikon Maison Servais Miersch

An hei den Artikel iwwer mech.

10.2.2012 & 11.2.2012: “Winklepickers” Release-Parties

November 30th, 2011

Den 10.2. an der Staadt an den 11.2. zu Veinen am “Ancien Cinéma” stelle mir eisen neien CD “Haddocks and French Kisses” vir. Fir all déi, déi um Rhythm’n Blues à la “Winklepickers” interesséiert sinn…

Hei geet et bei den “Ancien Cinéma” op Veinen.

Elo huet en sech aus dem Stëbs gemaach…

November 28th, 2011

… de “Schwaarze Péiter”. Et war vill Aarbecht! Et war och e grousse Succès! Ronn 3900 Leit hunn de Programm 2011 gesinn. Et ware genee 70 Deg voller Spannung, Freed, Enttäuschung, Zweifel, Angscht, Zefriddenheet, Baangen, Gléck. De 19.9. hunn d’Prouwen ugefaangen an de 27.11. war déi lescht Virstellung. Ech hu mech an de Fanger geschnidden, war op der Tëlé an um Radio, hunn e Buch fäerdeg gemaach, hu mech agesat, alles ginn, hu mech bei all Virstellung selwer op den Aarm geholl… hu gezéckt a war kuerz drop nees zouversiichtlech. Elo muss ech mer nees all déi Selbstverständlechkeeten vun diene leschte Méint ofwinnen, ech muss mech vum Kabaret entwinnen. An dat ass och gutt esou.

D’Publikatioun vu mengem neie Buch “Muedebëtzeg” steet virun der Dir, de Release vun eisem Winklepickers-CD “Haddocks and French Kisses”, Texter schreiwen fir d’Revue 2012 vum Lëtzebuerger Theater, zwee Theaterstécker fir Kanner schreiwen, de “Sténkdéier”-Programm 2012 preparéieren an nach e ganze Koup aner Projeten, vun dienen ech elo an op dëser Plaz nach net schwätze kann.

Dem “Schwaarze Péiter” nach eng leschte Kéier nogekuckt, wéi e lues a lues méi kleng gëtt, sech dann iewer séier no vir gedréint a lass…

Matinée: sonndes de 27.11.: et gëtt nach e puer Plazen

November 26th, 2011

De “Schwaarze Péiter” mécht sech op de Wee, hien ass schonns amgaangen d’Dir hannert sech zouzezéien. Deemno ass déi allerlescht Chance hien nach eng Kéier zu Miersch am Kulturhaus ze begéinen e Sonndeg, de 27.11. mëttes um 17.00 Auer; et gëtt nach e puer Plazen. Dono huet hien sech definitiv aus dem Stëbs gemaach.

De “Schwaarze Péiter” vum “Kabaret Sténkdéier”.

“Schwaarze Péiter” - dës Woch déi lescht Chance

November 21st, 2011

Mir plënneren: aus dem Keller vum Servais-Haus geet et an de grousse Sall vum Mierscher Kulturhaus. Nach e puer Plaze sinn ze kréien. Maacht Iech séier bäi wann Dir de Programm 2011 vum Kabaret Sténkdéier nach wëllt gesinn! Gëspillt gëtt e Mëttwoch, en Donneschdeg, e Freideg an e Samschdeg ëmmer um 20.00 Auer an e Sonndeg um 17.00 Auer.

Hei kënnt Dir Plaze reservéieren.

The Winklepickers: “Haddocks and French Kisses” ass um Wee

November 21st, 2011

Dëse Weekend hunn den Daniel Meyer an de Paul Neuen de neien CD fäerdeg gemixt. Elo gëtt d’Musik als nächst nach zu Trierweiler gemastert an da kann et lass goen. Fir den 10. an 11.2.2012 sinn d’Release-Partye geplangt.

Hei kënnt Dir de Winklepickers beim Ophuele nokucken.

“Books for Kids”

November 17th, 2011

Esou heescht op de Walfer Bicherdeg déi Plaz, wou et “Bicher fir Kanner” gëtt. Firwat heescht déi Plaz da net “Bicher fir Kanner”? Mir soen, bis elo emol, jo och net “Walfer Book Days”. Ass “Books for Kids” méi “cool”? Méi international? Méi …? Ech weess et net! Firwat heeschen eis Kanner op eemol “Kids”? Gëtt et do ee Grond, stécht eppes dohannert? An engem Artikel hunn ech mir doriwwer e bësse Gedanke gemaach.

Hei kënnt Dir e liesen.

Lescht Woch am Nationale Literaturzenter zu Miersch

November 15th, 2011

Dëst ass déi lescht Woch wou de “Schwaarze Péiter” mat de Sténkdéieren zu Miersch am Nationale Literaturzenter (Maison Servais) op Besuch ass. Déi nächst Woch plënnere mir an d’Kulturhaus. Mir spillen dës Woch e Mëttwoch, en Donneschdeg, e Freideg an e Samschdeg.

Reservéiere kënnt Dir hei.

De “Schwaarze Péiter” op der Tëlé

November 15th, 2011

Ech hat gëschter extra mäi schwaarzt Gezäi ugedoen fir den Optrëtt am “20 vir” als “Schwaarze Péiter. Alles huet gutt geklappt, dat wat wichteg war, kruet ech gesot a fir all déi, déi net konnte kucken an trotzdem wëlle virwëtzen, …

… ma déi kënnen hei klicken!