“I balloni luminosi” - d’”Stéck vum Joer” vun der “Theaterschoul”

January 4th, 2012

Haut geet et nees lass, dëst Kéier heescht d’Stéck vum Joer “Il balloni luminosi”. Alles dréit sech em den Zirkus an donieft ass er och nach e spannende Krimi.

Fënnef Schoulen si bis elo bereet, mat op de Wee ze goen, an déi éischt Opféierungen gëtt et schonns am Mee!

www.theaterschoul.lu

E schéint a gutt neit Joer …

December 29th, 2011

… fir Iech all, déi Dir heiansdo hei op mengem Blog laanschtkuckt.

Viru genee engem Joer hunn ech dien éischte Post gemaach an elo ass et un der Zäit fir de Bilan (sic!) ze maachen. Ech weess net, wivill Leit dës Säit besicht hunn, mee an dienen nächsten dräi Deg probéieren ech dat nach erauszefannen. Versprach!

2011 war am Prinzip e gutt Joer: de “Schwaarze Péiter”-Programm vum “Kabaret Sténkdéier” huet ronn 4000 Leit gelackelt, mat de “Winklepickers” hunn ech “Haddocks and French Kisses” opgeholl , dat elo zu Trierweiler bei Skywalk gemastert gëtt an e puer fulminant Concerte gespillt, d’Theaterschoul huet sech gutt entwéckelt, ech hat eng Rei flott Liesungen, “Méi ass et net” vum Remy Kraus, Tom Kraemer a vu mir ass erauskomm, “Dem Kinnék säi Bësch”, en Theaterstéck fir dat internationaalt Joer vum Bësch ass a ville Schoule gespillt ginn, mam “Holzwuerm” hu mir de “Kinnék ouni Kroun” virun 2300 Spectateure gespillt, de Ministère huet meng Broschüre iwwer d’Theaterschoul als Courrier-No spécial erausginn, “Muedebëtzeg” ass esou gutt wéi fäerdeg a kënnt geschwënn eraus…

Mir wënschen ech datt 2012 grad esou gutt gëtt an Iech nëmmen dat BESCHT!

Et gëtt eescht!

December 28th, 2011

Gëschter ass de Saz vum “Muedebëtzeg” vum Gollo komm. Elo muss nach eng Kéier die ganzen Text gelies ginn an da gëtt e geschwënn gedréckt. Den Datum vun der Publikatioun réckelt also ëmmer méi no.

Déi grouss Theme vum Buch sinn de Verfall, d’Krankheet an den Dout. Kléngt zimlech depriméierent, ass et och.

Allerdéngs ginn och Saachen opgedeckt, déi Dir esou net fir méiglech gehal hätt! Eng dovun sinn d’Verbriechen déi am “Kale Krich” begaange gi sinn an dat guer net wäit eweg vun hei…

Op der Lay

Texter fir d’Revue vum “Lëtzebuerger Theater”

December 27th, 2011

Zanter 2006, also schonns während sechs Joer schreiwen ech Texter fir d’Revue vum “Lëtzebuerger Theater”. Ech hu mech elo decidéiert, déi Texter, déi mir am beschte gefalen, hei ze publizéieren. Wann Dir déi Texter wëllt spillen, kënnt Dir dat gäre maachen. Dir sollt just w.e.gl. mäin Numm als Auteur vum Text dann uginn.

Als éischen Text gëtt et hei den “30 Joer feste Prisong” aus dem Programm 2010 “Helleger Bimbam”. Et ass ee vu menge Lieblingstexter.

Hei kënnt Dir e liesen.

Hei gëtt et nach aner Texter, Kuerzgeschichten an Artikelen…

Ee Chrëschtkado mat e bësse Verspéidung

December 26th, 2011

Elo ëm d’Feierdeg hat ech e bessen Zäit, fir e puer vu mengen alen Texter eremzesichen an ze liesen. Dobäi sinn ech op een Text vun 1985 gestouss. Deemools, als jonke Kärel, sinn ech en Teppech kafe gaangen, wat sech iewer als zimlech komplizéiert Saach erausgestallt hat…

Et war ee vu mengen éischten Texter, déi ech an dëser schonns zolitt satirescher Form geschriwwen hunn, et goufe nach Frangen an nach keng orthografesch Regelen. Vill wäerten der soen, et war iwwerhaapt eng besser Zäit.

Als Kado fir Chrëschtdag hunn ech den Text hei fir Iech. Esou fänkt en un: T’jo, meng Fra hat decidéiert en Teppech ze kafen. E Perserteppech! Et sollt also ee vun dienen deiere sinn. Ausserdeem gouf et Solden am Geschäft an eis Stuff war vill ze kal fir de Bebé…

De Roland Meyer ass net op Facebook

December 21st, 2011

Ëmmer nees kréien ech Frëndschaftsufroen op meng Email-Adress an och Facebook selwer schéckt mir allerhand Mailen. Ech weess net wéi dat gaangen ass, mee do muss iergendeen e gewëssen “Rol Meyer” op Facebook ënner menger Email-Adress ugemellt hunn…

Esou kann et goen. Op alle Fall gëtt et och weider alles Interessantes iwwer meng Projeten just op dëser an op mengen aneren Säiten ze liesen an net op Facebook. Dat ass eppes wat ech ni wollt matmaachen, deels aus Angscht deels aus Iwwerzeegung. Wann ech gesinn, wat aus dier Iddi ginn ass a wivill Zäit vill Leit domat verléieren, dann denken ech, datt ech mech deemools richteg entscheed hat.

Internetsäiten mat Informatiounen iwwer meng Aarbécht (net iwwer mech!) fand Dir hei.

Die neie “Cliärrwer Kanton” ass do

December 16th, 2011

“De Cliärrwer Kanton” 3/2011 ass elo just eraus. Dir fand do nieft ville flotten aneren Artikelen och mäi Bäitrag “Kompetent “Kids”". Leider ass um Schluss vum Artikel iergend eppes falsch gaangen, esou datt nach e franséische Saz ze liesen ass, dien iewer näischt mam Inhalt ze dinn huet. Den Artikel hält mat “Dat wir schéin!” op. Ech muss nach klären, wéi dat konnt geschéien.

Fir all déi, déi de “Cliärrwer Kanton” net hunn, hei kënnt Dir den Artikel am Original liesen an d’Zeitung och abonnéieren.

Kompetent “Kids”

De Cliärrwer Kanton

De “Kabaret Sténkdéier” gëtt et elo zanter 1987

December 13th, 2011

1987 hunn de Remy Kraus an ech ugefaangen, dien éischte Programm vum “Kabaret Sténkdéier” ze schreiwen. Mat enger klenger Paus zwësche 1990 an 1997 hu mir all Joer een neie Programm lancéiert, heiansdo och alt zwou Produktioune gemaach an donieft dräi Bicher erausbruecht.

Dëst Joer sinn esouvill Leit wéi nach ni kucke komm, an déi meescht waren zefridden a komme bestëmmt zréck… Mir si schonns e bëssen houfreg op dëse Succès, wëll wann een iwwer méi wéi 20 Joer kabarettistesch Programmer mécht, déi och e sozial-kriteschen Aspekt hunn, also net nëmmen iwwer d’Politiker an “déi do uewen” hierfalen, mee och alt d’”Leit wéi s du an ech” op d’Schëpp huelen, dann ass d’Gefor grouss, datt engem säi Publikum lues a lues méi kleng gëtt, wëll een ëmmer emol nees een trëppelt, ëmmer emol nees seet een eppes, wat engem Spectateur net passt, an die kënnt da net méi erem.

Dat ass normal an dat wäert eis och alt net besser ergoen, wéi all dienen aneren Ensembelen. An trotzdem hu mir nach ëmmer, no méi wéi zwanzeg Joer ënner diem selwechte Numm, ouni Imagewiessel, ouni groussen Tamtam an de Medien, en treie Publikum, die vu Joer zu Joer wiisst.

Dat mécht mir Freed!

“Muedebëtzeg” gëtt iewer net fäerdeg…

December 10th, 2011

Mir mussen eis nach e bësse gedëllegen. Vun “Op der Lay” hat et geheescht no de Walfer Bicherdeg ging direkt dat neit Buch fir Erwuessener gedréckt ginn. Mee leider huet alles méi laang gedauert wéi ueholl an esou wäert et dann nach weider daueren. Gedold, Gedold… mee dat ass net ëmmer meng Stäerkt!

“The Winklepickers”: Release vun “Haddocks and French Kisses”

December 8th, 2011

Nuvelle fir de Februar: den 10.2. ass d’Party am Sang a Klang a Clausen an Zesummenaarbecht mam “Lëtzebuerger Bluesclub”. Den 11.2. gesi mir eis zu Veinen am “Ancien Cinéma”. Mir schwätzen am Moment mat “Crossroads”, déi hiere neien CD och dëser Deg fäerdeg maachen, fir de Release zesummen ze organiséieren.

Bluesclub Lëtzebuerg

Ancien Cinéma Veinen

Crossroads