January 23rd, 2012
Den Dag vun de Verléiften! De Paul, d’Haaptpersoun vu mengem neie Buch fir Erwuessener “Muedebëtzeg”, kënnt dir beim Liesen während engem ganzen Dag begleeden, dem 14.2.2010. Hien ass zu Cannes am Hotel Martinez, esou wéi elo schonns zanter zwee Joer. Dës Kéier iewer ass hien alleng, an dat op dësem schéinen Dag…
Hei kënnt dir d’Buch virbestellen.
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »
January 19th, 2012
RTL huet “Kompetenzsockelen” zum “Grujelwuert vum Joer” gemaach an doheem an an der Schoul si vill Leit domat geplot. Am “CK” hunn ech en Artikel publizéiert, an diem ech d’Kompetenze vun eise Kanner emol ganz anescht beliichten:
Hei kënnt dir dien Text liesen.
Posted in Publikatiounen, Kabaret | No Comments »
January 18th, 2012
Zwou Liesungen stinn an diene nächste Wochen un:
31.1. zu Esch an enger vun de Grondschoulen aus: “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”
2.2. zu Miersch am CNL am Kader vun der Kibum aus: “Den décken dommen Dudu”
Wann dir och gären eng Liesung hätt, da kënnt dir iech hei mellen.
Posted in Bicher | No Comments »
January 17th, 2012
2001 hunn de Roger Melcher an de Roland Meyer d’Winklepickers gegrënnt an et war vu virera kloer, datt de Rhythm and Blues sollt ganz uewen op der Lee stoen. Dëst ass déi emotional opgeluede Musik, déi déif am Blues verwuerzelt ass an déi hiere Rhythmus aus dem Jazz hëllt. Esou entsteet en energesche Mix dien d’Leit net roueg sëtze léist, se opstoen an danzen deet.
Op die berühmten Chicagoer Groussstaadtblues baséiert, mat Elementer vum schwéieren, breeden Deltablues duerchsat a gedriwwen vum stuerazegen, séieren engleschen Pub-R&B kënnt d’Musik vun de Winklepickers op een duer…
Hei kënnt dir de ganzen Text liesen.
Posted in Musik | No Comments »
January 17th, 2012
Esou wéi versprach gëtt et elo dien nächsten Text. “Ausser Otem” heescht en an ass aus der Editioun 2007 “Kulturus Interruptus”. Deemools war Lëtzebuerg Kulturhaaptstaadt a vu Kriiss ass nach net geschwat ginn! Et war och d’Joer an diem mäi Musical “Fusion” opgefouert gouf an eisen Andy 2. am Giro gouf.
Hei kënnt dir den Text liesen.
Hei gëtt et nach aner Texter.
Hei geet et bei d’Revue vum Lëtzebuerger Theater.
Posted in Publikatiounen, Kabaret, Theater | No Comments »
January 16th, 2012
An diene nächsten Deeg wëll ech hei Informatiounen iwwer dat neit Buch “Muedebëtzeg” ginn, dat an e puer Wochen bei “Op der Lay” erauskënnt. Ech fänke gären u mat diene groussen Themen. Een zentraalt Thema ass d’Krankheet an an dësem spezielle Fall de Broschtkriibs.
Statistesch gesinn gëtt a Lëtzebuerg mëttlerweil all Woch wéinstens eng Fra mat Broschtkriibs detektéiert. Dës Krankheet spillt an eiser Gesellschaft also eng onheemlech wichteg Roll. Iwwerleet een sech donieft och nach, wat alles mat der weiblecher Broscht konkret an och symbolesch verbonnen, verknäppt ass, da gëtt engem bewosst, datt een dës Krankheet net ënnerschätzen däerf.
A “Muedebëtzeg” geet et och em Broschtkriibs a wéi d’Leit, net nëmmen d’Fraen, domat emginn.
Op der Lay
Op der Lay Buttek/Webshop
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »
January 13th, 2012
De Gollo seet a 14 Deeg kann d’Buch do sinn. Alles ass verbessert, de Cover esouwäit fäerdeg. Wann dir d’Buch scho wëllt virbestellen, kënnt dir dat elo hei maachen. Esoubal et do ass, kritt dir et da mat der Post heemgeschéckt.
Maacht einfach eng Mail!
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »
January 10th, 2012
Donneschdes, den 2. Februar um 10.00 Auer liesen ech zu Miersch am Servais Haus aus dem “décken dommen Dudu” am Kader vun der Kibum 2012. D’Kibum ass d’”Oldenburger Kinder- und Jugendbuchmesse”, déi gréisst net kommerziell Kanner- a Jugendbuch Ausstellung vu Bicher an Däitscher Sprooch. Si gëtt all Joer vun der Asbl “Freed um Liesen” och op Lëtzebuerg bruecht.
Kibum am CNL
Freed um Liesen asbl
Posted in Bicher | No Comments »
January 9th, 2012
Zesumme mam Claude Sibi Sibenaler maache mir den Owend de Video fir die neien CD. Ausgewielt hu mir “Handjive”.
An diene nächsten Deeg kënnt dir de Film hei gesinn.
Posted in Publikatiounen | No Comments »
January 9th, 2012
Esou ass de Slogan, die mir gesicht hunn fir déi zwou Release-Partyen. An Zesummenaarbecht mam “Bluesclub Lëtzebuerg” an zesumme mat “Crossroads”, déi hiere neien CD “Second chance” virstellen, presentéiere mir “Haddocks and French Kisses”.
Éischten Owend: freides, den 10.2.: Sang a Klang am Gronn - Opening 20.30 Auer
Zweeten Owend: samschdes, den 11.2.: Ancien Cinéma zu Veinen - Opening 21.00 Auer
Déi zwee Owenter ass den Entrée fräi!
www.winklepickers.lu
www.crossroads.lu
www.bluesclub.lu
www.anciencinema.lu
Posted in Publikatiounen, Musik | No Comments »