E “Winklepicker” op der Tëlé

February 10th, 2012

E Mëttwoch war ech mam Claude Bintz vu “Crossroads” am “20 vir” beim Monica op RTL. Mir hunn do “Haddocks and French Kisses” an “Second chance” presentéiert a Reklam fir eis Release Parties gemaach. Fir all déi, déi d’Emissioun verpasst hunn, iewer trotzdeem wollte virwëtzen: hei am Replay kann een se ëmmer nach eng Kéier kucken. Ëmmerhin gëtt ee gewuer, wat dann elo wierklech ee “Winklepicker” ass.
Sou, an elo gëtt et Eeescht! Haut ass dien éischte Gig am Sang a Klang. E ganzt liicht Zéien an de Fanger an och an der Mogéigend spieren ech schonns. Et wäert dach net d’Opreegung sinn…?

Kuckt hei “20 vir” op RTL am Replay

Iwweregens si mir haut Tipp vum Dag an der Wort-Agenda. Villmools merci dem Sabrina Homann fir de Post

An am Tageblatt kënnt dir dien neien CD gewannen

Haddocks and French Kisses - op der Tëlé an um Radio

February 7th, 2012

E Freideg an e Samschdeg presentéiere mir eisen neien “Winklepickers-CD” am Gronn an zu Veianen.

E Mëttwoch sinn ech zesumme mat Bintze Claude vun Crossroads um “20vir” op RTL.

Dono um 20.00 Auer op Radio ARA am Juke Joint an e Freideg um 100,7.

Da misst jo jidderee Bescheed wëssen:-)…

Hei ass Juke Joint fir all déi dës Emissioun nach net kennen.

Muedebëtzeg - d’Buch ass do

February 6th, 2012

Muedebëtzeg, dat neit Buch fir Erwuessener ass elo vum Buchbënner zréck a kënnt deemno dës Woch nach eraus. Dat ass gutt: esou kann ech et mat op d’Releasepartien huelen an et ass och op Vältesdag prett.

Liesungen am Mäerz

February 2nd, 2012

No der Fuesvakanz geet et weider mat enger Rei Liesungen an de Schoulen:

1.3.: Schoul beim Tëtelbierg Lamadelaine - 3. Zikel (Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen)
8.3.: Mäertert Centre culturel - 3. Zikel (Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen)
28.3.: Schoul um Kemel Wëntger - 4. Zikel (Den décken dommen Dudu, Mango Panda)

Ech freeë mech!

Haddocks and French Kisses - Release an enger Woch an haut den Artikel am “Wort”

February 2nd, 2012

Just nach eng Woch bis zum Release vun eisem neien CD “Haddocks and French Kisses”. Zweemool stelle mir zesumme mat Crossroads dien neien CD vir:

10.2. um 21.00 Auer am Sang a Klang an der Staadt

11.2. um 21.00 Auer am Ancien Cinéma zu Veianen

Hei kënnt dir den Artikel aus dem Wort vum 2.2. liesen

www.winklepickers.lu

“Willie and the handjive” - den CD an de Video sinn do

January 31st, 2012

Gëschter gouf dien neien CD “Haddocks and French Kisses” geliwwert. Dir kënnt en elo direkt hei bestellen.

An de Claude “Sibi” Sibenaler huet och de Video op youtube gesat: “Willie and the handjive” weist d’Winklepickers als Lëtzebueregr Kultband. Musst dir onbedingt kucken!

Hei kënnt dir die neien CD bestellen

Hei kënnt dir de Video kucken

An hei geet et op de Site vun de Winklepickers

Kreativt Schreiwen - Mir schreiwen e Buch

January 29th, 2012

Ech hunn iech e puer Beispiller vu Bicher, déi ech mat Klasse geschriwwen hunn, hei op d’Säit gesat. Dës Bicher goufe vun de Kanner selwer geschriwwen am Kader vun Kreativt-Schreiwen Atelieren.

Hei fand dir déi Bicher

Mail mir wann dir och esou Projet mat de Kanner plangt

Fusion - E Musical fir d’Kulturjoer 2007 am Optrag vun der UGDA

January 27th, 2012

Ok, ok, aktuell ass et net. Mee ech sinn an der leschter Zäit e puermol no dësem Stéck gefrot ginn. Also hei ass et, hei kënnt dir et liesen oder och spillen, kee Problem.

Dëst ass d’Originalversioun, mat enger Rei ganz intensiven Szenen, déi ee beréieren an och weisen wat wierklech hanner dem Stéck stécht. An den Opféierungen waren se dunn net méi dobäi. Dat war Schued.

Fusion - hei kënnt dir et liesen

ID-Die 6 Räuber

January 26th, 2012

Mat grousser Freed hunn ech de Moien an der “Theaterzeitung” gelies, datt “Traffo_CaréRotondes” zesumme mat der Inecc an e puer Lycéen eng “multidisziplinär Opféierung mat Theater, Danz, Musik an Zirkus” produzéiert. Dat ass genee dat, wat mir am Holzwuerm elo schonns zanter bal 20 Joer an an der Theaterschoul zanter 4 Joer propagéieren a praktizéieren: fir datt all Kand oder Jugendlechen “seng Roll” fannen a spille kann, muss d’Offer, déi mir him maachen, grouss sinn. Duerch d’Verbannen vun dësen Disziplinen ass mat Sécherheet fir jiddereen eppes derbäi. Ech drécken d’Deimercher fir dëse Projet!

Hei de Site vun Traffo

Hei de Site vum Holzwuerm

Hei ass de Manifest vun der Theaterschoul, dien d’Wichtegkeet vum Verbannen vun den Disziplinen am Schoultheaterberäich duerstellt. Et ass eng Spezialnummer vum Courrier de l’Éducation nationale.

Muedebëtzeg ass fir Vältesdag do

January 25th, 2012

Ganz gutt Noriichten deemno vun “Op der Lay”: fir de 14.2. soll dat neit Buch fäerdeg sinn an an de Butteker leien. Ech hunn et an diene leschten Deeg och nach zweemol gelies, an ech si gespaant, wéi et ukënnt. Jiddereen, dien et bis elo gelies huet, ass vun diem Text beréiert ginn. Dat hängt bestëmmt un den Themen, déi behandelt ginn, mee iewer och un der Aart a Weis, wéi d’Buch verzielt gëtt.

Hei kënnt dir et bestellen.