De “Kabaret Sténkdéier” um 100,7

May 22nd, 2013

De Claude Mangen vum 100,7 huet e Reportage iwwer d’Geschicht vum “Kabaret Sténkdéier” gemaach, déi ëmmerhin schonns 1988 ufänkt.

E Freideg de 24. Mee kënnt dir dës Emissioun op 100,7 lauschteren: um 9.05 moies an nach eng Kéier um 19.30 Auer owes an der Rediff..

“Zickelalarm” den 10.7. zu Bartréng an der Arca

May 22nd, 2013

Op Invitatioun vum “Bartrenger Kaméidi” sinn ech den 10.7. um 20.00 Auer zu Bartréng an der Arca.

Hei ass de Flyer.

Hei gëtt et weider Infoen.

Zickelalarm - den 23.5. um 20.00 Auer zu Ettelbréck an der Bibliothéik

May 16th, 2013

Villmools merci all diene Leit, déi mech gëschter bei der Première vun Zickelalarm zu Bur un der Sauer esou wierklech gutt ënnerstëtzt hunn. Doduerch ass dien Owend fir mech zu eppes ganz Besonneschem ginn, dien ech net vergiesse wäert!

De Claude “Sibi” Sibenaler huet gefilmt, esou datt dir déi beschten Szene geschwënn op Youtube kënnt kucken. Villmools merci och him.

“Nom Spill ass virum Spill”, heescht et am Futtball, an esou huelen ech et och elo sportlech a preparéiere mech op Ettelbréck: den 23.5. geet et um 20.00 Auer an der Bibliothéik lass; den Entrée ass fräi.

Eng weider Zickelalarm-Liesung gëtt et den 10.7. zu Bartréng am Arca.

Wann dir “Zickelalarm” wëllt buchen, da kënnt dir iech hei u mech wenden.

Hei de Site vun der Ettelbrécker Bibliothéik.

The Winklepickers: Roadmap to summer

May 16th, 2013

Hei déi Plazen, op dienen dir d`Winklepickers an diene nächste Woche gesi kënnt:

7.6.: Blues am Park - Festival zu Steesel; zesumme mat Crossroads a Sneaky Pete

14.6.: Blues after Work - Abtei Neimënster an der Staadt

20.7.: Jazz`n Blues Rallye - Am Gronn an der Staadt

www.winklepickers.lu

“Den décken dommen Dudu” geet an déi 3. Oplo

May 16th, 2013

Gutt Noriichten vun “Op der Lay”:d`Kannerbuch fir erwuesse Leit, “Den décken dommen Dudu” verkeeft sech nach ëmmer tipptopp a soll elo an enger drëtter Oplo gedréckt ginn. Virdru wëll ech et iewer nach iwwerschaffen, fir datt et op diem leschte Stand bleift.

Hei geet et bei Op der Lay

Zickelalarm - eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer zu Bur

May 13th, 2013

Bildungsreform: Kompetenzsockelen, PEP, Zickelen, PRS, Smily-Evaluatioun, Portefolio-Orientatioun, Charta-Hysterie a Ballermann-Pedagogik…

Edukatioun ass ee ganzt schwéiert Geschäft an Humouer ass wann een trotzdeem laacht!

Wat eis nach bleift ass dacks just de Gaalgenhumouer… an dobei hat alles esou schéin ugefaangen, d’Kanner kréie keng ongerecht Punkte méi a bleiwe net méi sëtzen, d’Elteren däerfen och emol endlech matschwätzen an d’Léierpersonal schafft ënnereneen a mat dem Rescht vun der Welt harmonesch zesummen a kritt dofir nach méi an der Pei. Wéi kann een esou eng wonnerschéi Reform iewer nach an de Sand setzen? Gëtt et um edukativen Terrain um Enn gutt verstoppte Minnen,gëtt et geféierlech Saboteuren am Ënnergrond oder esouguer pädagogesch Bommeleeër?

An enger kabarettistescher Liesung an den Zentrum vu Kannerbetreiung, Hausaufgabenhëllef, Burnout an Erzéiungsfrust hëlt de Roland Meyer kompromis-, respekt- a matleedslos dien aktuelle Stand hei zu Lëtzebuerg op de Leescht.

De 15.5. zu Bur an der Brennerei: 730037 - vevelux@pt.lu

“Hey Joe!” - d’Stéck vum Joer vun der Theaterschoul gëtt elo vum Holzwuerm gespillt

May 3rd, 2013

Wat maachen, wann een op eemol ganz alleng do steet, wa keen aneren sech méi mat engem ophällt, wann ee spiert, datt déi aner iwwert ee schwätzen, schlecht iwwer ee schwätzen, een ausgrenzen, wann ee mierkt, datt déi aner engem Schlechtes wëllen?

“Mobbing” ass die moderne Begrëff fir dës Situatioun, déi et schonn esou laang gëtt, wéi d’Mënschen zesumme liewen. - An dorëmms geet et am neien Holzwuerm-Stéck, dat och d’”Stéck vum Joer” vun der Theaterschoul ass.

Zwëschen dem 13. a 17. Mee gëtt et zu Maarnech am Cube 521 gespillt.

Informatioune gëtt et hei:

www.holzwuerm.lu

www.cube521.lu

“Zickelalarm” de 15.5. zu Bour an der Brennerei an den 23.5. zu Ettelbréck an der Biblothéik um 20.00 Auer

April 19th, 2013

Ech sinn op d’mannst grad esou gespaant wéi Dir, wéi mäin éischte “Solo-Programm” gëtt. Selwer geschriwwen a selwer virgedroen.

Hei d’Plakat vu Bour

an hei ass d’Plakat vun Ettelbréck

An hei kënnt Dir mech fir den “Zickelalarm-Tour” kontaktéieren

Liesungen am Fréijoer

April 19th, 2013

7.5.: “Den décken dommen Dudu” - fir Jugendlecher - Zu Miersch am “Lycée Ermesinde” - 14.50 Auer

15.5.: “Zickelalarm” - eng kabarettistesch Liesung iwwer Erzéiung a Schoulreformen, engem dach éischter schwierege Geschäft… - zu Bour an der “Brennerei” - 20.00 Auer

23.5.: “Zickelalarm” - eng kabarettistesch Liesung iwwer Erzéiung a Schoulreformen, engem dach éischter schwierege Geschäft… - zu Ettelbréck an der Bibliothéik - 20.00 Auer

14.6.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - zu Diddeleng an der “Regionaler Bibliothéik” - 1. Liesung: 8.30 Auer / 2. Liesung: 10.00 Auer / 3. Liesung: 14.00 Auer

10.7.: “Zickelalarm” - eng kabarettistesch Liesung iwwer Erzéiung a Schoulreformen, engem dach éischter schwierege Geschäft… - zu Bartréng an der Arca - 20.00 Auer

14.7.: CNL-Summerfest zu Miersch an der Maison Servais (Detailer kommen nach no)

Et wir flott, wa mir eis eng Kéier bei enger Liesung ginge begéinen.

Hei kënnt Dir mech fir eng Liesung kontaktéieren

“Zickelalarm” zu Bour an zu Ettelbréck

April 12th, 2013

An Avant-Première: zwee Terminer fir dee literaresche Kabaret “Zickelalarm”:

Den 15. Mee um 20.00 Auer zu Bour an der “Brennerei”.

Den 23. Mee um 20.00 Auer zu Ettelbréck an der Bibliothéik.

Dono geet de Programm op Tournée; hei kënnt Dir Iech mellen.

Hei drënner gëtt et Informatiounen.