“Zickelalarm” - eng kabarettistesch Liesung

March 22nd, 2013

Edukatioun ass e ganzt schwéiert Geschäft an Humouer ass wann een trotzdeem laacht! Wat eis nach bleift ass dacks just de Gaalgenhumouer.

Bildungsreform: Kompetenzsokelen, PEP, Zickelen, PRS, Smily-Evaluatioun, Portefolio-Orientatioun a Ballermannpedagogik; eis Leit an de Ministèren hu sech wierklech eppes afale gelooss an elo geet alles besser!

An enger kabarettistescher Liesung an den Zentrum vu Kannerbetreiung, Hausaufgabenhëllef, Burnout an Erzéiungsfrust huelen ech kompromis-, respekt- a matleedslos dien aktuelle Stand hei zu Lëtzebuerg op de Leescht.

Première ass deemnächst an der “Brennerei” zu Bour.

Hei kënnt Dir de Spektakel buchen.

“Jim Keane und das Labyrinth der Zeitkorridore” als e-book

March 20th, 2013

“e-book”… gëtt et dofir e lëtzebuergescht Wuert? Hmm, en elektrescht Buch, nee, en digitaalt Buch, vläicht.

Op alle Fall kënnt Dir meng Pirategeschicht elo op Amazon kafen!

Hei klicken! :-)

“Héichwaasser am Zombieland”, den neie Programm vum Kabaret Sténkdéier

March 19th, 2013

“Héichwaasser” ass den Titel vum neie Programm, die mir nees vum halwen Oktober u spille wäerten.

Bei de Schreiwerten huet sech eppes geännert: nieft dem Tom Kraemer a mir schreift den Alain Adams elo am Remy Kraus senger Plaz.

“D’Waasser steet eis bis zum Hals, an amplaz schleunegst eppes ze ënnerhuelen, kucke mer faszinéiert dem Bommeleeërprozess no, do wou een alen Affekot de Clown zum beschte gëtt, een ale Procureur versicht, nach eenegermoossen gutt eweg ze kommen an eng ganz Rei al Männer méi oder manner domm an d’Géigend kucken. Ma hu mir soss näischt ze dinn? Een ausrangéierte Buergermeeschter verkeeft um Réck vu senge Mataarbechter d’Luxair an die schankerabbeleche Frieden zielt eis ee Kannermäerche no diem aneren… Elauter Zombien! Lues iewer sécher kréie mir all d’Féiss naass, d’Boot sauft of, a mir hale nach esou just d’Nues iwwer Waasser! Wéi laang geet dat nach gutt?”

www.stenkdeier.lu

Humor an Erzéiung - lëschteg Geschichten zesumme mam Guy Rewenig

March 11th, 2013

“Humor in pädagogischen Situationen”: 17. Auflage des Symposiums für die Verantwortlichen der Freizeitaktivitäten in den Gemeinden (14.03.2013)

Das Symposium für die Verantwortlichen der Freizeitaktivitäten für Kinder und Jugendliche in den Gemeinden findet 2013 bereits zum 17. Mal statt.

Organisiert wird das Symposium vom CAPEL (Centre d’animation pédagogique et de loisirs) der Stadt Luxemburg und vom Service national de la jeunesse.

Dieses Jahr lautet das Thema des Symposiums: “Humor in pädagogischen Situationen”.

Nach Geschichten der beiden luxemburgischen Autoren Roland Meyer und Guy Rewenig, die einen humorvollen Blick auf die Kinderbetreuung in Luxemburg werfen, haben die Teilnehmer die Möglichkeit an 4 verschiedenen Workshops zu folgenden Themen teilzunehmen:

“Verrückte Spielketten” - Thomas Wodzicki

“Humor in der Pädagogik mit Mitteln des Tanzes, Theaters und Spiels” - Nicki Stemmer

“HUMOR als Chance um im beruflichen Alltag zu GEWINNEN!?” - Herbert Mlicko

“Clown: D’Konscht vun der Stäerkt duerch Oppenheet, Verletzlechkeet a Präsenz” - Dennis Wezenberg

Während diesen Workshops erhalten die Teilnehmer/innen neue Impulse für ihre Arbeit und haben die Möglichkeit, sich mit Kollegen auszutauschen.

Communiqué par le Service national de la jeunesse et la Ville de Luxembourg

20 Joer “Op der Lay”

March 5th, 2013

“Fir ganz vill Auteuren” - och fir mech - “eng wichteg Zäitspan, och well Op der Lay sou vill literaresch Talenter entdeckt huet, an zwar op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. A mat bis haut 71 Nei-Oploen ass den Erfolleg och net ausbliwwen.”

Ma do soen ech “Happy birthday” a maacht onbedingt esou weider! D’Gebuertsdaagsfeier ass de 14.3. am CNL zu Miersch.

Op der Lay

Webshop vun Op der Lay - do gëtt et och meng Bicher

“Revue 2013: Gegeeschters” ab 28. Mäerz am “Neien Theater”

March 4th, 2013

Maacht iech e puer flott Momenter a gitt d’Revue vum Lëtzebuerger Theater kucken.

Och dëst Joer hunn ech nees e puer Dommheete bäigesteiert :-) .

Hei gëtt et méi Informatiounen, d’Terminer an de Flyer:

Lëtzebuerger Theater

D’Fotoe vum Jengel vum Winklepickers Concert zu Veinen

March 4th, 2013

Hei kënnt dir d’Fotoe kucken, déi de Jengel die leschte Weekend zu Veinen beim Winklepickers Concert gemaach huet.

Him een décke Merci, grad esou wéi all de Leit, déi trotz diem schlechte Wieder net gefaart hunn an op Veine koumen. Super Concert, super Ambiance, super Owend!

www.winklepickers.lu

Tonight showtime: “Haart Musik fir haart Zäiten” den Owend um 21.00 Auer zu Veinen

February 23rd, 2013

D’Winklepickers spillen den Owend, 23.2., zu Veinen am Ancien Cinéma um 21.00 Auer dien éischte Concert fir dës Saison. Dot Iech waarm un, et ass kal dobäussen; dobannen ass der Däiwel lass: Remmidemmi a Rambazamba, esou gesäit et aus! An de “Kontroll tecknick” wäerte mir och nees spillen.

Denkt och eng Kéier un de Magic Slim…

Ancien Cinéma

The Winklepickers

Tonight showtime: “Muedebëtzeg”-Liesung den Owend um 20.00 Auer zu Eesbëch

February 22nd, 2013

Am Kultour-Dëppen, 5, Häeregaart, L-9831 Eisenbach, liesen ech den Owend aus Muedebëtzeg, diem Roman, dien 2012 mat dem “Lëtzebuerger Buchpräis fir Literatur” ausgezeechent gouf.

Begleed ginn ech musikalesch nees vun “Just Friends”, dem Mulles Scholtes op der Gitar, dem Luc Hoffmann, die séngt an och Gitar spillt an dem Ron Giebels um Bass.

Et kann een d’Buch op der Plaz kafen an et kritt een et och gäre signéiert.

Hei gëtt et Informatiounen iwwer Muedebëtzeg

An hei iwwer d’Kultour Dëppen

D’Winklepickers si mar op RTL

February 19th, 2013

Mar de Mëtteg, um 15.00 Auer sinn de Roger Melcher an ech beim Patrick Greis a Gérard Valerius am Musikexpress op RTL.

Mir schwätzen iwwer de Gig e Samschdeg zu Veinen am Ancien Cinéma, weider Concerten an eis CDen.

An net ze vergiessen: d’Muedebëtzeg-Liesung a Freideg am Kultour-Dëppen zu Eesbëch.