“The last rumble” um Blues’n Jazz Rallye e Samschden

July 18th, 2013

Die leschte Gig vun de Winklepickers net verpassen: e Samschden, den 20.7. um 19.30 Auer. Mir spillen um “Blues Hill Stage” an der rue de la Tour Jakob ënner der Eisebunnsbréck.

Infoen hei

Zickelalarm - Videoe vum Claude “Sibi” Sibenaler

July 5th, 2013

De Sibi war mat op Bour an huet den Zickelalarm gefilmt. Hien ass elo am gaangen, no an no e puer Ausschnëtter op Youtube ze publizéieren.

Déi hei kënnt dir elo schonns kucken:

Roland Meyer - Zickelalarm - De Schoulmeeschter

Roland Meyer - Zickelalarm - D’Schoulmeeschteschpeien

Roland Meyer - Zickelalarm - Selbstgesteiert Léieren

Roland Meyer - Zickelalarm - Teaser

Villmools merci Sibi a vill Spaass beim Kucken!

Den zweetleschte Concert vun de Winklepickers um Blues Express

June 28th, 2013

Zanter 2001 sinn de Rog an ech mat de Winklepickers ënnerwee; an elo gëtt et esou lues Zäit fir… eppes anescht. Iwwer zing Joer hu mir mat eiser stueratzeger Musik iech an eis Freed gemaach; an elo ass de Moment komm fir… eppes neies!

E Samschdeg, den 13.7. spille mir um Blues Express Lasauvage / Fond-de-Gras  zu Déifferdéng eisen zweetleschte Gig. Die leschten ass dann de Samschdeg dropp um Blues’n Jazz Rallye an der Staadt.

Um 22.30 Auer ass et esou wäit: um CFL-Stage/Casino zu Lasauvage hu mir wëlles nach eng Kéier ofzerappen!

Infoe gëtt et hei

Summerdag vun der Lëtzebuerger Literatur - Sonndes, de 7. Juli am CNL zu Miersch

June 21st, 2013

De CNL huet d’Editeuren zu Lëtzebuerg agelueden, mat hiren Auteuren en Dag vun der Literatur ze feieren. 11 Auteure liese fir Iech. All Auteur liest eng hallef Stonn aus sengem Buch a schwätzt dono während 20 Minutte mat engem Literaturkritiker doriwwer.

D’Editeure si mat de Bicher do an d’Auteure freeë sech op Äre Besuch.

Sonndës, de 7. Juli am Park vun der Maison Servais ab 14.15 Auer

Hei gëtt et weider Informatiounen

“Zickelalarm” zu Bartréng

June 13th, 2013

Den 10. Juli sinn ech em 20.00 Auer zu Bartréng am Festsall vun der Arca fir déi drëtt Ronn vun den “Zickelalarm-Liesungen”.

Bis elo e Risenerfolleg: Bour: 50 Persounen, ausverkaaft - Ettelbréck: 80 Persounen, ausverkaaft!

Hei kënnt dir Ausschnëtter aus “Zickelalarm” kucken

Hei kënnt dir fir Bartréng reservéieren: 621 626 132 oder www.kameidi.lu

An hei ass de Flyer

The Winklepickers in Jail: e Freideg um 18.00 Auer

June 13th, 2013

Dien drëttleschte Concert vun de Winklepickers: e Freideg um 18.00 Auer an der Abtei Neimënster!

Net verpassen: www.winklepickers.lu

Plang vun de Liesungen

June 10th, 2013

14.6.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - zu Diddeleng an der “Regionaler Bibliothéik” - 1. Liesung: 8.30 Auer / 2. Liesung: 10.00 Auer / 3. Liesung: 14.00 Auer

24.6.: “Den décken dommen Dudu - Mango Panda”; vun décken an dënne Kanner - fir Kanner - zu Miersch am Lycée Ermesinde - 14.50 Auer

7.7.: CNL-Summerfest zu Miersch an der Maison Servais / um 14.00 Auer geet et lass, ech liesen um 17.00 Auer

10.7.: “Zickelalarm” - eng kabarettistesch Liesung iwwer Erzéiung a Schoulreformen, engem dach éischter schwierege Geschäft… - zu Bartréng an der Arca - 20.00 Auer

24.10.: “Zickelalarm” - eng kabarettistesch Liesung iwwer Erzéiung a Schoulreformen, engem dach éischter schwierege Geschäft… - zu Woltz am Prabbeli - 20.00 Auer

3.12.: “Zickelalarm” - eng kabarettistesch Liesung iwwer Erzéiung a Schoulreformen, engem dach éischter schwierege Geschäft… - an der Staadt am Cercle / mardis littéraires - 18.30 Auer

Et wir flott, wa mir eis eng Kéier bei enger Liesung ginge begéinen.

Hei kënnt Dir mech fir eng Liesung kontaktéieren

Blues am Park - Fotoen

June 10th, 2013

Die leschte Freideg war Blues am Park zu Stesel. Et ware vill Leit do, mir hunn eis a si gutt ameséiert an et gouf e ganze Koup Fotoe gemaach.

Hei fannd dir se op rtl.lu

An hei d’Fotoe vum Frank Dumont

E Freideg sinn d’Winklepickers zu Stesel

June 3rd, 2013

E Freideg, de 7.6. ass Blues-time zu Stesel. Ab 19.00 Auer spille noeneen: Crossroads, Winklepickers a Sneaky Pete.

Den Entrée ass fräi an hei gëtt et weider Infoen!

“Zickelalarm” - den Trailer

May 22nd, 2013

De Claude “Sibi” Sibenaler war mat op Bur fir ze filmen a fir Fotoen ze maachen. Merci Claude!!!

Hei, als “Appetizer”, fir déi nächst Owenter, den “Trailer”. An diene nächste Wochen kommen Extraiten aus dem Programm op Youtube. Kuckt also heiansdo hei lanscht, fir um Lafenden ze bleiwen.

Hei kënnt dir den Trailer vun Zickelalarm kucken.

PS: De Programm heescht wierklech “Zickelalarm”, an net, wéi haut am “Wort geschriwwen: “Zickenalarm” :-)