January 31st, 2014
Haut den Owend um 16.45 an um 17.45 Auer sinn zu Mäertzeg am Centre Turelbaach zwou Liesungen aus dem “Piratekapitäne”-Buch. Vläicht hutt Dir Zäit laanscht ze kommen.
Iwwer déi nächst Lieseungen geschwë méi op dëser Plaz.
Posted in Bicher | No Comments »
January 13th, 2014
“Eng Nuecht am Supermarché” heescht dat neit “Stéck vum Joer” dat mir den Owend zu Walfer virstellen. De Sënn an den Zweck vum “Stéck vum Joer” ass, datt d’Schoulen zesummeschaffen, en Netzwierk bilden, déi eng dier anerer hëlleft, an datt esou ee komplett neit Stéck fir déi éischte Kéier de Wee op d’Bühn fënd.
Em wat geet et:
An engem Supermarché soll de Rayon vum Uebst a Geméis verklengeert ginn, an de Rayon vun de Séissegkeeten an den déifgefruerene Produkter vergréissert. Déi verkafen sech einfach besser. Doriwwer freeën sech d’Kornischong, den Apel, d’Bir an d’Orange natierlech guer net, a si kënnechen de Séissegkeeten de Krich un.
An diem ganze Duercheree fannen sech iewer elo dat séisst klengt Äerdbir an die léiwe faarwege Gummibäerchen. “Du bass esou séiss, ech kënnt an dech bäissen!” - Sollen si zwee d’Gemidder berouegt kréien, a wéi eng Roll spillt die sténkege Kéis an dier ganzer Affair? E Stéck iwwer d’gesond Iessen, mee net nëmmen doriwwer!
theaterschoul.lu
Posted in Theater | No Comments »
January 10th, 2014
Déi lescht Wochen sinn ech ganz dacks gefrot ginn, wéi et mat Concerte vun de Winklepickers steet. Em dës Zäit hu mir ëmmer zu Veinen am “Ancien Cinéma” gespillt, fir d’Saison nom Kabaret ze lancéieren.
Hmm: et steet net gutt!
Ech hu mat menge 50 Joer zu Kaiserlautern e Masterstudium a Schoulmanagement ugefaangen, an dofir gëtt et fir de Moment näischt aus neie Concerten… an och nach e puer aner Saachen.
Dat heescht iewer net, datt d’Winklepickers sech opgeléist hätten, nee, se si just “op Äis geluecht”; deep frozen.
Posted in Musik | No Comments »
December 21st, 2013
En Dënschdeg zu Walfer ware nees vill Leit do, schätzungsweis eng 80 Stéck, vläicht esouguer méi. Dat war déi leschte Kéier, datt ech dës Liesung gemaach hunn. An och hei gouf ech nees gefrot, ob et den Text vum “Zickelalarm” net als Buch ze kafe gëtt. Gëtt et net!
Wéi ech mat dëser Liesung ugefaangen hunn, hätt ech mir ni dreeme gelooss, datt dat esou ee groussen Erfolleg géif. Ech hat also och net eng Sekonn doriwwer nogeduecht de Manuskript ze publizéieren.
Mee nodeem esou eng grouss Nofro besteet, hunn ech mir virgeholl, éischtens an engem bis zwee Joer en neien “Zickelalarm” ze maachen an dann zweetens dien éischten an dien zweeten zesummen erauszeginn. Do brauche mir iewer nach e bësse Gedold.
Am “Zickelalarm I” waren Extraiten aus folgende Bicher: “Den décken dommen Dudu” an “Dem Kinnek säi Gaart”… fir all déi, déi wëlle noliesen.
An op Youtube sinn elo grouss Deeler vum “Zickelalarm I” ze gesinn:
Den Teaser
De Schoulmeeschter
Selbstgesteiert Léieren
D’Schoulcharta
D’Schoulmeeschteschpeien
Posted in Bicher, Kabaret | No Comments »
December 5th, 2013
“Hallo, Rol!
Am Cité, dat war nawell ganz flott, nee, saugudd!! Wat hues du eng Energie! Och deng “politesch” Aussoen (Kids, onméiglech Immobilienpreisser, den Zwang zu 2 schaffen mussen ze goen, den Réunitis-, Charta- an Formatiouns-Wahn, …) waren kloer, engagéiert, pertinent, couragéiert - Respekt!
Du soss, du giffs all Kand reich Elteren verschafen. Dat, méngen ech, ass effektiv dat eenzegt Mettel, fir all di Gewalt, all di aktuell himmelschreiend Ongerechtegkeeten an den Greff ze kréien.
Dozou just nach e Sproch, anscheinend vum Charlie Chaplin: WER NICHT GELIEBT WIRD, HASST! All di Leit, di komplett lenks leien gelooss gin, um oder ennert dem Existenzminimum mussen liewen, all di Kanner - di mussen jo iwwerzeegt sin, si giffen net “geliebt” gin. Wat kënnt do nach op eis duer???
Merci, Rol - dat war saugudd! Pir
P.S.: Vleit, vleit, kommen ech och nach op Walfer - no guarantee! “
Posted in Bicher, Kabaret | No Comments »
December 3rd, 2013
Haut um 3.Dezember ass déi zweetlescht Liesung aus der Zickelalarm-Staffel 2013. Déi allerlescht ass de 17.12. zu Walfer.
Fir 2014 ass iewer eng Suite virgesinn, ze soe gëtt et jo nach ëmmer genuch!
Hei d’Infoen iwwer haut den Owend op RTL.
Posted in Bicher, Kabaret | No Comments »
November 27th, 2013
En Dënschdeg, de 17.12., sinn ech mat menger kabarettistescher Liesung zu Walfer am Centre Prince Henri. Et geet um 20.00 Auer lass an den Entrée ass fräi.
Op Invitatioun vun der a.i.p., der Association des institutrices et instituteurs préscolaires, sinn ech do. Sollt Dir bis elo den “Zickelalarm” also nach net gesinn hunn, dann ass hei eng Geleeënheet.
www.aip.lu
Hei de Flyer
Posted in Kabaret | No Comments »
November 25th, 2013
Dës Woch plënnere mir! No 18 Virstellungen am CNL gëtt mar d’Bühn am Kulturhaus opgeriicht. Mir freeën eis schonns op déi 5 ausverkaaften Optrëtter am grousse Sall mat all Kéier iwwer 400 Leit.
Leider kënne mir aus organisatoresche Grënn net verlängeren, esou datt vill Leit den 2013ter Programm net kënne gesinn. Mir verspriechen iewer fir déi nächst Saison nach méi Virstellungen ze programméieren.
Posted in Kabaret | No Comments »
November 21st, 2013
Wéinst diem groussen Undrang ass d’Liesung elo vum 5. Stack erof op den 2. Stack an de groussen Auditorium geluecht ginn. Nach ass Zäit, fir sech unzemellen…
Hei de Flyer mat allen Infoen.
Posted in Kabaret | No Comments »
November 19th, 2013
Mir haten emol eng Kéier e Programm, dien huet “Totalen Ausverkaf” geheescht. Dat war 2003. Och deemools hu mir 23mol gespillt, deemools konnte mir och nach Verlängerunge maachen. Haut ass dat aus organisatoresche Grënn net méiglech. Elo spille mir och 23mol, allerdings 5mol am Mierscher Kulturhaus. An nees ass alles ausgebucht. Super, dat freet eis immens.
Fir dat nächst Joer heescht dat, datt mir musse méi dacks spillen. Am léifsten am CNL, vläicht och am Kulturhaus. Emol kucken; et ass jo nach laang…
www.stenkdeier.lu : hei gëtt et all d’Informatiounen iwwer d’Sténkdéieren.
Posted in Kabaret | No Comments »