“Muedebëtzeg” als éischt lëtzebuergescht Buch op Amazon Kindle

November 18th, 2013

Wéi sot de Verlag “Op der Lay” haut esou schéin: et ass dat aller-alleréischt lëtzebuergescht Buch, dat ee bei Amazon kann op säi Kindle eroflueden.

Sinn e bëssen houfreg… :-)

Hei de Link.

“Obszön”

November 13th, 2013

Et ass nees d’Zäit vun de “Walfer Bicherdeeg”. Leider kann ech dëst Joer kee Präis gewannen, ech hu keen neit Buch um Start. D’lescht Joer war dat eng flott Saach mat “Muedebëtzeg”… “Lëtzebuerger Buchpräis” an der Kategorie Literatur!

An der 2013er Ausgab vun der Walfer Anthologie ass iewer elo en Text vu mir drann, dien die schéinen Titel “Obszön” dréit. Alleng dat ass dach e Grond, sech d’Buch ze beschafen. A wéi ëmmer weist et kloer an eng Direktioun: nämlech an déi vum nächste Buch.

Nieft mengem Text gëtt et och nach Texter vum Serge Basso de March, Raoul Biltgen, Pierre Decock, Ian de Toffoli, Alexandra Fixmer, Roland Harsch, Lex Jacoby, Dennis Kirps, Rafael David Kohn, Henri Losch, Carla Lucarelli, Nathalie Ronvaux, Stéphane Ghislain Roussel, Elise Schmit, Valérie Schreiner a Luc Spada. D’Fotoe si vum Christian Aschman.

Hei gëtt et weider Infoen…

Lescht Chance fir den 2013er Programm “Héichwaasser” ze gesinn

November 13th, 2013

Hei ass déi lescht Chance fir dem “Kabaret Sténkdéier” säi Programm “Héichwaasser” iewer nach ze gesinn:

Ticketen

Sonndes, den 1. Dezember um 17.00 Auer gëtt et nach e puer Plazen. Dono ass et zou! Mir kënnen och net verlängeren, well dat aus organisatoresche Grënn net méiglech ass. Maacht Iech also séier bäi; dien éischten ass vir!

Nächsten “Zickelalarm”: 3.12. am Cercle Cité an der Staadt

November 11th, 2013

Déi nächst Statioun vu menger kabarettistescher Liesung “Zickelalarm” ass an der Staadt am Cercle Cité. Um 18.30 Auer geet et lass: 2, rue Genistre / Place d’Armes.

Hei gëtt et Informatiounen.

An hei den Trailer op Youtube.

Zwou Liesungen a Schoulen

November 5th, 2013

An diene nächste Woche stinn zwou Liesungen a Schoulen um Programm:

E Freideg, den 8.11. liesen ech am Sportslycée um Cents aus dem “Décken dommen Dudu”.

E Freideg, de 15.11. liesen ech am Kader vun de Walfer Bicherdeeg zu Helmseng an der Grondschoul aus “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen”.

Kabaret Sténkdéier: den Trailer ass do

October 21st, 2013

De Claude “Sibi” Sibenaler huet den Trailer 2013 zum Programm “Héichwaasser” elo fäerdeg.

Hei kënnt Dir e kucken.

Zickelalarm - en Donneschdeg, de 24. Oktober zu Woltz am Prabbeli

October 21st, 2013

De 24.10. geet et um 20.00 Auer zu Woltz am Prabbeli; 8, rue de la montagne, weider mat dem “Zickelalarm”.

“An enger kabarettistescher Liesung an den Zentrum vu Kannerbetreiung, Hausaufgabenhëllef, Burnout an Erzéiungsfrust hëlt de Roland Meyer kompromis-, respekt- a matleedslos dien aktuelle Stand hei zu Lëtzebuerg op de Leescht.”

Entrée: 12 € / 5 €

Hei gëtt et weider Informatiounen.

Gelonge Première

October 18th, 2013

Et ass ëmmer esou, elo maache mir et scho 25 Joer laang, an all Kéier déi Opreegung: Ass et eppes? Kënnt et beim Publikum un? Geschitt net iergendeng Katastrof?

All Joer die selwechte Misère. Gëschter war ech die ganzen Dag opgereegt. Wéi mir no engem Dëppche Gebeess an enger Taass Kaffi och nach e Spighel aus der Hand gefall war, konnt ech et net méi leegnen: ech war zolitt nervös!

Mee alles ass gutt gaangen gëschter owend, alles huet gutt geklappt an de Leit huet et och gefall, esou denke mir emol no dienen éischte Kritiken: “Ofwieslungsräich, professionell, pickeg, kuerzweileg!”

Eng gelonge Première deemno. Da loosse mir elo mol kucken, ob mir déi nächst Woch nach kënnen die selwechte Programm spillen.

www.stenkdeier.lu

An hei gëtt et d’Ticketen.

Haut ass Première!

October 17th, 2013

Haut - 17.10. - geet et lass: Première vum Programm 2013 “Héichwaasser” vum Kabaret Sténkdéier. Mir freeën eis, datt et endlech esou wäit ass, mee eis geet och zolitt de Wapp!
Lauschteren op RTL …

www.Luxembourgticket.lu

Première vun “Héichwaasser” de 17.10.

October 16th, 2013

Mar geet et lass! D’Première vum neie Programm vum Kabaret Sténkdéier: 17.10.2013.

D’Generalprouwe si gelaf, erschreckend gutt(!!!), a bis elo ass och nach kee krank. - Den Owend RTL lauschteren! Géint 19.30 Auer en Interview am “Feierowend”.
Wéi all Joer war de Claude “Sibi” Sibenaler dobei an huet Fotoe gemaach.

Hei kënnt Dir eng Rei dovu gesinn…