April 27th, 2014
Vu mar u (28.4.) kritt dir dat neit Buch iwwerall! Wa “Muedebëtzeg” Blues war, dann ass “Roughmix” Punk: “an dat an engem Land wou villes ënner den Teppëch gekiert gëtt, wou iwwer e ganze Koup Theme guer net geschwat gëtt, wou de Bléck vu baussen d’Siicht schäerfe muss… Wat hu mir ze verstoppen?”
Hei déi éischt Infoen vun Op der Lay
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »
April 22nd, 2014
Ganz vill freeën ech mech, datt elo schonns déi drëtt Oplo bei “Op der Lay” erauskomm ass. Dat beweist, datt dësen Thema d’Leit wierklech interesséiert an och beweegt.
Informatiounen gëtt et hei.
Hei kënnt Dir d’Buch bestellen.
Posted in Publikatiounen | No Comments »
March 25th, 2014
Dann haut emol déi schlecht Noriichten:
1. Eisen Tom Kraemer huet aus gesondheetleche Grënn decidéiert, de Kabaret Sténkdéier ze verloossen. Déi nächst Saison ass hien also leider net méi mat dobäi, weder beim Schreiwen, nach op der Bühn. Den Alain “Scheedchen” Adams an ech schreiwen de Programm 2014 a mir spillen en zu véier op der Bühn: d’Géraldine Posing, d’Conny Braquet, de Raymond Bertemes an den Nico Dabé.
2. Mir kënnen net méi am Keller vum CNL/Maison Servais optrieden, wëll si déi Plaz selwer brauchen. De Keller ass also definitiv “passé”. Mir sinn nach am Kucken, wéi a wou genee mir den Hierscht spille wäerten, mee do kënnt an nächster Zäit méi no.
www.stenkdéier.lu
Posted in Kabaret | No Comments »
March 23rd, 2014
Vill Leit hu mir a leschter Zäit gesot, ech misst onbedingt op Facebook. Déi lescht Woch hunn ech mech elo ugemelt. Mat gemëschte Gefiller, mee wiem soen ech dat!
Mäin Zil ass et, iwwer die Wee nach méi Leit ze erreechen; ob dat gelengt, muss sech dann an diene nächste Wochen erausstellen. Ech wëll natierlech, datt esou vill Leit wéi méiglech mäin neit Buch Roughmix liesen, an dofir hunn ech die Schrëtt gemaach.
Loosse mir also emol kucken, wat dat bréngt. Wann Dir wëllt mäi Frënd op Facebook ginn, dann ass elo de Moment; … meng Frënn am richtege Liewe sidd Dir jo schonn
Posted in Publikatiounen | No Comments »
March 19th, 2014
De Claude Sibi Sibenaler huet déi 13 éischt Stécker aus eisem 2013er Programm “Héichwaasser” elo online gesat. De Rescht kënnt nach no. Him en décke MERCI an hei kënnt Dir se kucken:
Kabaret Sténkdéier - Héichwaasser 2013
Posted in Kabaret | No Comments »
March 14th, 2014
Zanter 2006 ass et fir mech scho bal eng Traditioun ginn: ech schreiwen een oder zwee Texter fir d’Revue. An och dëst Joer ass nees dien een oder aneren Text vu mir an der Revue 2014 ze gesinn. Den Titel fannen ech dëst Joer nawell extragutt geroden. Première ass den 8.4.2014.
Hei gitt Dir méi gewuer.
Posted in Kabaret, Theater | No Comments »
March 14th, 2014
Dat ass eppes wat mech immens freet: “Muedebëtzeg” gëtt nach ëmmer vill gelies an och vill kaaft! Esou ass et scho bal normal, datt elo bei “Op der Lay” déi drëtt Oplo virbereet gëtt. Wann Dir d’Buch nach net hutt, dann ass also elo de Moment, fir et ze kafen
.
Hei kritt Dir Informatiounen iwwert d’Buch.
Hei kënnt Dir d’Buch bei “Op der Lay” kafen.
“Muedebëtzeg” ass och dat éischt Buch op Lëtzebuergesch gewiescht, dat et fir de Kindle ginn ass.
An hei gëtt et d’”Muedebëtzeg” bei iTunes.
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »
February 7th, 2014
Gëschter kruet ech gring Luucht vun “Op der Lay”. Elo nach just eng leschte Kéier Iwwerschaffen, da geet de Munuskript definitiv bei de Verlag. Den Aarbechtstitel ass “Roughmix”, an esou fillt sech d’Buch och un:
Wa “Muedebëtzeg” Blues war, dann ass “Roughmix” Punk!
Muedebëtzeg bei Op der Lay
Op der Lay
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »
February 4th, 2014
An hei eng kleng Iwwersiicht iwwer d’Liesungen a Grondschoulen, déi ech am Mäerz maache wëll:
17.3.: Sonneschoul Näertzeng - 14.00 Auer
28.3.: Billek -Dräibour - 11.00 Auer - 14.00 Auer - 15.00 Auer plus eng Signéierstonn dono
31.3.: Wëntger - 14.00 Auer - 15.00 Auer - 16.00 Auer
Posted in Bicher | No Comments »
January 31st, 2014
Ënner digitaler Form kënnt Dir op Amazon zwee Bicher vu mir kréien: “Muedebëtzeg” als éischt lëtzebuergescht Buch, dat et fir den Amazon-Kindle gëtt, an den “Jim Keane”, e Fantasy-Buch, dat een nëmmen do kritt, an dat net ënnert anerer Form ze kréien ass.
Hei d’Linken:
“Muedebëtzeg” op Amazon
“Jim Keane” op Amazon
Vill Spaass!
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »