September 22nd, 2015
- Entrée libre.
- Réservation par téléphone ou bien par email dans la limite des places disponibles.
- Merci de téléphoner au 4796-2732 ou d’envoyer un email: bibliotheque@vdl.lu
- Lecture en langue luxembourgeoise.
Zickelalarm II:
No dem Zickelalarm 2013, dien de Roland Meyer mat immens groussem Erfolleg uechtert d’Land opgefouert huet, leet den Auteur, Musiker, Kabarettist a … Schoulmeeschter elo no:
den Zickelalarm II hëlt déi pädagogesch Situatioun am Ländchen op de Leescht a liicht bis déif an déi däischterst Lächer an de Klassesäll, de Maison relaisen an de Ministèren: ee ganzt Land weess net méi wéi et soll seng Kanner erzéien an dobei kann de Roland Meyer net roueg nokucken.
Hien zéckt net fir de Fanger ze weisen an de Mond opzedoen.
Weider Infoen gëtt et hei
Posted in Publikatiounen, Bicher, Kabaret | No Comments »
September 3rd, 2015
Hei emol, eng net ganz komplett Zesummestellung vun den Zikelalarm-II-Liesungen am Hierscht:
22.9.: Cité-Auditorium an der Staat
24.9.: Réiden un der Attert am Zärenhaus
26.9.: Bur an der Brennerei
1.10.: Ettelbréck an der Bibliothéik
10.10.: Aalt Staathaus zu Déifferdeng
11.12.: Heemspill zu Consthum am Centre Culturel
19.1.: Ofschloss zu Miersch an Kulturhaus
Den Zikelalarm II ass en neien Text, am kabarettistesche Stil vun Zikelalarm I, dien elo als Buch bei “Op der Lay” erauskoum.
Kafe kënnt dir d’Zikelalarm-Buch hei.
Posted in Publikatiounen, Bicher, Kabaret | No Comments »
September 3rd, 2015
19.9. an den 20.9.: Bicherfest zu Veinen!
Um 16.00 Auer liesen ech samschdes de 19. an der Salle des banquets am Schlass aus “Roughmix” an “Zikelalarm”.
Flott och de Claude Mangen die selwechten Owend am Ancien Cinéma iwwer de René Engelmann: “Wuddert dir eleng virun…”!
Hei gëtt et Informatiounen…
Posted in Publikatiounen, Bicher, Kabaret | No Comments »
August 21st, 2015
Villmools merci dem Bea Kneip fir dëse flotte Reportage.
Hei kommt dir dohinn a vergiesst net ze lauschteren!
Geschwënn fand dir hei d’Datumen vun der Zikelalarm II - Tour am Hierscht. Lass geet et am September zu Veinen!
Posted in Publikatiounen, Bicher, Kabaret | No Comments »
August 21st, 2015
Hien hat schonn op si gewaart. Op der Terrasse, direkt iwwer dem Mier. Si hat dat erwaart, mee wéi si d’Trapen erofkoum, huet si méi laang gebraucht, wéi déi dräi lescht Deeg. Si huet all Bild ënnerwee bekuckt, all Dëschelchen, all Fotell, déi hei stung, bei dier si sech schonn e puermol gefrot hat, ob iwwerhaapt jeemools ee Mënsch sech géif dora sëtzen.
Hien hat e Cappuccino bestallt, zum Gléck kee Latte macchiato, duecht si, hien hat säi Sonnebrëll op an huet iwwer d’Mier gekuckt. Si ass ee Moment stoe bliwwen, huet och de Sonnebrëll aus hierer Posch geholl, obwuel den Himmel sech net konnt decidéieren. D’däischter Wolleke gouf et der vill de Moien, de bloen Himmel ass am Moment just eng wag Hoffnung bliwwen.
Hien ass opgestanen, wéi si koum. Dat huet hieren Androk weider bestäerkt, datt hien op eng eegen Aart a Weis nieft der Zäit gelieft huet. Gëschter owend wollt hien zréck, hie wollt net bei hier bleiwen, um Zëmmer mat hier déi éischt Nuecht verbréngen, hie wollt nach an d’frësch Loft, hat hie gelunn.
Och si huet ee Cappuccino bestallt an huet sech nieft hie gesat. Bal hat si gefrot, ob si dat dierft. Nieft hien, net vis-à-vis vun him. Esou kënnten si zu zwee d’Vue op d’Mier genéissen, huet si gelunn.
D’Dauwen op der Terrasse waren hier schonns déi lescht Deech opgefall. Si hu gelauert. Bis een Hotelgaascht un de Buffet gaangen ass, an eppes op sengem Teller zréckgelooss huet. Da si se decidéiert - aggressiv hat si geduecht - zu hierer fënnef oder sechs op dien Dësch geflu komm, an hu sech ëm dat Stéck Brout oder Kéiss oder Saumon oder Croissant oder Ham oder Kuch oder Uebst gestridden. Et war alles am Iwwerfloss do. Dacks waren d’Garçonen an hieren Uniforme gelaf komm fir se ze verdreiwwen, mee et ass hinne net gelongen. Méi wéi eng Kéier war eng Tas oder ee Glas, heiansdo och een Teller, op de Buedem gefall a mat engem haarde Klake gebrach.
D’Dauwen hunn dann an hierem Hannerhalt gewaart a si bekuckt, aus hiere ronne Vullenaen. Hitchcock duecht si.
Wéi d’Flüchtlinge sot hien.
Si wousst net, ob si sollt opstoen a goen.
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »
August 3rd, 2015
Esou kënnt een den Titel vun der Uli Botzler am Telecran iwwersetzen. 
Villmools merci! Flotten Titel, flotten Artikel an …
… hei kënnt dir e liesen.
Posted in Publikatiounen, Bicher, Kabaret | No Comments »
August 3rd, 2015
Vu Bestsellerlëschten, an dat grad hei zu Lëtzebuerg, kann ee jo hale wat ee wëllt…
Trotzdeem hunn ech mech dëse Mount zerguddst gefreet! Net manner wéi dräimol si Bicher vu mir op dienen éischte Plazen: Zikelalarm op drëtter a Roughmix op véierter Plaz bei de Romaner a Mango Panda op fënnefter Plaz bei de Kannerbicher.
E ganz décke Merci un all d’Keefer vun dëse Bicher.
Hei ass d’Bestsellerlëscht fir de Mount August.
Posted in Publikatiounen, Bicher, Kabaret | No Comments »
July 9th, 2015
De Jeff Baden huet e Samschden eng Kritik iwwer “Zikelalarm” am Wort bruecht, déi ech iech hei net virenthale wëll.
Hei kënnt dir se liesen. Denkt drunn, wann dir op der Säit sidd, fir erofzeskrollen…
Posted in Publikatiounen, Bicher, Kabaret | No Comments »
July 8th, 2015
Ech hunn hei emol e ganze Koup Linken zesummegestallt, déi eppes mam Servais-Präis ze dinn hunn.
Als Iwwerbléck, esouzesoen, als Presserevue; alles wat ech esou gesot hunn, alles wat gesot gouf an och alles wat soss nach ze liesen an ze kucke war…
RTL
nach eng Kéier RTL
an nach eng Kéier RTL
Wort
nach eng Kéier Wort
an nach eng Kéier Wort
Tageblatt
an Tageblatt
an nach eng Kéier Tageblatt
L’essentiel
an nach eng Kéier L’essentiel
Le jeudi
Le quotidien
Do soll dach elo kee meckeren 
Dat war eng schéin Zäit, mee wéi seet mäi Kolleg Remy ëmmer: alt weider mam Jabel!
Posted in Publikatiounen, Bicher, Musik, Kabaret, Theater | No Comments »
June 18th, 2015
Dach, ech mengen dat Eescht!
Um 19.30 Auer ass zu Miersch am Servais Haus d’Präisiwwerreechung an do ging ech mech wierklech ganz vill freeën, wann Dir kënnt dobei sinn.
Esou een Dag huet een nëmmen eng Kéier am Liewen an dofir wëll ech e mat Iech all deelen, zesumme lauschteren wann d’Just Friends nach eng Kéier hier Standards spillen, wann de Sahrs Romy d’Laudatio hält an dono e gudde Patt drénken.
Esou soll et sinn, dat wir flott!
Hei d’Info vum CNL…
Posted in Publikatiounen, Bicher | No Comments »