Aktualiséierten “Zikelalarm-Tour-Programm”
November 23rd, 2015Zikelalarm vun a mam Roland Meyer … um Tour:
11.12.: Consthum
15.1.: Woltz
19.1.: Miersch
27.1.: Ierpeldeng
29.1.: Lëtzebeurg
16.2.: Walfer
Zikelalarm vun a mam Roland Meyer … um Tour:
11.12.: Consthum
15.1.: Woltz
19.1.: Miersch
27.1.: Ierpeldeng
29.1.: Lëtzebeurg
16.2.: Walfer
De Gollo huet elo just matgedeelt, datt déi 1000 Exemplare vun “Zikelalarm” all vergraff sinn an datt demno elo déi 2. Oplo fälleg ass.
Fir “Den décken dommen Dudu” ass et mëttlerweil schonns déi 4. Oplo, wouriwwer ech mech am allermeeschte freeën, wëll den Dudu ass mäin “Allerléifsten”.
Fir den “Zikelalarm” bei Op der Lay ze bestellen… hei klicken,
E Méindeg den Owend hate mir eng Prouf am Kulturhaus ugesat, fir zesumme mat den Techniker ze kucken, wéi mir d’Kouhändel op d’Bühn sollte kréien. Dat huet wéi ëmmer tiptop geklappt, d’Zesummenaarbecht mat hinne mécht Freed an et kënnt eppes dobei eraus.
Elo hu mir schonns zwee Owender do gespillt, an d’Onsécherheeten, déi esou ee Plënneren ëmmer mat sech bréngen, sinn zum gréisten Deel iwwerwonnen. Dës Woch ass de klenge Setting ausverkaf, déi nächst Woch gëtt et am grousse Setting nach Plazen. Zéckt also net, fir iech ze mellen, wann dir nach keng Tics hutt! Hei gëtt et der!
Et stellt sech ëmmer méi eraus, datt dat Stéck am 2015er Programm, dat am meeschte polariséiert, wahrscheinlech “Däi Bréif” ass. Vill Leit komme no de Virféierungen a schwätze mech op dësen Text un. Et geet em dem Gaston Vogel säi Bréif, an diem en an engem Toun, dien “ënner aller Sau” ass, fir emol a sengem Vokabular ze bleiwen, d’Strummerten an d’Heescheleit an der Stad global an ondifferenzéiert beleidegt.
Dësen Text widersprécht. Vir vill Leit eng nei Vue op de Problem a virun allem och op eng Persoun, déi mat hierer Aart a Weis ze schwätzen, grad dëse Widersproch siche geet.
Haut spille mir net, mir plënneren a prouwen den Owend op der Bühn am Kulturhaus zu Miersch. Dat gëtt mir d’Méiglechkeet, eng Kéier iwwer déi lescht Woch nozedenken.
Déi véier Virstellungen hunn all gutt fonktionéiert, ausser e puer Kléngegkeeten, ass näischt schifgaangen. Op Facebook kruet ech dëse Kommentar: “Mir waren bei der Première derbäi. Respekt fir d’Akteuren, et sinn ganz schwéier Textpassagen. Mir hunn Texter ganz gudd fond. Weider esou. Déi politsch, gesellschaftlech an sozial Aktualitéit am Ländchen ass ganz gudd rauskomm, typesch wéi mir Lëtzebuerger esou sinn……Rol, mach weider (esou mat) denger Equip” Grad esou ass et, dozou brauch ech näischt weider ze soen.
Wann een dann no den Optrëtter mat de Leit schwätzt, da gesäit een, datt d’Meenungen immens wäit äusernee ginn, an dat esouguer zu dienen eenzelnen Themen. Wat déi eng wierklech gutt fannen, gefällt dienen anere net. Beispill: Mir schwätzen de Referendum un: “Super Analis”, soen déi eng, “mega out”, déi aner. Oder den Thema Homosexualitéit: “Dat kënnt dir net maachen, dat ass esou eppes vun deplazéiert” soen déi eng an déi aner mengen “eréischt wann een och doriwwer Witzer maache kann a laachen, dann ass et zu engem Stéck Normalitéit ginn.”
An dobei wëlle mir beileiwe kengem Mënsch eis Meenung opzwéngen; eis Texter sinn an der Regel esou, datt se eppes thematiséieren, iewer keng Léisungen bidden. Dat muss de Public selwer maachen, soss huet et kee Wäert.
Kommt bild iech är Meenung; zu Miersch am Kulturhaus an zu Biergem am Nëssert.
Wa mir net spillen, dann hu se gewonn.
Wa mir och nëmmen een eenzegen Text net spillen oder en änneren, dann hu se gewonn.
A wann de Public net laacht a sech net ameséiert, och dann hu se gewonn.
Mir hu gespillt an et war richteg esou. Gëschter an haut ass de Programm mat enger Gedenkminutt fir d’Victime vu Paräis ugaangen an och dat huet sech richteg ugefillt.
Domat si mir elo zu Maarnech scho fäerdeg a plënnere mar an d’Kulturhaus op Miersch.
Dien éischte Gedanken, dien een op esou engem Moien huet, ass d’Bengele bei Tromm ze geheien. Wann een die ganze Misère zu Paräis gesäit, kann een dach net weider Kabaret spillen, wéi wann näischt geschitt wir, d’Leit zum Laache brénge, sech zesummen ameséieren…
Mee wa mir elo net méi spillen, wa mir elo kleng bäi ginn, dann hu se scho gewonn. Wa mir och nëmmen een Text ewegloossen oder änneren, dann hu se scho gewonn. Die klengste Schratt no hannen ass en Erfolleg fir déi, déi et op eis Aart a Weis fir ze liewen ofgesinn hunn.
Dofir, grad elo, ass de Kabaret wichteg!
Mir hate schonn e bësse gemëscht Gefiller, gëschter owend, no dienen éischte Stécker.
Bei dienen hu mir fir d’éischt an der Geschicht vum Kabaret Sténkdéier op de “Black” zwëschen de Stécker verzicht. Wéi an engem Theaterstéck ass et weidergaangen. An da mierkt een op eemol, wéi een sech un den Applaus gewinnt hat, a wéi een en am Fong och brauch.
Mee ech wollt et jo esou, an elo sinn ech och der Meenung, datt et déi richteg Decisioun war. Dien eenzelnen Text an och dien/déi eenzel/nen Acteur/Actrice steet net méi grad esou am Vierdergrond, mee et ass d’Iddi hanner dem Text an d’Equipe. An dat ass och gutt esou.
Elo spille mir nach dräi Owenter zu Maarnech, an da geet et weider op Miersch a Biergem. Mir freeën eis drop!
Den Owend um 20.00 Auer geet et also lass!
An do ass et och nees, dat komescht Gefill: vum Januar un hues de um Programm gebastelt, en décke Mount hues de intensiv drunner geprouft… an elo, e puer Stonne virum Showdown kanns de guer näischt soen. All Text, all Lidd, all Positioun an all Iwwergang sinn der esou a Fleesch a Blutt iwwergaangen, dass de net méi fäheg bass, ze beurdeelen, wéi de Public dat alles fanne kéint.
Dobei ass de Programm mat Sécherheet een aneren wéi déi lescht Joer. Villes huet sech hei bei eis am Ländchen an Europa geännert, do kënne mir eis net net veränneren. Wien hätt virun engem Joer geduecht, datt esou vill Leit aus Kriseregiounen bei eis kommen, fir sech a Sécherheet ze bréngen… guer net dorop anzegoen a weider just op “déi do uewen” ze klappen, wéi et esou einfach am politische Kabaret ka sinn, ass dier komplexer Situatioun kaum ugepasst. Fir eis ass dat kloer; an den Owend gi mir gewuer, ob dat och esou kloer fir de Public ass.
De Cube zu Maarnech ass fir déi 4 Virstellungen komplett ausverkaf, e séchert Zeechen, datt mir nieft Miersch och am Éisleck e feste Stamm vu Frënn hunn. Dat ass super!
Hei gëtt et nach Plazen fir d’Kulturhaus zu Miersch.
An hei kënnt Dir fir den Nëssert zu Biergem / Monnerech reservéieren.
A jo: Gëschter war ech mam Irène op den RTL fir nach e bësse Reklam ze maachen. D’Irène huet een Deel vun engem Lidd gesongen, dat mir iech am neie Programm presentéieren, an hatt huet dat esou gutt gemaach, datt ech et hei onbedingt virstelle wëll:
Klickt hei fir eise kuerzen Optrëtt bei Greis a Valerius ze lauschteren.
An elo: bonne merde!
Déi nächst Terminer fir den Zikalalrm sinn:
11.12.: Centre Culturel Consthum - Parc Housen
15.1.: Prabbeli - Woltz
19.1.: Mierscher Kulturhaus - Miersch
Wann dir och un enger kabarettistescher Liesung interesséiert sidd, kënnt dir iech gär bei mir mellen.
Hei nach d’Roadmap fir d’Kouhändel:
Opféierungen am Cube:
12., 13., 14., 15. November
Opféierungen am klenge Setting zu Miersch:
17., 18., 19., 20., 21., 22. November
Opféierungen am grousse Setting zu Miersch:
24., 25., 26., 27., 28. November
Opféierungen am Nëssert:
3., 4., 5. Dezember
“De 10. Oktober invitéiert d’Kulturkommissioun vun der Gemeng Déifferdeng op e flotten Dag am Ale Stadhaus wou alles sech ëm d’gudd Laun an d’Laachen dréint.De ganzen Dag iwwer vu Mëttes 15.00 Auer un bis Owes um 22.00 Auer huet de Publikum d’Méigeléchkeet d’Aalt Stadhaus op eng nei Manéier kennenzeléiren a sech bei flotte Spektakle fir Grouss a Kleng an der Bibliothéik, an de Festsäll an am Bistro ze ameséiren.
Vu Poppentheater, Liesunge fir Kanner, Cabaret, Clownen, Magie an Theater as alles dobäi. Mat ënner anerem dem Déifferdenger Theater, de Nidderkuerer Tuterten, dem Papa Chico, d’Déifferdenger Museksschoul, der Bibliothéik, de Clownen Ludvina et Bouton, Roland Meyer, Pierre Puth an der Poppespënnchen.
Kommt laacht mat!”