An ëmmer nees de “Generolverdacht”…

December 26th, 2015

“Klamm bei kee Friemen an den Auto!” - “Maach kengem d’Hausdier op, dien s de net kenns!” - “Huel keng Séissegkeeten vun engem Onbekannten!”

Wat fir verpasste Chancen!

Sécherheetsdenken…

Wantergeschichten…

December 15th, 2015

Nicolas Premier

Frot Dir Iech och dacks, firwat déi eng oder aner Elteren hier Kanner op Plaze matschleefen, op dienen se definitiv näischt verluer hunn?

Esou eng Plaz waren d’Expositiounshalen, an dienen de Premier elo just ugefaangen hat, seng Ried ze halen. Eng laang Ried, eng komplizéiert Ried, déi fir die klenge Männchen, die säi Papp elo just nieft mech gestallt hat, esou zimlech dat langweilegst muss sinn, dat dien sech virstelle kann.

Wéi de Premier ugekënnegt huet, d’Steieren erofzesetzen, eppes wat en an all Sonndesried versprécht, dun huet de Papp vun Jong zu mir gesot, datt de Premier elo nees Kleesche géif spillen an de Leit Kadoe verspréich.

Dem Jong seng Aen iewer hunn ugefaangen ze liichten, wéi hien dat Wuert „Kleeschen“ héieren huet, grad esou wéi meng fréier ëmmer geliicht hunn. Ech hu gesinn, wéi fir de Bouf aus diem groen, oninteressante Premier die Mann mam laange wäisse Baart ginn ass, mat diem komeschen Hutt um Kapp, engem laange Bengel an der Hand, gekleed an diem roude Mantel, die bis op de Buedem reecht. Och ech hunn dien viru mir gesinn.

An die Kleeschen, dien elo virun eis stung, huet net méi vu Steieren a Scholden an EU-Aussegrenze geschwat, mee vu Séissegkeeten a Spillsaachen huet e geschwäermt. Hien huet all Mënsch wëllkomm geheescht, jo, hien huet „Mënsch“ gesot, net Lëtzebuerger oder Auslänner, net Strummert, Chomeur oder Banker, net Chrëscht, Moslem oder Judd. An hien huet jidderengem genuch fir z’iesse versprach, een Daach iwwerem Kapp, Bicher an ee Schoulmeeschter, a Leit, déi et gutt mat em mengen.

Dem Bouf a mir ass et waarm ginn, et louch eppes Tréischtleches iwwer den Halen, d’Luucht war net méi esou kal an haart a wann s de ganz gutt gelauschtert hues, konns de héieren, datt vu Fären, eng roueg, einfach Melodi lues a lues de Sall ausgefëllt huet.

©Roland Meyer

An der “Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek” fond…

December 14th, 2015

Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek
Le livre de chez nous à l’honneur
Michel Schroeder
“Pour son roman Roughmix, publié aux Editions Op der Lay, Roland Meyer a remporté le Prix Servais 2015. En 2013, son roman Muedebëtzeg avait déjà été couronné par le Lëtzebuerger Buchpräis. Roland Meyer n’hésite pas à effectuer dans ses livres, une critique acerbe de la société luxembourgeoise. Les travers de cette société soi-disant si bien-pensante ne lui échappent pas. Au fil des années, l’auteur a réussi à se faire une belle renommée avec ses livres pour enfants. Vient de paraître récemment chez le même éditeur de la belle cité d’Esch-sur-Sûre, son nouveau livre, un texte dans le plus pur esprit du cabaret, sous le titre Zikelalarm. Si vous avez l’occasion d’assister à une lecture de ce texte faite par l’auteur, vous rirez aux larmes, conquis par son ingénieux talent. Zikelalarm dit l’école et tout le système dont elle fait partie, avec des points au sujet desquels il nous faut bien secouer la tête. La réforme est loin de remporter tous les suffrages, avec raison. L’école vit sous nos yeux, revit aussi, car l’auteur met en scène de multiples facettes de la vie à l’école, aujourd’hui et hier. Une chose que Roland Meyer ne fait pas : balayer sous un tapis, ce qui dérange. Bien au contraire, il n’hésite pas à mettre en lumière les travers de notre société, ce pour notre plus grand bonheur. Il nous donne des leçons, tirons-en profit, ce pour le plus grand bien de la société.”

Muedebëtzeg

Roughmix

Zikelalarm

“Zikelalarm” vun a mam Roland Meyer … um Tour:

15.1.: Woltz

19.1.: Miersch

27.1.: Ierpeldeng

29.1.: Lëtzebeurg

16.2.: Walfer

4.3.: Käerch

Tonight showtime: Zikelalarm II zu Consthum/Parc Housen am Centre Culturel um 19.30 Auer

December 11th, 2015

En Dag am Liewen vun engem Enseignant… dat ass de Motto vum Zikelalarm II, der kabarettistescher Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg. Vun a mam Roland Meyer.
Den 11.12.2015 um 19.30 Auer zu Consthum am Centre Culturel.

A wien dat wëll, kritt vun18.30 Auer un och nach eng gutt Gulaschzopp.

Den Text vum Zikelalarm I gëtt et och als Buch, ass bei Op der Lay erauskomm, an elo schonns zanter sechs Méint an de Bestsellerlëschten.

Kabaret Sténkdéier - Programm 2015: Kouhändel

December 7th, 2015

Lues a lues publizéiere mir de Programm Kouhändel.

Haut ginge mir Iech proposéieren:

Mataarbechtergespréich

L.A.S.A

Titanic

Vill Spaass!

Zikelalarm II - Tour / Wanter

December 7th, 2015

Zikelalarm vun a mam Roland Meyer … um Tour:

11.12.: Consthum

15.1.: Woltz

19.1.: Miersch

27.1.: Ierpeldeng

29.1.: Lëtzebeurg

16.2.: Walfer

4.3.: Käerch

Gemëschte Gefiller… nach zwee “Kouhändel”

December 4th, 2015

All Joer fänken den Alain Adams an ech de 6. Januar, also op 3-Kinneks-Dag, un, um neie Programm ze schaffen. De Schreifprozess zitt sech méi oder wéineger intensiv iwwer d’ganz Fréijoer bis ufangs August. Da kréien d’Acteuren an d’Actricen d’Texter, an eng éischt Liesprouf kënnt gläich drop. Bis zum Oktober gëtt nach um Programm gebastelt, d’Stécker komplettéiert an da fänken d’Prouwen zu Pëtten un. Dat ass dann déi intensiv Phase mat ca 4 Prouwen d’Woch, net vill Schlof a ganz vill Opreegung an Onrou.

D’Publicitéitsaarbecht kënnt dobei an och d’Ofstëmmung mat de Kulturheiser. Mëtt November ass dann d’Première a vun elo u bläift keng Zäit méi fir näischt… just nach funktionnéieren muss de, d’Opreegung kontrolléieren an de Ball flaach halen.

Dat hu mir elo alles hannert eis, an et bleiwe just nach zwou Virstellungen. Haut a mar zu Biergem am Nëssert. Solls de dech do freeën? Soll een zefridde sinn, nom Motto, alles gutt gelaf, endlech eriwwer? Engersäits schonn, mee et stécht och e gutt Stéck vun engem selwer an esou enger Produktioun, e ganzt Joer Aarbecht mat Enttäuschungen a mat Freed a virun allem mat vill Kontakter a Kooperatioun. Gemëschte Gefiller elo zum Schluss…

“Roughmix” elo och digital

December 3rd, 2015

“Op der Lay” ass “up to date”; merci Eric Steffen!

De Servais-Präis 2015 gëtt et och elo an digitaler Form:

Hei gëtt et e fir Amazon Kindle

An hei fir all iApparaten: iPad, iPhone, iPod, Mac …

Kabaret Sténkdéier: Ënnerwee op Biergem

December 1st, 2015

Am Moment rullen d’”Kouhändel” esou richteg gutt. Wann zu Maarnech nach e bëssen Onsécherheet ze spiere war, wat am Fong ganz normal ass, esou hu mir eis zu Miersch elo richteg fräi- an agespillt. Mëttlerweil sëtzen den Tempo an de Rhythmus, d’Pause si bekannt an dat alles huet sech méi oder wéineger automatiséiert.

Zu Biergem ass d’Bühn vill méi kleng wéi zu Maarnech an zu Miersch an do heescht et elo nei Weeër fannen. Mee de Sall ass anerersäits esou gutt geeegent fir Kabaret, datt et mir net Angscht ass.

Dat lescht Joer ware mir fir d’éischt am Nëssert an d’Vente waren deemno e bësen zéi, wëll d’Leit eis éischter mat Miersch a Verbindung bruecht hunn. Dëst Joer ass dat anescht: och hei am Minette hu mir mëttlerweil vill Frënn an en ettlech “al Mierscher Clienten” kommen heihinner.

Plaze gëtt et - nach e puer - hei!

“Kouhändel” geet elo an déi zweet Halbzeit

November 24th, 2015

4mol hu mir zu Maarnech am Cube gespillt, an elo 6mol zu Miersch am klenge “Kabaret-Setting”. Et bleiwen deemno nach 5mol zu Miersch am groussen “Theater-Setting” an dann nach déi 3mol zu Biergem/Monnerech am Nëssert.

Mir sinn domat iwwer d’Halschend, wat d’Zuel vun den Opféierungen ubelaangt (net déi vun de Spectateuren).

Ëmmer nees gëtt de Kabaret Sténkdéier gefrot, fir uechter d’Land spillen ze goen, bei Veräiner, op Evenementer oder och op privat Feieren. An opwuel mir et eigentlech ganz gär ginge maachen, huet et sech iewer gewisen, datt mir als Amateuren, déi die ganzen Dag op der Schaff sinn, net owes nach ouni weideres an an dier selwechter Qualitéit kënne spille goen.

Wann de 5. Dezember laanscht ass, da si mir midd, dann hu mir sechs Woche Prouwen an ee Mount bal all owes eng Virféierung hannert eis. Dann hu mir eist bescht ginn; mee da muss et och duergoen.