Forumsdiskussioun e Méindeg den 18.1. vun 18.30 Auer an de Rotonden

“Hutt dir schonn eng Kéier Zombien an der Foussgängerzon gesinn? Falls dat de Fall ass an der awer gär méi genee wéisst, wat hannert deenen apaarten Passanten stécht, dann lount sech d’ Lecture vum Daniel Luciani sengem Artikel op forum.lu. Si erméiglecht nämlech eng wëssenschaftlech Ausernanersetzung mam Thema vun eisem nächsten public forum, deen den 18.1. an de Rotondes stattfënnt. Dann geet et ëm den Ëmgang mam Doud an der Ëffentlechkeet.Wéi schonn bei der Diskussioun mam Titel “Refugees Welcome?”, hunn mir och fir dësen public forum rëm Mënschen agelueden, déi sech schonn op déi eng oder aner Aart a Weis mam Diskussionsgeigenstand befaasst hunn. Deementspriechend kréien mir den nächsten Méinden Input vun:

Jean-Paul Erasmy (Pompes funèbres Erasmy)
Henri Grün (Omega90)
Marc Genot (Association pour le droit de mourir dans la dignité - Lëtzebuerg a.s.b.l.)
Thomas Kolnberger (uni.lu)
Pierre Lorang (forum)
Roland Meyer (Enseignement primaire)
Marie-Jean Schon (Weesen-Elteren)
Bernard Thill (Chem)

Dir sidd häerzlech invitéiert mat ze diskutéieren.”

Comments are closed.