Archive for the 'Theater' Category

I balloni luminosi

Thursday, April 26th, 2012

D’Virstellungen am Cube 521 zu Marnech si geschwënn all ausverkaf. Elo heescht et sech bäimaachen.

Mat den Holzwuerm-Kanner si mir och elo am Endspurt a fir d’Woch vum 14. Mee si si prett, fir nees wéi all Joer e flotte Spektakel ze bidden.

Informatiounen fand Dir hei

I balloni luminosi - dien offizielle Pressetext

Tuesday, March 13th, 2012

Wann ee wëllt zu eppes kommen, da muss een och eppes dofir maachen!

Dat weess och de Michele, an dofir mécht hien sech op de Wee bei den Zirkus Marconi. Well do waarden op die beschte Jongleur vun der Welt déi schéinsten, wäertvollsten an berühmste Bäll vun der Welt: I balloni luminosi.

Wéi dunn iewer grad an deem Moment, wou de Michele am Zirkus ukënnt, dës ominéis liichtend Bäll geklaut ginn, entwéckelt sech ee spannende Krimi, an deem eisen Held, méi séier wéi e kucke kann, verdächtegt gëtt, eppes mat dësem schreckleche Verbriechen ze dinn ze hunn…

I balloni luminosi: Eng rasant, opreegend, turbulent, spannend a beréierend Geschicht iwwer een, dien den Éiergäiz hat, eppes ganz Besonnesches ze erreechen an iwwer all déi Ëmweeër, déi en dofir huet misse maachen.

An zum Schluss bleift ëmmer nach d’Fro: sinn ech elo méi zefridden, sinn ech elo … glécklech?

Hei geet et op den Holzwuerm-Site

“Bistro de Lüx” - Première vun der Revue 2012 mat Texter vum “Romey”

Friday, March 9th, 2012

Hei de Pressetext vun der neier Revue:
“E Bistro ( de luxe oder net ), dat ass wuel Kaartespill um Stammdësch a Musek aus der Juckbox, mä virun allem ass et d’Welt vun dir a vu mir, de Biotop vun dem einfache Mann vun der Strooss – an dëst Joer och vun de Revue-Auteuren Jay ( Jay Schiltz ), Jochri ( Josy Christen ), FrankY ( Frank Kuffer ), Marquis ( Marc Weidert ),  Romey ( Roland Meyer ) a Wagu ( Guy Wagner ).

E Bistrot ass eng eenzeg Sitcom…a weem sees d’et !, well um Stammdësch oder um Comptoir do begéint ee sech : no 10 Joer den Euro an de Frang, d’Asylanten an d’Marie-Josée Jacobs oder d’Staatsbeamte sëtzen zesumme beim Humpen – well hei ginn déi net bewert…

Um Stammdësch oder um Comptoir versicht de Juncker eist Geld ze retten, d’Ministere versichen hir gëllen Aueren ënnert d’Vollek ze bréngen an esouguer d’Scheichen aus den Emirate kafe ganz Lëtzebuerg op – mat oder ouni neiem Foussballs-Stadion.

Um Stammdësch oder um Comptoir gëtt den Tour de France gewonnen an nieft all deenen internationalen Deeg fanne mer och nach Plaz um Kalänner fir e Weltdag vun eisem Index, vu Bommen-Alibien no iwwer 25 Joer, vum Stater Tramm oder vun deem groussen Teppech, ënnert deem sech esou villes eremfënnt…

A wa mer dann deen Allerleschte viru Feierowend gezaapt kréien, hu mer endlech eng Medezin géint déi mënschlech Dommheet fonnt – och wann a Milliarde Joeren nach kee Kraut dergéint gewuess wor. Mä egal wéi, wetten, dass se am Joer 2030 um Stammdësch nach esou muenech aneres iwwert eis ze erziele wëssen, wat haut esouguer den Hoppen Téid emol nach guer net weess…”

Reservatiounen op www.luxembourgticket.lu oder 470895 - 1

An hei den Internetsite vum “Lëtzebuerger Theater”

“I balloni luminosi” - d’Datumer vun den Holzwuerm-Opféierungen am Cube 521

Tuesday, March 6th, 2012

Virstellunge fir d’Schoulen:

Méindeg, de 14. Mee 2012: um 9.15 Auer an um 14.15 Auer

Dënschdeg, de 15. Mee 2012: um 9.15 Auer

Mëttwoch, de 16. Mee 2012: um 9.15 Auer

Freideg, den 18. Mee 2012: um 9.15 Auer an um 14.15 Auer

Samschdeg, den 19. Mee 2012: um 9.15 Auer

Fir jiddereen:

Samschdeg, den 19. Mee 2012: um 19.30 Auer

ëmmer zu Maarnech am Cube 521

Informatiounen a Reservatiounen um Tel.: 92 95 98 240 oder iwwer meyerr@gms.lu

Fir d‘Owesvistellung: Tel.: 521521 oder iwwer info@cube521.lu

www.holzwuerm.lu

www.cube521.lu

Fusion - E Musical fir d’Kulturjoer 2007 am Optrag vun der UGDA

Friday, January 27th, 2012

Ok, ok, aktuell ass et net. Mee ech sinn an der leschter Zäit e puermol no dësem Stéck gefrot ginn. Also hei ass et, hei kënnt dir et liesen oder och spillen, kee Problem.

Dëst ass d’Originalversioun, mat enger Rei ganz intensiven Szenen, déi ee beréieren an och weisen wat wierklech hanner dem Stéck stécht. An den Opféierungen waren se dunn net méi dobäi. Dat war Schued.

Fusion - hei kënnt dir et liesen

ID-Die 6 Räuber

Thursday, January 26th, 2012

Mat grousser Freed hunn ech de Moien an der “Theaterzeitung” gelies, datt “Traffo_CaréRotondes” zesumme mat der Inecc an e puer Lycéen eng “multidisziplinär Opféierung mat Theater, Danz, Musik an Zirkus” produzéiert. Dat ass genee dat, wat mir am Holzwuerm elo schonns zanter bal 20 Joer an an der Theaterschoul zanter 4 Joer propagéieren a praktizéieren: fir datt all Kand oder Jugendlechen “seng Roll” fannen a spille kann, muss d’Offer, déi mir him maachen, grouss sinn. Duerch d’Verbannen vun dësen Disziplinen ass mat Sécherheet fir jiddereen eppes derbäi. Ech drécken d’Deimercher fir dëse Projet!

Hei de Site vun Traffo

Hei de Site vum Holzwuerm

Hei ass de Manifest vun der Theaterschoul, dien d’Wichtegkeet vum Verbannen vun den Disziplinen am Schoultheaterberäich duerstellt. Et ass eng Spezialnummer vum Courrier de l’Éducation nationale.

Texter fir d’Revue vum “Lëtzebuerger Theater”

Tuesday, January 17th, 2012

Esou wéi versprach gëtt et elo dien nächsten Text. “Ausser Otem” heescht en an ass aus der Editioun 2007 “Kulturus Interruptus”. Deemools war Lëtzebuerg Kulturhaaptstaadt a vu Kriiss ass nach net geschwat ginn! Et war och d’Joer an diem mäi Musical “Fusion” opgefouert gouf an eisen Andy 2. am Giro gouf.

Hei kënnt dir den Text liesen.

Hei gëtt et nach aner Texter.

Hei geet et bei d’Revue vum Lëtzebuerger Theater.

“I balloni luminosi” - d’”Stéck vum Joer” vun der “Theaterschoul”

Wednesday, January 4th, 2012

Haut geet et nees lass, dëst Kéier heescht d’Stéck vum Joer “Il balloni luminosi”. Alles dréit sech em den Zirkus an donieft ass er och nach e spannende Krimi.

Fënnef Schoulen si bis elo bereet, mat op de Wee ze goen, an déi éischt Opféierungen gëtt et schonns am Mee!

www.theaterschoul.lu

E schéint a gutt neit Joer …

Thursday, December 29th, 2011

… fir Iech all, déi Dir heiansdo hei op mengem Blog laanschtkuckt.

Viru genee engem Joer hunn ech dien éischte Post gemaach an elo ass et un der Zäit fir de Bilan (sic!) ze maachen. Ech weess net, wivill Leit dës Säit besicht hunn, mee an dienen nächsten dräi Deg probéieren ech dat nach erauszefannen. Versprach!

2011 war am Prinzip e gutt Joer: de “Schwaarze Péiter”-Programm vum “Kabaret Sténkdéier” huet ronn 4000 Leit gelackelt, mat de “Winklepickers” hunn ech “Haddocks and French Kisses” opgeholl , dat elo zu Trierweiler bei Skywalk gemastert gëtt an e puer fulminant Concerte gespillt, d’Theaterschoul huet sech gutt entwéckelt, ech hat eng Rei flott Liesungen, “Méi ass et net” vum Remy Kraus, Tom Kraemer a vu mir ass erauskomm, “Dem Kinnék säi Bësch”, en Theaterstéck fir dat internationaalt Joer vum Bësch ass a ville Schoule gespillt ginn, mam “Holzwuerm” hu mir de “Kinnék ouni Kroun” virun 2300 Spectateure gespillt, de Ministère huet meng Broschüre iwwer d’Theaterschoul als Courrier-No spécial erausginn, “Muedebëtzeg” ass esou gutt wéi fäerdeg a kënnt geschwënn eraus…

Mir wënschen ech datt 2012 grad esou gutt gëtt an Iech nëmmen dat BESCHT!

Texter fir d’Revue vum “Lëtzebuerger Theater”

Tuesday, December 27th, 2011

Zanter 2006, also schonns während sechs Joer schreiwen ech Texter fir d’Revue vum “Lëtzebuerger Theater”. Ech hu mech elo decidéiert, déi Texter, déi mir am beschte gefalen, hei ze publizéieren. Wann Dir déi Texter wëllt spillen, kënnt Dir dat gäre maachen. Dir sollt just w.e.gl. mäin Numm als Auteur vum Text dann uginn.

Als éischen Text gëtt et hei den “30 Joer feste Prisong” aus dem Programm 2010 “Helleger Bimbam”. Et ass ee vu menge Lieblingstexter.

Hei kënnt Dir e liesen.

Hei gëtt et nach aner Texter, Kuerzgeschichten an Artikelen…