“Bistro de Lüx” - Première vun der Revue 2012 mat Texter vum “Romey”

Hei de Pressetext vun der neier Revue:
“E Bistro ( de luxe oder net ), dat ass wuel Kaartespill um Stammdësch a Musek aus der Juckbox, mä virun allem ass et d’Welt vun dir a vu mir, de Biotop vun dem einfache Mann vun der Strooss – an dëst Joer och vun de Revue-Auteuren Jay ( Jay Schiltz ), Jochri ( Josy Christen ), FrankY ( Frank Kuffer ), Marquis ( Marc Weidert ),  Romey ( Roland Meyer ) a Wagu ( Guy Wagner ).

E Bistrot ass eng eenzeg Sitcom…a weem sees d’et !, well um Stammdësch oder um Comptoir do begéint ee sech : no 10 Joer den Euro an de Frang, d’Asylanten an d’Marie-Josée Jacobs oder d’Staatsbeamte sëtzen zesumme beim Humpen – well hei ginn déi net bewert…

Um Stammdësch oder um Comptoir versicht de Juncker eist Geld ze retten, d’Ministere versichen hir gëllen Aueren ënnert d’Vollek ze bréngen an esouguer d’Scheichen aus den Emirate kafe ganz Lëtzebuerg op – mat oder ouni neiem Foussballs-Stadion.

Um Stammdësch oder um Comptoir gëtt den Tour de France gewonnen an nieft all deenen internationalen Deeg fanne mer och nach Plaz um Kalänner fir e Weltdag vun eisem Index, vu Bommen-Alibien no iwwer 25 Joer, vum Stater Tramm oder vun deem groussen Teppech, ënnert deem sech esou villes eremfënnt…

A wa mer dann deen Allerleschte viru Feierowend gezaapt kréien, hu mer endlech eng Medezin géint déi mënschlech Dommheet fonnt – och wann a Milliarde Joeren nach kee Kraut dergéint gewuess wor. Mä egal wéi, wetten, dass se am Joer 2030 um Stammdësch nach esou muenech aneres iwwert eis ze erziele wëssen, wat haut esouguer den Hoppen Téid emol nach guer net weess…”

Reservatiounen op www.luxembourgticket.lu oder 470895 - 1

An hei den Internetsite vum “Lëtzebuerger Theater”

Leave a Reply

You must be logged in to post a comment.