Archive for the 'Bicher' Category

Da kënnt dir iech riichten… am nei Joer… schonn nees a mat gudde Virsäz… a

Wednesday, December 28th, 2016

… mat enger Tréin am A: den “Zikelalarm” als Liesung, op d’mannst emol, ass, virleefeg, begruewen. RIP: wuel net, mee dat spillt keng Roll am Moment, am Moment, am Moment.

“Words in Progress”, de 17.1. zu Esch an der Kufa: een neien Text, een neien Ufank.
Lëtzebuerger Literaturen, de 7.2., och zu Esch, och an der Kufa, zwee Deeg viru mengem Gebuertsdag, nach ee neien Text, an och - dach, jo - een neien Ufank, mee een aneren.

Geet et der Kultur wéi dem Futtball: Qualitéit gëtt et just nach am Minett?
http://kulturfabrik.lu/fr/home/ 

Tonight showtime: 12.12. um 20.00 Auer - Dien allerleschten Zikelalarm zu Déifferdeng am “Ale Stadhaus”

Monday, December 12th, 2016

“Regelméisseg, all dräi Joer ass et esou wäit: de Lëtzebuerger Schoulsystem gëtt vun de PISA-Tester an d’Pan geklaakt.

Datt een dat alles iewer och ka vun engem ganz anere Point de vue aus kucken, weist de Roland Meyer a sengem “Zikelalarm”:

Zikelalarm II - En Dag am Liewe vun engem Enseignant - eng kabarettistesch Liesung

Bildungsreform: Kompetenzsockelen, Zikelen, PDS, Smily-Evaluatioun, Portefolio-Orientatioun, Charta-Hysterie a Ballermann-Pedagogik…

Edukatioun ass ee ganzt schwéiert Geschäft an Humouer ass, wann een trotzdeem laacht!

Nach eng allerallerallerleschte Kéier leet den Auteur, Musiker, Kabarettist, Servais-Präis-Gewënner  a … Schoulmeeschter no: den Zikelalarm II hëlt déi pädagogesch Situatioun am Ländchen op de Leescht a liicht bis déif an déi däischterst Lächer an de Klassesäll, de Maison relaisen an de Ministèren: ee ganzt Land weess net méi, wéi et seng Kanner erzéie soll an dobei kann de Roland Meyer net roueg nokucken. Hien zéckt net fir de Fanger ze weisen an de Mond opzedoen.

An enger kabarettistescher Liesung an den Zentrum vu Kannerbetreiung, Hausaufgabenhëllef, Burnout an Erzéiungsfrust hëlt de Roland Meyer  kompromis-, respekt- a matleedslos dien aktuelle Stand hei zu Lëtzebuerg op de Leescht… a begleed den Enseignant duerch een Dag an diem sengem Liewen.

E Méindeg den 12.12. um 20.00 Auer am “Ale Stadhaus” zu Déifferdeng. Den Entrée ass fräi!”

Weider Informatiounen gëtt et hei.

Dien Allerallerallerleschten

Thursday, December 8th, 2016

Et deet scho bal e bësse wéi. Ech hat mech esou dru gewinnt. Et war zu engem wichtegen Deel vun diem ginn, wat ech esou maachen, wat mir wichteg ass.

An elo ass et eriwwer… also bal.

E Méindeg den Owend ass dien allerallerallerleschten “Zikelalarm”. Zu Déifferdeng am “Ale Stadhaus”, den 12.12. um 20.00 Auer, mat “Just Friends” als musikalesch Begleedung, mat Yuppi an Trallala, Halligalli an enger Tréin am A.

An et soll elo och duergoen, och wann nach esou villes ze soe wir an all Dag “neie pädagogesche Sprengstoff” fräigesat gëtt.

E Méindeg ass also leschten Termin fir all déi, déi nach net dobäi waren, e RV, dien net ze verpassen ass.

Informatioune gëtt et hei.

Zikelalarm I gëtt et hei.

Zikelalarm II hei.

Hasta la vista!

Schliislech si mir op de Mound geflunn….

Wednesday, December 7th, 2016

…. da misste mir et och fäerdeg bréngen, mat Kanner iwwer den Doud ze schwätzen:

“Wie so oft im Leben ist „nicht darüber sprechen“ ein Teil des Problems. Nicht nur der Tod trifft uns, auch das Schweigen danach bedrückt uns, und die unausgesprochenen Gefühle und Ängste bahnen sich ihren Weg immer in irgend einer, nicht immer gewünschten Form zur Oberfläche. Reden ist also unabdingbar. Es sollte in einer ehrlichen, offenen,
authentischen Art und Weise, die nichts verheimlicht und nichts verschweigt, die nichts verschleiert oder verschönt, nichts verniedlicht oder verkitscht, praktiziert werden. Dass dies nicht einfach ist, leuchtet ein, sollte aber nicht als Ausrede gelten.
Schließlich haben wir die Pest besiegt, das Iphone 7 erfunden und sind zum Mond geflogen.”

Hei de ganzen Artikel am Forum 12/15

A mengem Buch “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen” ass dëst Thema op eng e bëssen aner Aart a Weis behandelt.

Ee bal vergiessenen Interview

Friday, December 2nd, 2016

Den JJ, de Jérôme Janimet, dierft eis mëttlerweil all bekannt sinn als Book Looker op Eldoradio an an den onendleche Welte vum digitalen Universum. Dacks kontestéiert, fannen ech seng Aart a Weis iewer erfrëschend, lieweg, naïv an dowéinst gutt a wënschen him e laangen Otem an déi néideg Déckhaut, fir bäizehalen.

Hie war am Summer bei mech op Consthum komm, fir mech ze interviewen, an dobei sinn dës zwee Youtube-Klippen erauskomm, déi ech elo just zréckentdeckt hunn an déi ech ganz lëschteg fannen:

1. Klipp: et geet em de Kabaret an em meng Aart a Weis fir ze schaffen

2. Klipp: meng Summerléift Kate Tempest an d’Feststellung, datt ech zu menger Schan ëmmer nach net wees, firwat ech verschidde Saachen a mengem Liewe maachen.

Tonight showtime: Literaresch a musikalesch Liesung zu Réiden

Wednesday, November 30th, 2016

Haut, um internationale Männerdag, den 30.11. ass um 19.30 Auer zu Réiden an der Aula eng Literaresch Liesung aus de Bicher “Muedebëtzeg” a “Roughmix”.Alleng dat ass schonn den Deplacement wäert!
A musikalesch ass se doriwwer eraus, wëll d’”Just Friends” emol nees eng Kéier mat dobäi sinn: de Mulles Scholtes, de Jang Steffen an de Luc Hoffmann.

D’Fro, ob op esou engem Männerdag och Fraen däerfen nolauschteren ass a leschter Instanz nach net gekläert mee den Entrée ass ëmmerhin 15 €.

Ass dat dann näischt!

Liesung a Kabaret haut (26.11.) zu Woltz an zu Miersch

Saturday, November 26th, 2016

De Mëtteg zu Woltz am Prabelli, um 14.30 Auer Liesung aus Zikelalarm, Roughmix a Muedebëtzeg um Fest vun déi Lénk-Norden. Do freeën ech mech drop!
Den Owend dann um 20.00 Auer déi lescht Virstellung vu “Schmeier!” zu Miersch am Kulturhaus. Dono plënnere mir op Biergem.

Tonight showtime: Zikelalarm II zu Peppeng am Musée rural

Friday, October 21st, 2016

No laanger, laanger, laanger Paus, haut den Owend, den 21.10. emol nees een ZIKELALARM.

Et ass iwweregens dien zweetleschten, dien allerleschten ass den 12.12. zu Déifferdeng… wou soss ;-)

Lass geet et um 19.30 Auer an Informatiounen gëtt et hei. Ok, dat sinn der elo net wierklech vill, mee egal, ech freeë mech op den Owend, a vläicht ass mäin Hexeschoss dann och eweg.

De Florent Toniello huet am Moment e léif, butzeg-klengen Artikel am Woxx (wie kënnt op esou ee Numm), die mir immens gutt gefällt, an dien Artikel fand Dir hei.

Da vläicht bis herno…

Zikelalarm II - Offiziell Virstellung den 21.10. zu Peppeng

Monday, September 19th, 2016

Hei stelle mir dat neit Buch vir:

Musée Rural et Artisanal - Musée des Calèches… PEPPANGE –> 21.10.2016 um 19.30 Auer am Festsall

Am Virwuert schreiwt de Roland Meyer:

„Zikelalarm” ass fir mech mëttlerweil méi wéi een Text, dien ech mat vill Freed virliesen. „Zikelalarm” huet fir mech d’Zil, op eng vill méi lëschteg a geloossen Aart a Weis iwwer d’Schoul, de Schoulsystem, d’Schoulpolitik, d’Schoulpersonal an iwwert mech… nozedenken. Dacks hunn ech den Androck, datt mir all vill zevill iwwer d’Schoul streiden an ze wéineg iwwert si nodenken.
A genee dat bestätegen déi meescht Réckmeldungen, déi ech zum „Zikelalarm” krut. An ech krut a kréien der immens vill! Bei kengem Buch, bei kengem Kabaretsprogramm a bei kengem Theaterstéck hunn ech och nëmmen usazweis esou vill „Feedback” kritt. Dat fannen ech an diem Sënn interessant, well et weist, datt ee ganze Koup Leit een neien, méi of- oder och opgekläerten, méi ironeschen, mei erwuessenen Zougank zum Thema sichen. Jo, sech selwer och emol op den Aarm huelen, iwwer sech selwer laachen an zu sech selwer op Distanz goen, dat deet villen op diem verminnten Terrain vu Bildung an Erzéiung terribel gutt.
Huet den „Zikelalarm I” sech virun allem mat diene „Miriarde Reformen” a Reförmercher beschäftegt, déi méi oder manner naiv, an an der kompletter Ignoranz vu méigleche Konsequenzen, op Orbit gesat goufen, beschäftegt, esou huet den „Zikelalarm II” den Alldag vum Enseignant zum Thema.

Zikelalarm II … release 15.9.

Monday, September 12th, 2016

Boaw, wat waren dat zwee Joer!

Well ech esou villes, wat am Enseignement geschitt war, net méi richteg verstanen hat, deemools, virun dräi Joer, an ech mengen, dat mierkt ee ganz gutt, wann een am “Zikelalarm I” liest, sinn ech nees zréck an d’Schoul gaangen: do soll ee jo eppes léieren, am Fong, an da soll een d’Welt besser verstoen, gëtt gesot. Also am Idealfall soll dat esou sinn, esou stelle mir eis dat vir an esou hätte mir et gär, an esou wir et och ganz praktesch, och wann et an der Wierklechket seelen esou ass. Konjunktiv an Indikativ eben… déi koumen nach ni op ee gringen Zwäig.

Ech hat mech deemools, virun dräi Joer, fir ee Masterstudium op Distanz, dat sech “Schoulmanagement” nennt, zu Kaiserslautern ageschriwwen. An ech hunn och bis zum Schluss duerchgehalen, och wa vill Saachen, dei ech do geléiert hunn, mir schwéier um Mo leien. Mee duerch Reiwung entsteet Hëtzt, an d’Hëtzt ass eng Form vun Energie an esou sinn ech net onzefridden, datt ech dat Studium gemaach hunn. Allerdings huet dat Ganzt dach een navell batteren Nogeschmaach: ech hunn all déi Zäit näischt geschriwwen. Nee, dat ass falsch, ech hunn déi Zäit keng Bicher geschriwwen. Ech hunn net u Bicher geduecht, ech hu keng Iddie gesammelt an ech hunn net u Bicher geschafft, ech hat einfach keng Zäit dofir.

Wei esou dacks a mengem Liewen, grad wann eppes gutt ufänkt ze dréinen, da maachen ech eppes Anescht. An et war gutt gelaf, virun dienen dräi Joer: “Muedebëtzeg” hat 2012 de Lëtzebuerger Buchpräis kritt, “Roughmix” 2015 de Servais-Präis an “Zikelalarm I” war ee richtege Lëtzebuerger Bestseller. An dunn,… jo du koum näischt méi, ausser Klausur, Wëssenschaft, Häusaarbecht, Masteraarbecht, Bologna… een anert Liewen.

Elo mellen ech mech zréck, mat “Zikelalarm II”.