Artbox op RTL

October 15th, 2017

An hei ass se…

Se fänkt iergendwou bei 3:30 un, a gleeft mer et, mat de Reklamen hunn ech näischt ze dinn, ech kréie kee midden Cent dofir…

Hei de Reportage, merci Patricia an Domoinique, dir hutt dat super gutt gemaach!

STAU! - die neie Programm vum Kabaret Sténkdéier

October 9th, 2017

Et ass alles op, dir kënnt är Ticketën elo bestellen:

- Fir an de Cube op Maarnech

- Fir an d’Mierscher Kulturhaus

- Fir an de Nëssert zu Biergem

Artbox - de 14.10. um 19.00 Auer op RTL

October 9th, 2017

Déi lescht Woch sinn d’Patricia an d’Dominique vun RTL mat mir ënnerwee gewiescht, doheem, an der Theater-Schoul, an enger Sténkdéier-Kabaretsprouf an um Winklepickers-Concert am Café Miche fir e Bild vun diem anzefänken, wat ech esou maachen. Si hunn dat gutt, professionell a mat vill Gedold gemaach, hinnen e MERCI dofir.

An dir kënnt d’Resultat e Samschdeg um 19.00 Auer op RTL gesinn. Ech si wierklech gespaant, opgereecht an elo schonns e bësse genéiert: esou virun enger Kamera ze stoen an dobei ze versichen, natierlech ze bleiwen, ass guer net einfach… an ech hu mir nach net esou dacks selwer nogekuckt ;-)

The Winklepickers zu Dikrech am Café Miche: freides, de 6.10.

September 20th, 2017

Here we go again: Roger Melcher (vocals and harp) and Roland Meyer (guitar and vocals) are “The Winklepickers”.

Spiced up acoustic blues from the deepest Alzette river valley, hillbilly roots and bluegrass power from downtown Luxembourg City til the heights of the northern countryside.

From Robert Johnson, Muddy Waters and Little Walter Jacobs to the Rolling Stones and Led Zeppelin: a fabulous journey through the deep old blue swampy delta op “Blues de Luxe”.

Food Leaks - déi nei kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer

September 13th, 2017

Ech schaffen am Moment un engem neie “Soloprogramm”, enger kabarettistescher Liesung an der Traditioun vun den Zikelalarm-Liesungen, mam Thema “Iessen a Politik”…. dofir heescht se och “Food Leaks”, cf… Lux Leaks a School Leaks….

Geplangt ass se fir dat ganzt Joer 2018. Gekoppelt gëtt se mat engem Buch, an diem och Rezepter solle virkommen….

Hei ass de Pressetext:

Food Leaks - Eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer
“Du bass wat s du ëss!”, sot emol ee méi oder manner gescheite Mann an esou stellt sech dann och direkt folgend Fro: Ernährt sech ee Populist anescht wéi een Nationalist, ee Sozialist, ee Kommunist oder soss een Artist?
Kachkéis, Quetschentaart a Bouneschlupp fir déi Konservativ a Sushi, Tofu a Smoothy fir déi Progrssiv? Wann ëmmer alles esou einfach wir!
A wou gëtt hei am Ländchen iwwerhaapt d’Politik gemaach? Mat Sécherheet net um Krautmaart. Hei bei eis gouf, gëtt a wäert déi och ëmmer um Dësch, am Restaurant, am Bistro, op Grill-, Dëppen- an a leschter Zäit och ëmmer méi dacks op Oktoberfester gemaach ginn. Well do seet de Lëtzebuerger, wat en denkt.
Fir Iessen an Drénken ass deemno beschtens gesuergt!
Nom groussen Erfolleg vu sengen “Zikelalarm-Programmer” hëlt de Roland Meyer an enger neier kabarettistescher Liesung de Mond gehéierlech voll an zervéiert Iech e spektakuläre Menu: Fastfood, guttbiergerlech Kichen an Haute Cuisine aus engem Land, an diem Ausdréck wéi “gutt a vill” grad esou wéi “Fräibéier” nach ëmmer ee ganz besonnesche Klang hunn.

Wird Dir interesséiert d’Liesung bei Iech ze huelen?  –> da sot mir w.e.gl. Bescheed: meyerr@gms.lu
De Präis ass 300 € pro Virstellung.

Den Tel Mo am Wort: Affer oder Täter

September 11th, 2017

De Jeff Baden huet am Wort den Tel Mo virgestallt.

Wann Dir dës Rezensioun wëllt liesen, da kënnt Dir hei klicken:

Den Tel Mo am Wort

Eng Youtube Rezensioun vum Tel Mo

September 11th, 2017

Hei fand Dir eng Rezensioun vun der Buch-Bloggerin “Tatta Text” op Youtube.

Alles verstan, tiptop gemaach, villmools merci !

Leider entsprécht déi Akkumulatioun vu Problemer beim Tel Mo tatsächlech de Realitéiten…
Hei de Clip!

Tel Mo - an de Medien

July 25th, 2017

Nieft der Facebooksäit vum Tel Mo, op dier sech nawell esou munches deet, gouf et an de Medie bis elo folgende Feedback op dat neit Buch fir Erwuesse Leit:

De Reportage op RTL vum Bea Kneip

E Bréif fir dem Telmo säi Papp” um 100,7 vum Nathalie Bender

Een Interview mam Telmo” vum “Bichergeck” Jessica Mersch, vun diem et och op “moien” een Artikel iwwer Letzebuerger Kannerbicher gëtt, an diem den Tel Mo, an och “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen” opdauchen.

E Bréif fir dem Telmo säi Papp

July 14th, 2017

D’Nathalie Bender vum Radio 100,7 huet, nodeems si laang mam Telmo op Facebook geschriwwen huet, an hie si gefroot huet, een Artikel an eng portugisesch Zeitung ze schreiwen, fir datt säi Papp gewuer gëtt, datt et e Buch iwwert hie gëtt, dem Papp “e Bréif” geschriwwen…
Hei kënnt Dir e lauschteren.

Villmools merci, léift Nathalie, vum Telmo a vu mir.

Tel Mo op Facebook - Ee grousse Spaass!

July 6th, 2017

Ech weess net, ob dir op Facebook sidd?

Ech hunn do elo e “Spill” ugefaangen, wat ech vun Dag zu Dag méi interessant fannen a wat mech och als Auteur fuerdert: ech hunn eng Facebook-Säit fir den Telmo gemaach:

https://www.facebook.com/deschwaarzeritter/

Elo gëtt et schonns eng Rei Leit, déi do mam Telmo schwätzen, him verzielen, wéi si seng Geschicht fannen etc. An dat ëmmer a vollem Bewosstsäin, datt den Telmo eng erfonte Persoun ass, an datt ech et sinn, dien am Telmo sengem Numm äntwert.

Et ass iewer trotzdeem spannend, mat dem Haaptpersonage aus engem Buch ze schwätzen, oder eben ze schreiwen, an elo froen ech mech schonns, ob et och Kanner gëtt, déi sech no der Lektür, oder während der Lektür traue wäerten, den Telmo ze kontaktéieren.

Mech ging et freeën.

D’Buch kënnt dir hei bei Op der Lay kafen…