Food Leaks - déi nei kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer

Ech schaffen am Moment un engem neie “Soloprogramm”, enger kabarettistescher Liesung an der Traditioun vun den Zikelalarm-Liesungen, mam Thema “Iessen a Politik”…. dofir heescht se och “Food Leaks”, cf… Lux Leaks a School Leaks….

Geplangt ass se fir dat ganzt Joer 2018. Gekoppelt gëtt se mat engem Buch, an diem och Rezepter solle virkommen….

Hei ass de Pressetext:

Food Leaks - Eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer
“Du bass wat s du ëss!”, sot emol ee méi oder manner gescheite Mann an esou stellt sech dann och direkt folgend Fro: Ernährt sech ee Populist anescht wéi een Nationalist, ee Sozialist, ee Kommunist oder soss een Artist?
Kachkéis, Quetschentaart a Bouneschlupp fir déi Konservativ a Sushi, Tofu a Smoothy fir déi Progrssiv? Wann ëmmer alles esou einfach wir!
A wou gëtt hei am Ländchen iwwerhaapt d’Politik gemaach? Mat Sécherheet net um Krautmaart. Hei bei eis gouf, gëtt a wäert déi och ëmmer um Dësch, am Restaurant, am Bistro, op Grill-, Dëppen- an a leschter Zäit och ëmmer méi dacks op Oktoberfester gemaach ginn. Well do seet de Lëtzebuerger, wat en denkt.
Fir Iessen an Drénken ass deemno beschtens gesuergt!
Nom groussen Erfolleg vu sengen “Zikelalarm-Programmer” hëlt de Roland Meyer an enger neier kabarettistescher Liesung de Mond gehéierlech voll an zervéiert Iech e spektakuläre Menu: Fastfood, guttbiergerlech Kichen an Haute Cuisine aus engem Land, an diem Ausdréck wéi “gutt a vill” grad esou wéi “Fräibéier” nach ëmmer ee ganz besonnesche Klang hunn.

Wird Dir interesséiert d’Liesung bei Iech ze huelen?  –> da sot mir w.e.gl. Bescheed: meyerr@gms.lu
De Präis ass 300 € pro Virstellung.

Comments are closed.