E Broch - Text aus “Eng Dier an d’Welt” vun “20 Joer Freed um Liesen”

January 25th, 2017

„Dat ass ee Broch“, hat den Dokter gesot. „Die musse mir operéieren.“
Mat siwe Joer weess een net, wat e Broch ass. Et huet een och nëmmen eng vague Virstellung, wat operéieren ass. Mee et spiert een, datt dat alles näischt schéines ass. Den Openthalt an der Klinik, dat schlecht Iessen, du kanns dech net bewegen, muss am Bett leien.
Eng eeler Nonn sollt mir d’Stéch eraushuelen. „Deet dat wéi?“, hat ech se gefrot. „A wouhier“, hat si geäntwert a mir an d’Gesiicht gelaacht. „E bëssen, net vill“, hat meng Mamm se verbessert, an ech hat verstan. „Kann ech dat selwer maachen?“, hunn ech d’Nonn gefrot. Ech hunn um ieweschten Eck vun der Plooschter gepiddelt. Mee déi war esou gutt wéi mat menger Haut verschmëlzt. Ëmmer wann ech dru gezunn hunn, ganz lues a virsiichteg, hunn ech de Schnatt vun der Operatioun gespuert.
„Komm, mäi Jong“, sot d’Nonn, „ech hëllefen dir.“
„Léiwer net“, sot ech an hu weider probéiert. Der Nonn ass d’Zäit laang ginn.
D’Dir ass opgaangen. Den Dokter koum eran. „Wéi, ass d’Plooschter nach ëmmer drop!“
Ech hunn ee Moment opgekuckt, fir die Mann, die mir d’Liewe gerett hat, ze bewonneren, an du war et och scho geschitt: déi hannerhälteg Nonn hat mäi Virwëtz ausgenotzt. Hier Fangeren haten de Wupp vun der Plooschter ze pake kritt a mat engem Geräisch, dat ech bis haut net vergiess hunn, dien zéie Plastik an engem Zock erofgerappt. Ech hunn ausser mir op dien déifroude Schnatt gekuckt, die mat engem Zwir onregelméisseg zesummegebutt war.
Wéi meng Mamm mech nees mat mengen Bett op d’Zëmmer gerullt hat, huet si sech nieft mech gesat, an aus hirer Posch ee Pak erausgezunn. Fir ee Matchbox-Auto war de Pak ze grouss. Fir eng „Schéiss“, eng Pistoul mat Knupperten op enger rouder plastiks Rull, war de Pak ze schmuel, an och fir ee Sprëtzrevolver huet en net gepasst.
De Pak war schwéier, en hat Gewiicht. Op den Ecke war e spatz. Et war kee Plastik mee e Buch, e Liesbuch, mat ville Buschtawen, a mat just e puer Biller. Ech war esou enttäuscht, wéi nach ni a mengen Liewen.
Ouni d’Buch wieder ze bekucken, hunn ech et op d’Decke vum Bett geluecht. D’Wonn huet wéigedoen an ech war duuschtereg an hongereg. Meng Mamm huet d’Buch an de Grapp geholl, et opgeschloen an ugefaangen draus virzeliesen.
D’Wierder si laanscht meng Ouere gefladdert a wéi Seefeblosen iergendwou an der Keelt vum Klinikszëmmer geplatzt. Mee op eemol hunn ech ugefaangen, hinnen nozelauschteren, a se hunn eng Bedeitung kritt. Am Ufank huet et mech net interesséiert, wat déi zwee Kanner, vun dienen d’Wierder verzielt hunn, am Fort La Latte wëlles haten. Mee dunn hunn ech matkritt, datt et em ee Schatz gaangen ass, die viru laanger Zäit verstoppt gouf, an datt scho vill Leit dono gesicht haten.
Ech hu gemierkt, datt et ronderëm mech net méi no Klinik geroch huet, mee nom Mier. Ech hunn de Wand gespuert, ech hunn d’Méiwen héieren an d’Donnerwieder, dat an d’Land gezunn ass. Ech war an der Festung, ech hunn do no Gold, Sëlwer an Edelsteng gesicht. Ech hat keen Honger a keen Duuscht méi, wëll ech hu missen op déi zwou verdächteg Gestalten oppassen, déi spéit owes iwwer d’Festungsmauere geklomm sinn.
„Lies weider!“, sot ech.
„Ech muss elo heem“, sot si.
„Nach e bëssen, just nach zwou Säiten.“
Déi zwee Luscher haten elo gemierkt, datt d’Kanner si verfollegt hunn.
„Nach eng Säit!“
„Nee, elo geet et duer!“
D’Kanner si séier erof bei d’Mier op der Strand gelaf, an hu sech an enger Hiel verstoppt.
„Bis mar!“
Wéi si fort war, hunn ech d’Buch bekuckt, dat op hirem Stull, nieft mengen Bett, leie bliwwe war. Laang hunn ech et bekuckt…
Et huet immens wéi gedoen, wéi ech mech am Bett opgeriicht hunn. Ech hunn ee Moment gefaart, d’Wonn kënnt nees opplatzen. Et huet nach méi wéigedoen, wéi ech die rietsen Aarm ausgestreckt hunn, mee ech hunn d’Buch tatsächlech ze pake kritt, hu mech zréck a meng Kësse fale gelooss an hu séier no dier Plaz gesicht, wou d’Mamm eng vun de Säiten emgediebelt hat.
Die Geroch vum neie Buch hunn ech haut nach an der Nues. Ech war esou gespaant fir wiederzeliesen, datt ech net lues gemaach hunn: ech hunn d’Buch regelrecht opgebrach, et huet do, wou et gebonne war, gekréckelt. Meng Mamm hat d’Säite ganz duuss a virsiichteg ëmgedréint, ech hu se elo mat aller Kraaft opgeschloen an et konnt ee gutt den Ënnerscheed zwëschen diene Säite gesinn, déi ech gelies a si virgelies hat. Haut maachen ech dat nach genee esou. Et gesäit een de Bicher of, wann ech se gelies hunn.
An ech hu wierklech verstanen, wat all déi sëllech Buschtawe bedeit hunn, wat se mir sollte soen. Et ass mir virkomm, wéi wa se just fir mech dohinner geschriwwe goufen, nëmme fir datt ech se sollt entzifferen, entbuschtawéieren: Ech war an der Bretagne, obwuel ech die Numm bis dohinner ni héieren hat. Ech war op der Buerg, ech war um Strand, ech si laanscht d’Mier spadséiert. Ech hu mat dienen zwee Kanner geschwat, ech hu mat hinne geziddert, ënnen, an der Hiel, wéi déi zwee Gangster laanscht geschlach sinn. Och mir ass d’Häerz stoe bliwwen, wéi dien ee vun hinnen op eis Spueren am Sand gewisen huet.
Ech misst iewer elo d’Luucht ausmaachen, sot d’Schwëster zu mir, et wier elo schonn no aacht Auer. „Nuecht“, sot ech mee ech hu weidergelies, wéi si d’Dir zou hat.
Vun diem Moment un hunn ech weidergelies. Ech hunn net méi opgehal mat liesen, bis haut net. Ech hu weidergelies, an ech si gewuer ginn, datt die verschwonnene Goldschatz an de Kanounekugele verstoppt war, déi bei der Entrée vun der Buerg louchen, an datt déi zwee Luscher tatsächlech keng Gutt waren an zum Schluss an de Prisong koumen. Ech hu weidergelies, an ech hunn de Long John Silver kenne geléiert, de Captain Ahab an den Tom Sawyer. Ech sinn duerch d’Welt gereest, war zu Batavia an op Sumatra, ech war dobäi, wéi d’Nord-West-Passage fond an de Südkontinent entdeckt goufen. Ech hunn d’Anne an d’Christiane kenne geléiert, den Jack an de Steppenwolf.
Hätt ech net gelies, wiere si mir ni iwwer de Wee gelaf. Virun allem iewer hunn ech beim Liesen ee kenne geléiert, die mir bis dohinner onheemlech friem war: mech selwer.

Da kënnt dir iech riichten… am nei Joer… schonn nees a mat gudde Virsäz… a

December 28th, 2016

… mat enger Tréin am A: den “Zikelalarm” als Liesung, op d’mannst emol, ass, virleefeg, begruewen. RIP: wuel net, mee dat spillt keng Roll am Moment, am Moment, am Moment.

“Words in Progress”, de 17.1. zu Esch an der Kufa: een neien Text, een neien Ufank.
Lëtzebuerger Literaturen, de 7.2., och zu Esch, och an der Kufa, zwee Deeg viru mengem Gebuertsdag, nach ee neien Text, an och - dach, jo - een neien Ufank, mee een aneren.

Geet et der Kultur wéi dem Futtball: Qualitéit gëtt et just nach am Minett?
http://kulturfabrik.lu/fr/home/ 

Tonight showtime: 12.12. um 20.00 Auer - Dien allerleschten Zikelalarm zu Déifferdeng am “Ale Stadhaus”

December 12th, 2016

“Regelméisseg, all dräi Joer ass et esou wäit: de Lëtzebuerger Schoulsystem gëtt vun de PISA-Tester an d’Pan geklaakt.

Datt een dat alles iewer och ka vun engem ganz anere Point de vue aus kucken, weist de Roland Meyer a sengem “Zikelalarm”:

Zikelalarm II - En Dag am Liewe vun engem Enseignant - eng kabarettistesch Liesung

Bildungsreform: Kompetenzsockelen, Zikelen, PDS, Smily-Evaluatioun, Portefolio-Orientatioun, Charta-Hysterie a Ballermann-Pedagogik…

Edukatioun ass ee ganzt schwéiert Geschäft an Humouer ass, wann een trotzdeem laacht!

Nach eng allerallerallerleschte Kéier leet den Auteur, Musiker, Kabarettist, Servais-Präis-Gewënner  a … Schoulmeeschter no: den Zikelalarm II hëlt déi pädagogesch Situatioun am Ländchen op de Leescht a liicht bis déif an déi däischterst Lächer an de Klassesäll, de Maison relaisen an de Ministèren: ee ganzt Land weess net méi, wéi et seng Kanner erzéie soll an dobei kann de Roland Meyer net roueg nokucken. Hien zéckt net fir de Fanger ze weisen an de Mond opzedoen.

An enger kabarettistescher Liesung an den Zentrum vu Kannerbetreiung, Hausaufgabenhëllef, Burnout an Erzéiungsfrust hëlt de Roland Meyer  kompromis-, respekt- a matleedslos dien aktuelle Stand hei zu Lëtzebuerg op de Leescht… a begleed den Enseignant duerch een Dag an diem sengem Liewen.

E Méindeg den 12.12. um 20.00 Auer am “Ale Stadhaus” zu Déifferdeng. Den Entrée ass fräi!”

Weider Informatiounen gëtt et hei.

Dien Allerallerallerleschten

December 8th, 2016

Et deet scho bal e bësse wéi. Ech hat mech esou dru gewinnt. Et war zu engem wichtegen Deel vun diem ginn, wat ech esou maachen, wat mir wichteg ass.

An elo ass et eriwwer… also bal.

E Méindeg den Owend ass dien allerallerallerleschten “Zikelalarm”. Zu Déifferdeng am “Ale Stadhaus”, den 12.12. um 20.00 Auer, mat “Just Friends” als musikalesch Begleedung, mat Yuppi an Trallala, Halligalli an enger Tréin am A.

An et soll elo och duergoen, och wann nach esou villes ze soe wir an all Dag “neie pädagogesche Sprengstoff” fräigesat gëtt.

E Méindeg ass also leschten Termin fir all déi, déi nach net dobäi waren, e RV, dien net ze verpassen ass.

Informatioune gëtt et hei.

Zikelalarm I gëtt et hei.

Zikelalarm II hei.

Hasta la vista!

Schliislech si mir op de Mound geflunn….

December 7th, 2016

…. da misste mir et och fäerdeg bréngen, mat Kanner iwwer den Doud ze schwätzen:

“Wie so oft im Leben ist „nicht darüber sprechen“ ein Teil des Problems. Nicht nur der Tod trifft uns, auch das Schweigen danach bedrückt uns, und die unausgesprochenen Gefühle und Ängste bahnen sich ihren Weg immer in irgend einer, nicht immer gewünschten Form zur Oberfläche. Reden ist also unabdingbar. Es sollte in einer ehrlichen, offenen,
authentischen Art und Weise, die nichts verheimlicht und nichts verschweigt, die nichts verschleiert oder verschönt, nichts verniedlicht oder verkitscht, praktiziert werden. Dass dies nicht einfach ist, leuchtet ein, sollte aber nicht als Ausrede gelten.
Schließlich haben wir die Pest besiegt, das Iphone 7 erfunden und sind zum Mond geflogen.”

Hei de ganzen Artikel am Forum 12/15

A mengem Buch “Zu Lëtzebuerg ginn et keng Piratekapitänen” ass dëst Thema op eng e bëssen aner Aart a Weis behandelt.

Ee bal vergiessenen Interview

December 2nd, 2016

Den JJ, de Jérôme Janimet, dierft eis mëttlerweil all bekannt sinn als Book Looker op Eldoradio an an den onendleche Welte vum digitalen Universum. Dacks kontestéiert, fannen ech seng Aart a Weis iewer erfrëschend, lieweg, naïv an dowéinst gutt a wënschen him e laangen Otem an déi néideg Déckhaut, fir bäizehalen.

Hie war am Summer bei mech op Consthum komm, fir mech ze interviewen, an dobei sinn dës zwee Youtube-Klippen erauskomm, déi ech elo just zréckentdeckt hunn an déi ech ganz lëschteg fannen:

1. Klipp: et geet em de Kabaret an em meng Aart a Weis fir ze schaffen

2. Klipp: meng Summerléift Kate Tempest an d’Feststellung, datt ech zu menger Schan ëmmer nach net wees, firwat ech verschidde Saachen a mengem Liewe maachen.

Tonight showtime: Literaresch a musikalesch Liesung zu Réiden

November 30th, 2016

Haut, um internationale Männerdag, den 30.11. ass um 19.30 Auer zu Réiden an der Aula eng Literaresch Liesung aus de Bicher “Muedebëtzeg” a “Roughmix”.Alleng dat ass schonn den Deplacement wäert!
A musikalesch ass se doriwwer eraus, wëll d’”Just Friends” emol nees eng Kéier mat dobäi sinn: de Mulles Scholtes, de Jang Steffen an de Luc Hoffmann.

D’Fro, ob op esou engem Männerdag och Fraen däerfen nolauschteren ass a leschter Instanz nach net gekläert mee den Entrée ass ëmmerhin 15 €.

Ass dat dann näischt!

Liesung a Kabaret haut (26.11.) zu Woltz an zu Miersch

November 26th, 2016

De Mëtteg zu Woltz am Prabelli, um 14.30 Auer Liesung aus Zikelalarm, Roughmix a Muedebëtzeg um Fest vun déi Lénk-Norden. Do freeën ech mech drop!
Den Owend dann um 20.00 Auer déi lescht Virstellung vu “Schmeier!” zu Miersch am Kulturhaus. Dono plënnere mir op Biergem.

Do ass esou villes, wat doriwwer erausgeet

November 25th, 2016

Lues a lues geet d’Kabarets-Saison fir dëst Joer op en Enn. Elo nach déi nächst Woch zu Biergem an da war et dat nees. Et kënnt mir vir, wéi wa mer eréischt ugefaangen hätten, mat Prouwen, mat Schreiwen, mat Probéieren. Den Drock gëtt doduerch méi kleng, an dat ass gutt. Mee d’Méiglechkeeten och, an dat ass schued.
Et huet eppes gefeelt dëst Joer, esou vill ass kloer. Mee op dier anerer Säit hu mir gesinn, datt de Kabaret Sténkdéier och ouni de Berti Bertemes méiglech ass a fonktionéiert. An dat kann een a leschter Instanz nëmme soen, wann een et probéiert huet. Fräiwëlleg hätte mir dat ni gemaach, dofir wiere mir ze feig gewiescht. Natierlech hätte mir all gär gehat, wann hien dobei gewiescht wir, mee, ech mengen, et war richteg esou. A mir hu gesinn, datt et geet.

Ob de Kabaret, esou wéi wéi mir e maachen, nach ëmmer sënnvoll, richteg an éierlech ass, kann ech net soen.

De Passage zwësche Populismus op dier enger Säit a Political Correctness op dier anerer war nach nie esou enk, an d’Ustoussen op dien enger oder anerer Säit ass bal net ze verhënneren.

Kompressiounen entstinn a se hunn am kreative Prozess näischt verluer!

Wann dat sech esou weider entwéckelt, dat nächst Joer, muss ech de Kabaret an dier Form wéi en elo besteet opginn. Et geet net duer, datt et de Leit gefällt! Den Usproch ass ëmmer nach een aneren, och wann een d’Gefill huet, sech scho mat der Zoustëmmung vun de Leit zefridde kënnen ze sinn.

Mee do ass esou villes, wat doriwwer erausgeet.

De laangen Otem… Resistéieren

November 19th, 2016

D’Geschicht vum Kabaret Sténkdéier fänkt am Joer 1988 un, also viru geschwën 30 Joer… dat ass fir ee Kabaret eng richteg laang Zäit, wëll wann een iwwer esou vill Joer seng Meenung seet, da verléiert ee lues iewer sécher en Deel vu sengem Publikum, wëll een dien een oder anere getrëppelt oder widder de Kapp gestouss huet. Eis ass et selbstverständlech och esou gaangen, mee zum Gléck hu mir ëmmer nees nei Frënn fond.

Wéi ech iwwer déi lescht Wochen vill iwwer de Kabaret nogeduecht hunn, ass mir opgefall, datt een d’Geschicht vum Kabaret an dräi ënnerschiddlech Phasen opdeele kann.

Fänke mir mat der éischter Phase un: dem Ufank vun de Sténkdéieren, der Geburt, der “Entsteehung” vun der Equipe.

De Remy Kraus, den Alain Adams an ech, zesumme mat diem engen oder anere Matstreider, mir hu gesicht, wéi déi zukünfteg Kabaretsequipe da sollt ausgesinn, wéi se kéint fonktionéieren, mir hu getaascht, probéiert, gestridden… a mir hate virun allem eppes: mir haten absolut keng Ahnung.

Esou war dës Phase zwar immens kreativ, produktiv an anarchistesch, a genee esou chaotesch an opreiwend. No dräi spannende Joeren ware mir zeideg fir eng Paus, mee domat war de Grondsteen geluecht an déi éischt Phase eriwwer.

Wéi de Phönix aus den Äschen (!!!!) huet sech d’Kabaretequipe dunn 1997 nei forméiert an déi zweet Phase gouf agelaut. Si ass gekennzeechend durch ganz eng enk an intesiv Zesummenaarbecht mat Nationale Literaturzenter, dem CNL, der Maison Servais, an hierer deemooleger Direktesch Germaine Goetzinger.

Si war frou, dass mir an hierem neie Gebei, am mëttlerweil legendäre Keller, eppes produzéiert hunn, wat vill Leit ugezunn huet, de Leit hier fuschnei Institutioun méi no bruecht huet, a mir ware frou, esou ee “stylescht Doheem” fond ze hunn: eng Win-Win-Situatioun, wéi se am Buch steet.

Et war fir eis iewer och d’Zäit vum Staunen: ëmmer méi Leit hunn sech an dien enke Keller gequëtscht, ëmmer méi Virstellungen hu mir misse maachen, mir hu verlängert a verlängert an ëmmer nach stungen d’Leit virun der Dir fir eranzekommen.

A wëll et esou flott war, si mir net méi uechtert d’Land getingelt, firwat och, mir hate mam Keller vum Nationale Literaturzenter déi bescht Klengkonschtbün am Land. Datt et déi an dier Form haut net méi gëtt, ass eng Katastof a beileiwen net eis Schold.

Geprägt gouf dës Zäit vun deemools neie Leit - haut sinn et Veteranen - wéi dem Tom Kreamer, dien de Remy a mech och beim Schreiwen ënnerstëtzt huet, dem Berti Bertemes, dem Irène Zeimes, dem Misch Turpel an dem Pierre Alzin.

Demmools gouf et esou ee Moment, an diem ech glécklech war…. mir haten déi bescht Equipe, déi een sech virstelle kann, mir haten déi schéinst “Location”, de Keller, a mir haten die beschte Publikum. Esou hätt et ëmmer kënne bleiwen!

Mee op eemool koum - mir näischt dir näischt - déi drëtt Phase. Ech ging se d’Phase vum Verloscht nennen, oder … d’Phase vum Verloscht vun engem Deel vun eiser Identitéit.

An diene leschte Joeren huet de Kabaret Sténkdéier vill vun diem verluer, wat e laang ausgezeechend huet, a wat säi Publikum mat him verbonnen an un him geschätzt huet:

Op alleréischter Plaz ass dat natierlech de Remy Kraus, dien, kuerz nodeems en dat beim Ponts et Chaussées gemaach hat, och beim Kabaret Sténkdéier an d’Pensioun gung. Hie war de Mann fir alles: hien huet geschriwwen, hien huet verbessert, hien huet organiséiert, hien huet bei der Regie gehollef, war ëmmer fir jiddereen do, hi war d’Séil vun der Equipe.

Dunn hu mir eise Keller verluer. Den Direkter am CNL huet gewiesselt a mat him och d’Meenung, datt et eng gutt Saach wir, eng Kabaretseqipe am Keller ze hunn. Mir konnten eis Saache paken a si virun d’Dir gesat ginn, a mat eis och eis Spektateuren.

Dono war et um Tom Kraemer fir Äddi ze soen, e passionéierte Schreiwert an e Schwadronéierer virun eiser Här mat enger eemoleger Bünepräsenz. Spéitsdens elo huet et ugefaangen enk ze ginn.

Virdrunn hate schonns de Pierre Alzin an d’Misch Turpel hier Demissioune ginn. An elo dëst Joer och nach de Berti Bertemes, dien duerch ganz tragesch Ëmstänn net konnt mat eis op der Bün stoen.

Méi wéi eemol hunn ech mech an diene leschte Joere gefrot, ob mer net besser gehat hätten, elo opzehalen.

Nach derzou wëll d’Medien iergendsengkéier decidéiert hunn, eis royalement ze ignoréieren. Firwat, wees ech bis haut nach net…

Mir bleiwen also op d’”Mund-zu-Mund-Reklam” ugewisen, an dat ass och gutt esou… och wann déi dacks e bëssen ze lues ass, an diene chargéierte Programmer vun de Kulturheiser.

Froe muss een sech deemno, wéi laang déi Leit, déi aktuell fir de Kabaret Sténkdéier op an hannert der Bühn stinn, dat alles nach wëlle matmaachen… schließlech si mir all just Amateuren a maachen et aus Spaass un der Freed.

Mee no dier esou batterer drëtter Phase vum Verloscht gesinn ech iewer och nees Liichtpunkten!

D’Zesummenaarbecht mat de Kulturheiser, a virum allem dem Mierscher, huet de Schok nom Erausworf aus dem Keller zum Deel opgefaangen. Et ass eppes anescht… jo … mee et ass iewer gutt. Mir hunn elo mam Cube 521 e Stützpunkt am Éisleck a mam Kulturzenter beim Nëssert och een am Minette.

E weidere Liichtpunkt dann:  den Nico Dabé, dien sech zum Frontman, zu enger regelrechter Rampensau entwéckelt huet, a villes dréit, wat mir schreiwen. D’Irène Zeimes, héichflexibel a voller Energie a Präsenz, de roude Fuedem an de Programmer vun diene leschte Joeren.

Den Alain Adams, “der verlorene Sohn”, de Mann vun der éischter Stonn, dien nom Ausscheede vum Remy a vum Tom de kreative Part vum Schreiwen mat mir zesummen iwwerholl huet.