An elo musse mir “VOTEN”: de Lëtzebuerger Buchpräis fir “Roughmix”!

October 19th, 2014

Roughmix ass nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis; dat ass gutt!
Mee elo musse mir fir d’Buch stëmmen, oder “voten”, wéi et esou schéin heescht.

Hei kennt dir dat maachen.

Hei ass de Reprtage op RTL iwwer d’Buch.

Roughmix op der Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2014

October 15th, 2014

Dat war de Moien emol esou eng richteg schéin Noriicht: “Roughmix” ass ënner diene 4 leschte Bicher, déi et op d’Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepakt hunn. Doriwwer hunn ech mech zerguddst gefreet! Een décke Merci dem Jury fir dës richteg gutt intelligent (;-)) Entscheedung!

Hei weider Informatiounen iwwer de Buchpräis, d’Aart a Weis wéi Dir elo ofstëmme kënnt an all d’Bicher, déi nominéiert sinn:

D’Lëtzebuerger Bicherediteuren

RTL

Wort

Op der Lay

Roughmix-Tour V: de 24.10. zu Woltz am Prabelli

October 12th, 2014

Scho ganz vill Leit hunn d’Roughmix-Liesung gesinn. Déi zweetlescht Méiglechkeet gëtt et elo de 24.10. um 20.00 Auer zu Woltz am Prabelli. Wéi ëmmer mat dobäi: “Just Friends”, de Mulles Scholtes, de Luc Hoffmann an de Jang Steffen. Ech freeë mech!

Hei nach Infoen aus éischter Hand.

Tonight Showtime: Roughmix-Tour IV an der Staadt am Cercle Cité

October 7th, 2014

Haut den Owend nees mat “Just Friends”: Mulles Scholtes, Luc Hoffmann a Jang Steffen, dien sech extra eng Genemegung gefrot huet, fir de Gong op de 5. Stack am Cercle Cité “Salle Henri Beck” ze kréien. Lass geet et um 18.30 Auer an ech freeë mech schonn.

Informatiounen gëtt hei

Roughmix-Tour IV

October 6th, 2014

Dës Kéier an der Staadt am Cercle Cité “Salle Henri Beck” (um 5. Stack)
Dënschdes, de 7.10. um 18.30 geet de Lies-Tour weider. Zesumme mat “Just Friends” liesen ech aus Roughmix, diem neie Roman, eng Rei “Tracks” déi de Mulles Scholtes, de Luc Hoffmann an de Jang Steffen musikalesch begleeden.

Hei d’Infoen

Tonight Showtime: Liesung um Weltdag vun den Enseignanten an der Brasserie Neimënster

October 3rd, 2014

D’FGIL an de SEW/OGBL feieren den Owend um 19.00 Auer an der Brasserie Neimënster an der Staadt. Ech liesen dien een oder aneren Extrait aus dem “Zickelalarm” an e puer Tracks aus “Roughmix” vir. D’musikalesch Begleedung ass dës Kéier den Duo Paul Klein.

Hei e klengen “Zickelalarm-Extrait”

Tonight Showtime: Roughmix-Tour III zu Veinen am Ancien Cinéma

October 2nd, 2014

Haut um 19.30 Auer si mir zu Veinen mat dem Liestour aus Roughmix. De Mulles Scholtes, de Luc Hoffmann an de Jang Steffen sin “Just Friends”, an ech freeë mech besonnesch op den Extrait aus dem Buch, dien am Ancien Cinéma spillt.

Weider Infoe gëtt et hei: http://www.anciencinema.lu

Roughmix-Tour III zu Veinen am Ancien Cinéma

September 26th, 2014

Donneschdes, den 2.10. um 19.30 geet de Lies-Tour weider. Zesumme mat “Just Friends” liesen ech aus Roughmix, diem neie Roman, eng Rei “Tracks” déi de Mulles Scholtes, de Luc Hoffmann an de Jang Steffen musikalesch begleeden.

Hei Informatiounen aus éischter Hand.

Tonight showtime: Roughmix-Tour II zu Bur an der Brennerei

September 26th, 2014

Um 19.30 Auer gëtt et fir d’éischt emol eppes guddes z’iessen vum Jeanne Offermann. Dono starte mir dann d’Liesung. Dir kënnt Iech haut nach mellen ënnert vevelux@pt.lu; a weider Informatioune gëtt et hei.

Tonight showtime: Roughmix-Tour I zu Ettelbreck an der Bibliothéik

September 25th, 2014

Um 19.30 Auer liesen ech aus “Roughmix” mat der Ënnerstëtzung vun “Just Friends”. Dës Mëschung ass net ze toppen, virun allem dem Jang säi psychedeeleschen Graass-Tuute-Gong!

Hei gëtt et Informatiounen aus éischter Hand.