March 19th, 2012
De Mulles Scholtes, de Gitarrist vun de Convertibles huet sech bei mir gemelt:
“Ech sin nawell e bësse midd haut an do bass du mat dru Schold, well ech däi Buch gëschter Owend ugefang hun an nëtt méi opgehaal hu mat liesen, bis ech fäerdeg wor …
Respekt, däin Opus ass nëtt nëmme spannend mee huet och um psychologeschen, mënschlechen a soziale Plang esou munches ze soen. Trotz deene villen Zäitspréng verléiert een ni den Iwwerbléck, au contraire maachen déi verschidden Erzählebenen d’Geschicht méi lieweg an haalen de Lecteur bei der Stang. Ëtt gehéiert ausserdem zu Lëtzbuerg Courage derzou, eng Geschicht wéi déi doten mat all hieren Detailler ze veröffentlechen. Stelleweis erënnert mech däi Buch a sénger Offenheet, Thematik, Radikalitéit an Eierlechkeet un dem Michel Houellebecq séng “Particules élémentaires”. Op jidfer Fall e gelungend Buch, nëtt nëmme fir Leit an onsem Alter, mee wahrscheinlech virun allem. Ett huet mer e groe Sonnden méi schéi gemacht, an dat ass jo schons eppes wäert.
Iwreens wart wahrescheinlech elo all Typ op eng Suite, well wat mécht elo d’Isabel ??”
Merci Mulles!
Posted in Bicher | No Comments »
March 16th, 2012
D’Christiane Kremer schreift: “Muedebëtzeg heescht dat neit Buch vum Roland Meyer. Mee oppassen- déi Kéier schreift de Schoulmeeschter net fir d’Kanner, mä definitiv fir déi Erwuessen. Et sinn allerdéngs och net déi gewinnte Cabarets-Texter, mä et ass e Roman, dee sech a Lëtzebuerger Sprooch mat engem dramateschen Thema beschäftegt an erzielt wéi Mënsche mat Ausnahmesituatioune wéi der schrecklecher Krankheet „Broschtkriibs“ ëmginn, wéi se dorunner wuessen oder zerbrieche kënnen. De Roland Meyer schwätzt iwwer säi Roman „Muedebëtzeg“, awer och iwwer seng aner Wierker, iwwer d’Theaterschoul an iwwer säi Museksgrupp „Winklepickers“.”
Hei kënnt dir den Interview lauschteren
Posted in Bicher | No Comments »
March 14th, 2012
E Freideg sinn ech vun 12.00 bis 13.00 Auer beim Christiane Kremer um Radio fir iwwer dat neit Buch ze schwätzen.
Donieft plangen ech eng offiziell Virstellung zu Veianen am Ancien Cinéma. Den Datum steet nach net fest, esoubal ech do eppes méi weess, gitt dir et als éischt gewuer …
Posted in Bicher | No Comments »
March 13th, 2012
Wann ee wëllt zu eppes kommen, da muss een och eppes dofir maachen!
Dat weess och de Michele, an dofir mécht hien sech op de Wee bei den Zirkus Marconi. Well do waarden op die beschte Jongleur vun der Welt déi schéinsten, wäertvollsten an berühmste Bäll vun der Welt: I balloni luminosi.
Wéi dunn iewer grad an deem Moment, wou de Michele am Zirkus ukënnt, dës ominéis liichtend Bäll geklaut ginn, entwéckelt sech ee spannende Krimi, an deem eisen Held, méi séier wéi e kucke kann, verdächtegt gëtt, eppes mat dësem schreckleche Verbriechen ze dinn ze hunn…
I balloni luminosi: Eng rasant, opreegend, turbulent, spannend a beréierend Geschicht iwwer een, dien den Éiergäiz hat, eppes ganz Besonnesches ze erreechen an iwwer all déi Ëmweeër, déi en dofir huet misse maachen.
An zum Schluss bleift ëmmer nach d’Fro: sinn ech elo méi zefridden, sinn ech elo … glécklech?
Hei geet et op den Holzwuerm-Site
Posted in Theater | No Comments »
March 11th, 2012
Ech hat jo scho gesot, datt et bis elo fir mech net onbedingt normal war, datt ech Reaktiounen op meng Bicher an Texter vu Leit kritt hunn, déi mir hier Meenung soen, den Dicks richten, de Marsch blosen…
Zanter “Muedebëtzeg” schingt dat iewer anescht ze sinn. D’Buch beréiert vill Leit an ech kréien och eng Parti Réckmeldungen, iwwer déi ech mech immens freeën.
Esou och déi hei vum Georges Walther. Hie schreift: “Moien, Merci fir dat wonnerbaart Buch. D’Lektür dovun huet mech dozou verleed, mol rëm eng Buchkritik ze schreiwen. Dir fannt se op mengem Blog: http://wp.me/p1LxHH-dZ. Bei Interessi ass verlinken oder zitéieren ausdrécklech erlaabt. Léif Gréiss!”
Villmools merci!
Hei kënnt dir d’Kritik liesen
Posted in Bicher | No Comments »
March 11th, 2012
Ech war elo d’Susy Lentz, d’Maggy Molitor, d’Thea Engel an d’Monique Mille op Miersch kucken. De Programm huet mir “fit, sexy, jonk, propper, fundametal a musikalesch”-gutt gefall! D’Texter si vum Josiane Kartheiser, dem Maggy Molitor an dem Roland Gelhausen, d’Musik mécht d’Netty Glesener an de Conny Scheel féiert d’Regie.
Gitt onbedingt kucken! Et ass all Cent wäert! Mäin absolute Favorit: “Voll dobäi”.
Hei de Site vun de Makadammen.
Posted in Kabaret | No Comments »
March 9th, 2012
Hei de Pressetext vun der neier Revue:
“E Bistro ( de luxe oder net ), dat ass wuel Kaartespill um Stammdësch a Musek aus der Juckbox, mä virun allem ass et d’Welt vun dir a vu mir, de Biotop vun dem einfache Mann vun der Strooss – an dëst Joer och vun de Revue-Auteuren Jay ( Jay Schiltz ), Jochri ( Josy Christen ), FrankY ( Frank Kuffer ), Marquis ( Marc Weidert ), Romey ( Roland Meyer ) a Wagu ( Guy Wagner ).
E Bistrot ass eng eenzeg Sitcom…a weem sees d’et !, well um Stammdësch oder um Comptoir do begéint ee sech : no 10 Joer den Euro an de Frang, d’Asylanten an d’Marie-Josée Jacobs oder d’Staatsbeamte sëtzen zesumme beim Humpen – well hei ginn déi net bewert…
Um Stammdësch oder um Comptoir versicht de Juncker eist Geld ze retten, d’Ministere versichen hir gëllen Aueren ënnert d’Vollek ze bréngen an esouguer d’Scheichen aus den Emirate kafe ganz Lëtzebuerg op – mat oder ouni neiem Foussballs-Stadion.
Um Stammdësch oder um Comptoir gëtt den Tour de France gewonnen an nieft all deenen internationalen Deeg fanne mer och nach Plaz um Kalänner fir e Weltdag vun eisem Index, vu Bommen-Alibien no iwwer 25 Joer, vum Stater Tramm oder vun deem groussen Teppech, ënnert deem sech esou villes eremfënnt…
A wa mer dann deen Allerleschte viru Feierowend gezaapt kréien, hu mer endlech eng Medezin géint déi mënschlech Dommheet fonnt – och wann a Milliarde Joeren nach kee Kraut dergéint gewuess wor. Mä egal wéi, wetten, dass se am Joer 2030 um Stammdësch nach esou muenech aneres iwwert eis ze erziele wëssen, wat haut esouguer den Hoppen Téid emol nach guer net weess…”
Reservatiounen op www.luxembourgticket.lu oder 470895 - 1
An hei den Internetsite vum “Lëtzebuerger Theater”
Posted in Kabaret, Theater | No Comments »
March 6th, 2012
Virstellunge fir d’Schoulen:
Méindeg, de 14. Mee 2012: um 9.15 Auer an um 14.15 Auer
Dënschdeg, de 15. Mee 2012: um 9.15 Auer
Mëttwoch, de 16. Mee 2012: um 9.15 Auer
Freideg, den 18. Mee 2012: um 9.15 Auer an um 14.15 Auer
Samschdeg, den 19. Mee 2012: um 9.15 Auer
Fir jiddereen:
Samschdeg, den 19. Mee 2012: um 19.30 Auer
ëmmer zu Maarnech am Cube 521
Informatiounen a Reservatiounen um Tel.: 92 95 98 240 oder iwwer meyerr@gms.lu
Fir d‘Owesvistellung: Tel.: 521521 oder iwwer info@cube521.lu
www.holzwuerm.lu
www.cube521.lu
Posted in Theater | No Comments »
March 4th, 2012
Déi lescht Deg sinn ech e puermol gefrot ginn, wéi die stueraatzechen, direkte Guitarsound vun der neier Winklepickers-CD “Haddocks and French Kisses” zustane koum.
Ma ganz einfach: als Gitar hunn ech déi roud Tele (American Standart ‘95) an heiansdo déi wäiss Stratocaster (och American Standart ‘95) benotzt.
De Sound kënnt iewer exklusiv aus zwee Marshall-Käpp: een ‘70 JMP 100 (alles ausser zwee Lidder) an engem JCM 800. Et sinn iwwerhaapt keng Effekter benotzt ginn, just Gitar - Kabel - Amp. De Grad vun der Verzerrung kënnt iwwer d’Lautstäerkt.
Méi ass et net!
Fotoen vum Setup gëtt et hei
An hei ass de Video vun den Opnahmen
Hei kënnt dir den CD bestellen
Posted in Musik | No Comments »
February 29th, 2012
Hei bei RTL fand dir weider Infoen iwwer dat neit Buch fir “erwuesse Leit”. An et ass definitiv fir “erwuesse Leit” an dës Kéier net fir Kanner! Et heescht hei, datt et em de Broschtkriibs geet. Jo, mee net nëmmen…
Hei geet et bei RTL
Posted in Publikatiounen | 1 Comment »