Archive for the 'Kabaret' Category

Zikelalarm II … release 15.9.

Monday, September 12th, 2016

Boaw, wat waren dat zwee Joer!

Well ech esou villes, wat am Enseignement geschitt war, net méi richteg verstanen hat, deemools, virun dräi Joer, an ech mengen, dat mierkt ee ganz gutt, wann een am “Zikelalarm I” liest, sinn ech nees zréck an d’Schoul gaangen: do soll ee jo eppes léieren, am Fong, an da soll een d’Welt besser verstoen, gëtt gesot. Also am Idealfall soll dat esou sinn, esou stelle mir eis dat vir an esou hätte mir et gär, an esou wir et och ganz praktesch, och wann et an der Wierklechket seelen esou ass. Konjunktiv an Indikativ eben… déi koumen nach ni op ee gringen Zwäig.

Ech hat mech deemools, virun dräi Joer, fir ee Masterstudium op Distanz, dat sech “Schoulmanagement” nennt, zu Kaiserslautern ageschriwwen. An ech hunn och bis zum Schluss duerchgehalen, och wa vill Saachen, dei ech do geléiert hunn, mir schwéier um Mo leien. Mee duerch Reiwung entsteet Hëtzt, an d’Hëtzt ass eng Form vun Energie an esou sinn ech net onzefridden, datt ech dat Studium gemaach hunn. Allerdings huet dat Ganzt dach een navell batteren Nogeschmaach: ech hunn all déi Zäit näischt geschriwwen. Nee, dat ass falsch, ech hunn déi Zäit keng Bicher geschriwwen. Ech hunn net u Bicher geduecht, ech hu keng Iddie gesammelt an ech hunn net u Bicher geschafft, ech hat einfach keng Zäit dofir.

Wei esou dacks a mengem Liewen, grad wann eppes gutt ufänkt ze dréinen, da maachen ech eppes Anescht. An et war gutt gelaf, virun dienen dräi Joer: “Muedebëtzeg” hat 2012 de Lëtzebuerger Buchpräis kritt, “Roughmix” 2015 de Servais-Präis an “Zikelalarm I” war ee richtege Lëtzebuerger Bestseller. An dunn,… jo du koum näischt méi, ausser Klausur, Wëssenschaft, Häusaarbecht, Masteraarbecht, Bologna… een anert Liewen.

Elo mellen ech mech zréck, mat “Zikelalarm II”.

Liesungen am Fréijoer: “Zikelalarm II”, “Roughmix” a “Muedebëtzeg”

Thursday, March 17th, 2016

Hei den “Update” vun de Liesungen fir Erwuessener:

12.4.: Roughmix a Muedebëtzeg zu Betebuerg

15.4.: Roughmix a Muedebëtzeg zu Ingeldorf

21.4.: Zikelalarm II zu Ohn op der Musel

23.4.: Speeddate an der Belle-Etoile

D’Schoulliesungen sinn net hei dobei.

Am Hierscht ass da scho geplangt:

21.10.: Zikelalarm II zu Peppeng

12.12.: Zikelalarm II zu Déifferdeng

Tonight showtime: Zikelalarm II zu Käerch

Friday, March 4th, 2016

Den Owend, de 4.3. um 20.00 Auer zu Käerch: Zikelalarm II - en Dag am Liewe vun engem Enseignant.

Reservatiounen op: kulturkaerch@gmail.com

Zikelalarm II zu Käerch de 4. Mäerz

Tuesday, February 23rd, 2016

De 4. März ass um 20.00 Auer zu Käerch am Festsall Zikelalarm II, een Daaf am Liewe vun engem Enseignant…

Umelle kënnt dir iech hei an do gëtt et och Informatiounen.

… an den 20. ass de Roland Harsch do…

Tonight showtime: Zikelalarm II zu Woltz

Friday, February 19th, 2016

Den 19.2. um 19.30 Auer zu Woltz am Prabelli: Zikelalarm II vun a mam Roland Meyer.

Een Daag am Liewen vun engem Enseingnant.

“…Ah, de Wocheplang! De Wocheplang ass meng Geheimwaff, wa guer näischt méi geet!”

Tonight showtime: Zikelalarm II zu Walfer

Tuesday, February 16th, 2016

Den Owend um 20.00 Auer am Centre Prince Henri: een Daag am Liewen vun engem Enseignant.

Zikelalarm II …

D’Youtube-Filmer vum Zikelalarm II sinn elo do

Wednesday, February 3rd, 2016

Een décke Merci dem Claude Sibi Sibenaler an dem Perry Poos fir hier vill Aarbecht. Zu Miersch am Kulturhaus, den 19.1.2016 sinn d’Opnahme gemaach ginn.

Hei kënnt dir se kucken:

Zikelalarm II: De Wocheplang

Zikelalarm II: De Schraufstack, een Albdram

Zikelalarm II: De Beroder

Zikelalarm II: D’Zikelversammlung

Zikelalarm II: D’Sprangstonn

Vill Spass!

Liesungen am Februar a Mäerz …. , fir déi Grouss!

Monday, February 1st, 2016

16.2.: Zikelalarm II zu Walfer

19.2.: Zikelalarm II zu Woltz

4.3.: Zikelalarm II zu Käerch

12.3.: Muedebëtzeg a Roughmix zu Waasserbëlleg

17.3.: Zikelalarm II zu Housen (schoulintern Virstellung)

12.4.: Muedebëtzeg a Roughmix zu Betebuerg

15.4.: Muedebëtzeg a Roughmix zu Ingeldorf

12.12.: Zikelalarm II zu Déifferdeng

Hei sinn d’Liesungen fir d’Schoulen net opgefouert.

Wann dir un enger Liesung interesséiert sidd: meyerr@gms.lu

Tonight showtime: Zikelalarm II den 29.1. an der Stadt um 19.30 Auer

Friday, January 29th, 2016

Freides, den 29. Januar um 19.15 Auer am Restaurant INSIDE; 37, avenue Pasteur, Luxembourg

fgil@ats präsentéiert:

Zikelalarm II

e Liesowend vun a mam Roland Meyer

Weider Infoe gëtt et hei

Tonight showtime: Zikelalarm II zu Ierpeldeng an der Schoul um 19.30 Auer

Wednesday, January 27th, 2016

En Dag am Liewen vun engem Enseignant… dat ass de Motto vum Zikelalarm II, der kabarettistescher Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg. Vun a mam Roland Meyer.

Haut den Owend, de 27.1.2016 um 19.30 Auer geet et lass. Zu Ierledeng bei Ettelbréck an der Schoul.

Entrée 8 €/ Ierzebulli 6€

Reservéiert är Plazen iwwert lucien.weis@education.lu oder 691 687 384 bis de 24.01.2016

Den Text vum Zikelalarm I gëtt et och als Buch, ass bei Op der Lay erauskomm, an elo pünktlech an der zweeter Oplo do.