Archive for the 'Kabaret' Category

27.2. Tonight showtime: Food Leaks - Première

Monday, February 26th, 2018

Endlech!

Et ass elo Zäit ginn!

Am Nëssert um 20.00 Auer déi alleréischte Kéier, ënnert dem Motto: “Elo séngt en och nach!”

Ech freeë mech, ech sinn opgereegt, mir geet de Wapp, dat wäert scho klappen.

Hei de Menu: Cupidon en verre - Fettliewer fir Chrëschdeg? - Waarden op d’Tamara - Déi fett Joere sinn eriwwer - Dat gutt ongesond Iessen - Männersaachen - Kraaftbéier - Den Zerfall - Superfood - Filmrëss

An dat alles mat der Animation musicale vum Eros vun der Spuerkeess-Agence

Food Leaks: eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer

Thursday, February 8th, 2018

Hei déi dräi éischt Virstellungen…
27.2.: Kulturzenter beim Nëssert Biergem (Première)
1.3.: Bibliothéik Ettelbreck
9.3.: Literaresch Liesowenter zu Käerch

Wéi ëmmer esou kuerz virdrun: Tunnell!

Ass et gutt? Gefällt et? Wat man ech, wann et net ukënnt? Gëtt et e Plang B?

Am Moment hëlleft géint esou “Selbstzweifele” just: VERDRÄENGEN!

De 27. Febrar ass Première vu FOOD LEAKS

Wednesday, January 17th, 2018

Zu Biergem am Kulturzentrum beim Nëssert ass d’Première vu Food Leaks.

Dëser Deeg hunn ech nach eng Kéier die ganzen Text iwwerschafft, an ech fänken esou lues un onroueg ze ginn! Bis elo war et nach ëmmer esou wäit….

Hei fand dir all déi wichteg Informatiounen  an, natierlech, geet et em d’Iessen. Lëtzebuerg ee Vollek vun diskrete Fréisser, ech hunn dëst Vollek während engem Joer begleed, souz mat em um Dësch, doheem, am Gaart an am Restaurant…

Zu Miersch gëtt et elo keng Plaze méi … lescht Rettung: Biergem

Monday, November 20th, 2017

Haut ass Roudag!

Déi lescht Woch zu Miersch war ustrengend, méindes scho Prouf, dono all owes eng Virstellung… mee mir si méi wéi zefridden.

Déi nächst Woch bleiwe mir zu Miersch, allerdings sinn d’Virstellungen do all ausverkaaft. Wann Dir also nach keen Ticket hutt, da bleift just nach Biergem. Dohinner plënnere mir den 30. November an den 1. an 2. Dezember. Plaze gëtt nach fir déi dräi Owenter am Kulturzenter beim Nëssert …

… a bestelle kënnt Dir se hei.

“Tel Mo” kritt de Lëtzebuerger Buchpräis fir Kanner- a Jugendliteratur

Friday, November 17th, 2017

Hei meng kleng Ried, déi de Remy Kraus gëschter owend zu Walfer virgelies huet:
Villmools merci léiwe Jury!
Ech wees net, ob Dir Iech virstelle kënnt, wat fir eng Freed Dir mir elo grad an dësem Moment gemaach hutt! Ech, dien ech mech - ëmmer nach, an an éischter Linn - als Kannerbuchauteur gesinn, kréie fir eent vu menge Kannerbicher e Präis, dien net op Klicken mee op der Kompetenz vun engem Jury berout…
Ech kënnt platze vu Freed!
Och wann ech elo net hei - dat heescht do - sinn, an och wann ech dien Text hei virun e puer Deeg scho geschriwwen hun, also ier dëse - bal - schéinste Moment a mengem Liewen tatsächlech geschitt, esou fillen ech dach elo 10 Kilometer méi nördlech, am Mierscher Kulturhaus, zesumme mat de Kollege vum Kabaret Sténkdéier, d’Vibratiounen, déi vun em ausginn.
Just eppes… Dir wësst, als Kabarettist an Humanist, also als Mënsch, kritiséiert een ëmmer dat, wat een am léifsten huet a wat engem am meeschten um Häerz läit, och wann esou Kritiken net ëmmer gär gehéiert ginn, an nach manner dacks esou verstane ginn, wéi se gemengt waren, wat jo an der Natur vun hinne läit. Deemno: weist w.e.gl. méi Empathie fir d’Kanner- an d’Jugendliteratur an zielt se zum Beispill bei der Benennung vun de Kategorien vum Lëtzebuerger Buchpräis zur Literatur. Ech selwer verstinn net, firwat just Bicher fir Erwuessener als Literatur bezeechent ginn, d’Kanner- an d’Jugendbicher  iewer just ënner Kanner- a Jugendbicher fungéieren - firwat net Kanner- a Jugendliteratur … honi soit qui mal y pense!
Fir mech sinn all d’Kanner- an d’Jugendbicher op dëser Shortlist mat absoluter Sécherheet vollwäerteg Literatur!
Villmools merci de Bicherediteuren am Allgemengen an “Op der Lay” am Besonneschen, merci Doris a Gollo fir äre 24 op 24 Stonne Service! An elo kann ech endlech och vun der Geleeënheet profitéieren, mengem allerbeschte Kolleg a laangjährege Lektor Remy Kraus vu ganzem Häerze MERCI ze soen.

Plënneren - vu Maarnech op Miersch

Monday, November 13th, 2017

Méindeg, den 13.11. ass Plënnerdag. De Kabaret Sténkdéier plënnert op Miersch, an dat mat engem An dat laacht an engem dat kräischt!

Et war nämlech flott zu Maarnech am Cube, mir si gutt empfaangen an ënnerstëtzt ginn, mir hunn eis wuel gefillt an et ware ganz vill zefridde Leit kucke komm. Dat freet eis enorm.

Haut gëtt d’Bühn zu Miersch am Kulturhaus opgeriicht, den Owend eng lescht Prouf, et gëtt “ageliicht”, an dann hoffe mir, datt et zu Miersch grad esou gutt klappt wéi am Éislek. Mir si prett an d’Virstellunge si geschwënn all ausverkaf…. deemno heescht et sech bäimaachen, wann ee sech gär op Miersch an de Stau sëtze geet.

Hei gëtt et déi lescht Ticketen!

Première… alles OK!

Thursday, November 9th, 2017

Eng Première heescht et ze iwwerstoen. Mir hu se iwwerstanen, esouguer ganz gut!

Goufen et an dienen éischte Stécker nach e puer Onsécherheeten, esou huet dat sech vun der véierter Nummer u geluecht an et huet vun do un alles geklappt.

Fir haut bedeit et dann sech nach ze verbesseren, an dat ass dann och de Programm fir den Owend: net nëmmen derduerch kommen, mee et besser maachen wéi gëschter.

Villmools merci all de Leit déi gëschter do waren, et war ee flotten Owend!

Op www.stenkdeier.lu fand Dir elo och schonns e ganze Koup Fotoen vum 2017er Programm vum Claude “Sibi” Sibenaler. Wann Dir ee Moment Zäit hutt, da gitt se kucken…

Dëse Mëttwoch: Première vum 2017er-Programm STAU!

Monday, November 6th, 2017

Ee Mount Prouwen leien hannert eis, et ware keng einfach Wochen, verschidde Krankheetsfäll hu virun allem den Ufank zimlech holprech gemaach, esou datt mir net direkt de Ritmus font hunn. Elo op de leschte Meter ass et besser gaangen, den Owend éischt Prouf op der grousser Bühn, mar Generalprouf, e Mëttwoch Première.
A wéi ëmmer déi selwecht Froen, wann s de am Tunnel bass: Klappt et och dëst Joer? Gefällt et de Leit? Erreeche mir d’Leit?

E puer Plaze gëtt et nach hei!

Food Leaks - hei déi aktuell Terminer

Wednesday, October 25th, 2017

An hei déi aktuell Terminer fir d’Food Leaks:

27.02.: Nëssert Biergem
01.03.: Bibliothéik Ettelbreck
23.03.: Prabelli Woltz
24.03.: Hobscheid
03. & 04.05: Kulturhaus Miersch
08.05.: Cercle Lëtzebuerg
13.10.: Lëntgen
19.10.: Peppeng
26.11.: Differdange - Alt Stadhaus
28.11.: Kulturhaus Nideranven

Do kommen nach déi eng oder aner dobäi, an dir kënnt iech mellen, wann dir un esou enger kabarettistescher Liesung interesséiert sidd…

Food Leaks - Eng kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer:

“Du bass wat s du ëss!”, sot emol ee méi oder manner gescheite Mënsch an esou stellt sech dann och direkt folgend Fro: Ernährt sech ee Populist anescht wéi een Nationalist, ee Sozialist, ee Kommunist oder soss een Artist?

Kachkéis, Quetschentaart a Bouneschlupp fir déi Konservativ a Sushi, Tofu a Smoothy fir déi Progrssiv? Wann ëmmer alles esou einfach wir!

A wou gëtt hei am Ländchen iwwerhaapt d’Politik gemaach? Mat Sécherheet net um Krautmaart. Hei bei eis gouf, gëtt a wäert déi och ëmmer um Dësch, am Restaurant, am Bistro, op Grill-, Dëppen- an a leschter Zäit och ëmmer méi dacks op Oktoberfester gemaach ginn. Well do seet de Lëtzebuerger, wat en denkt.

Fir Iessen an Drénken ass deemno beschtens gesuergt!

Nom groussen Erfolleg vu sengen “Zikelalarm-Programmer” hëlt de Roland Meyer an enger neier kabarettistescher Liesung de Mond gehéierlech voll an zervéiert Iech e spektakuläre Menu: Fastfood, guttbiergerlech Kichen an Haute Cuisine aus engem Land, an diem Ausdréck wéi “gutt a vill” grad esou wéi “Fräibéier” nach ëmmer ee ganz besonnesche Klang hunn.

Artbox op RTL

Sunday, October 15th, 2017

An hei ass se…

Se fänkt iergendwou bei 3:30 un, a gleeft mer et, mat de Reklamen hunn ech näischt ze dinn, ech kréie kee midden Cent dofir…

Hei de Reportage, merci Patricia an Domoinique, dir hutt dat super gutt gemaach!